Geographie
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D´Geographie (griich. Γεωγραφια geographia, v. griich.: gaia = Äerd + griich. gráphein = kritzelen, schreiwen, zeechnen) ass eng vun de Geowëssenschaften. Si befaasst sech mat der Äerduewerfläch, mat de Landschaften, mat de Mënschen an och mat der materieller a geeschteger Ëmwelt vun de Mënschen. An der Geographie geet et am allgemengen em d´Welt an der mir liewen.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Geschicht
Déi éischt déi d'Geographie studéiert hunn, waren d'Griichen. Duerno koumen d'Réimer, déi mat neien Technike wéi d'Kartographie komm sinn. An Europa war während dem Mëttelalter den Interessi u geographeschen Erkenntnesser net ganz grouss bis de Marco Polo am 13. Joerhonnert a China gereest war. Am 18. Joerhonnert ass d'Geographie dunn als eegestänneg Disziplin unerkannt ginn a gouf vun do un op den Universitéite geléiert.
[Änneren] Deelgebidder
- Physesch Geographie; si beschreift d'Gestalt vun der Äerdiwwerfläch, zu hiren Deelgebidder geheieren:
- Geomorphologie
- Hydrologie
- Klimatologie
- Pedologie
- Biogeographie
- Anthropogeographie; si beschäftegt sech mam Afloss vum Mënsch op de geographechen Raum. Deelgebidder sinn:
- Kulturgeographie
- Verkéiersgeographie
- Sozialgeographie
- Bevëlkerungsgeographie
- Economiegeographie
- Mathematesch Geographie
- Geographesch Informatiouns Systemer (GIS)