Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Aktualitéit - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Aktualitéit

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.


All Dag geschéie Saachen, nei Persounen dauchen op, nei Plazen, nei Konzepter.
Mir sinn den 20. Dezember 2006, 15:28 UTC.----


[Änneren] Lëtzebuerg a Welt

[Änneren] August 2006

  • 13. August: Den David Fiegen gewënnt déi éischt Europameeschterschaft-Medail fir Lëtzebuerg. Mat enger Zäit vun 1.46:59 gewënnt hien eng Sëlwermedail am 800m hanner dem Hollänner Bram Som.

[Änneren] Juli 2006

[Änneren] Mee 2006

  • 11. Mee: Fir d'5. Kéier gëtt zu Lëtzebuerg den Girls' Day organiséiert deem säin Zil et ass, am Sënn vun der Gläichberechtegung de Meedercher méi technesch Berufer méi no ze bréngen. An Däitschland ass de Girl's Day de 27. Abrëll.
  • 10. Mee Gläich 5 gutt Neiegkeete koumen aus der an der Läscht dach staark gebeidelter lëtzebuergescher Wirtschaft. Den amerikaneschen Autozouliwwerer Delphi wäert säi Wierk zu Nidderkäerjeng awer net zoumaachen. Obwuehl Delphi ugekoennegt huet weltwäit eng Rei Wierker zou ze maachen, solle verschidden Aktivitéiten zu Lëtzebuerg ausgebaut ginn. 20 Nei Aarbechtsplaze solle sou geschaafe ginn. Wann d'WSA sech vu Beetebuerg zréckzitt waert dat eidelt Areal net laang eidel stoen. Wéi de Wirtschaftsminister Jeannot Krecké matgedeelt huet, stinn eng Partie Projeten zur Diskussioun. D'Regierung préconiséiert eng Léisung am Logistik Beraich. An och zu Jonglenster get et ee Repreneur fier eng Firma déi hier Dieren zoumecht. Wann d'Firma Clement hei demnächst d'Luuten ausmecht waert den deitschen Hela Groupe kuerz duerno an de Startlächer stoen fier se nees unzeknipsen. 30 Aarbechtsplaze si vun der Fermeture vu Clement betraff. 60 bis 70 Aarbechtsplaze sollen vun Hela nees nei geschaafe gin. 2 Entreprisen déi viru Kuerzem nach finanzielle Schwieregkeete waren, hun haut hier Bilan'en vun 2005 respektiv vum 1. Quartal 2006 präsentéiert. De Mediegrouppe Groupe Saint-Paul an den Logistikkonzern Thiel schreiwen nees schwartz Zuelen.
  • 9. Mee: De Groussherzog Henri a seng Fra sinn haut vum Poopst zu Roum an Audienz empfaange ginn.
  • 3. Mee: Ugangs des Joers ware Gerüchter an Emlaf komm no deenen d'Monopol-Geschäfter a finanzielle Schwieregkeete wieren. Nach den 18. Februar huet d'Generaldirektioun verkoennegt dat un dese Gerüchter naischt dru wier, an sie hun virun der Presse Entwarnung gin waat eventuell Entloossungen géif ugoen. Den 26. Abrëll dun ass d'Nouvelle ageschlo wéi eng Bomm. De Monopol ass um Enn an all seng 10 Geschaefter waerten nach dest Joër hier Dieren zou man. 263 Mataarbechter stin domadder virun der Dier. Haut dun sin d'Verhandlungen em een Sozialplang ugangen, an et schengt wéi wann den neien Modell vum Maintien dans l'emploi vun allen Bedeelegten géif préconiséiert gin.
  • 2. Mee: De Premier Jean-Claude Juncker huet an der Chamber seng Déclaratioun zur Lag vun der Natioun gemaach.

[Änneren] Abrëll 2006

  • 27. Abrëll: D'Luxair gouf vun 6 europäeschen Verbraucherschutzorganisatiounen zur 5. bester Fluchgesellschaft gewielt. Gefroot goufen 9.000 Fluchgäscht an ausgewert goufen 36.000 Flich vun 110 verschiddene Fluchgesellschaften. Ob Plaz 1 koum Singapore Airlines, gefollegt vun Malaysian Airlines, Qantas a Sry Lankan Airlines.
  • 16. Abrëll: De Fränk Schleck gewënnt d'Amstel Gold Race (UCI ProTour) an Holland.

[Änneren] Mäerz 2006

  • 20. Mäerz:Irak.An der Editioun vum 20. Mäerz publizéiert TIME, wéi et dozou koum datt den 19. November US-Marines, no enger Bommenattack, 15 onbewaffent irakesch Zivilleit (dorënner siwe Fraen an dräi Kanner) an hiren Haiser erschoss hunn. (http://www.time.com/time/world/printout/0,8816,1174649,00.html)
  • 19. Mäerz: Wäissrussland.Bei enger Wahlbedeelegung vun 92,6 % a Wäissrussland kritt den aktuelle President Alexander Lukaschenko no offiziellen Donnéeën 82,6 Prozent vun de Stëmmen. De SPIEGELonline schreift vu "Wahl-Farce" ", am Deutschlandradio-Kultur bezeechent den EU-Komminssiounsvizepresident Günter Verheugen Wäissrussalnd als déi "lescht wierklech Diktatur" an Europa. Den Delegatiounschef vun de 467 Wahlobservateure vun der GUS, de Wladimir Ruschailo, seet virun der Press, d'Wahle wieren no de wäissrussesche Gesetzer verlaf.
  • 17. - 19. Mäerz: Den 23e Festival des migrations des cultures et de la citoyenneté an der LuxExpo um Kierchbierg mat den Themen "Neit Gesetz zur Asylpolitik", "Illegal Immigratioun", "Wat fir eng Méiproochegkeet fir Lëtzebuerg?". Organiséiert gëtt de Festival vum CLAE.
  • 16. Mäerz: An der Chamber zu Lëtzebuerg geet Rieds iwwer d'Kooperatioun an iwwert d'Ännerung vun der Verfassung: d'Gläichsetzung vu Mann a Fra!
  • 8. Mäerz: Den Internationale Fraendag ass ouni vill Gedausch iwwert d'Bühn gaangen. D'EU appelléiert un d'Männer un deer Aktioun deelzehuele géint Zwangsprostitution während der WM-Fussballweltmeeeschterschaft, wou mat 1.000.000 den Dag un Agressiounen u Frae gerechent gëtt: Kaf vu Sex eng Mënscherechtsverletzung.

[Änneren] Februar 2006

  • 3. Februar: Honnerten Indonesier hunn haut mam Slogan "Loosst eis den däneschen Ambassadeur schluechten" déi dänesch Botschaft gestiermt an alles kuerz a kleng gehaen. Ronn 100 Poliziste stongen do fir deem Crime nozekucken ouni iergendeen ze verhaften oder anzegräifen. An der Nuecht si palästinesesch Al-Aksa-Brigaden an Hôtelen agedrongen fir no Europäer ze sichen déi ëmbruecht oder entfouert solle ginn. Hannergrond vun deene Doten as d'Verëffentlechung vu satireschen Zeechnungen iwwert de Mohammed, déi zioer vun der dänescher Zeitung Jyllands-Posten als Protest géint Selbstzensur a Beschränkung vun der Meenungsfräiheet verëffentlecht goufen, a mëttlerweil vu villen europäeschen Zeitunge solidaresch nogedréckt goufen.

[Änneren] Januar 2006

  • 27. Januar: Den indesche Milliardär Lakshmi Mittal huet haut de muere bekanntginn, datt säi Stolkonzern Mittal Steel Company wëlles huet, fir 18,6 Milliarden Euro d'Arcelor opzekafen. Mittal Steel ass am Moment a Saache Stol d'Nummer 1 op der Welt an d'Arcelor d'Nummer 2 - wann dëse feindleche Coup op der Bourse duerchgoe géif, kéint en neie Stolgigant entstoen, deem u Lëtzebuerg als Standuert a Gesellschaftssëtz net onbedingt geleeën ass. D'Lëtzebuerger Vollek erwaart elo vu senger Regierung, datt se kloer Positioun bezitt a Mossnahme géint de Verloscht vun der gréissten Entreprise aus dem Land hëllt. Obschonns se elo net déi finanziell Moyenen huet fir hir Eegebedeelegung substantiell eropzesetzen, ka se ëmmer nach op eng Ännerung vun de Statute vun der Arcelor pochen fir datt en Investor mat méi wéi 50% vun den Aktien just nëmme maximal 5% vun den Droits de Vote ausüben kann, oder se misst - grad wéi Frankräich - kuerzfristeg Gesetzer huelen déi auslännesch Investitiounen a sensibel Beräicher u bestëmmten Oploen a Garantië bënnt (z.B. Standuert a Gesellschaftssëtz op d'manst 15 Joer am Land ze loossen).
  • 16. Januar: An der Tierkei huet d'Vullegripp haut e véiert Doudesaffer gefuerdert. Op d'mannst 20 weider Persounen hu sech mam Erreger infizéiert. Et gëtt elo gefaart, datt de Virus H5N1 vun do mat Zuchvigel oder Mënschen och an Europa komme kéint.

[Änneren] November 2005

  • 27. November: Den EU-Noost-Sommet zu Barcelona, op deem haut den Owend ëm e Verhalenskodex am Kamf géint den Terrorismus riets sollt goen, steet nach viru sengem Ufank vrun engem Eklat. Déi 25 EU-Staaten hunn am Virfeld en Entworf virbereet, an deem all terroristesch Gewalt veruerteelt gëtt - doropshin hu bal all arabesch Staatscheffen hir Participatioun um Sommet ofgesot, well fir si esou eng Erklärung net a Fro kënnt, vu datt se d'Legitimitéit vun Terrorakte géint eng "Besatzungsmuecht" net ausdrécklech erlaabt. De lëtzebuergeschen Ausseminister huet doropshin direkt Dialogbereetschaft vun EU-Säit signaliséiert an op der Antenn vun RTL 92,5 verlaude gelooss, an deem Kontext missten déi lëtzebuergesch Medien an d'Educatioun elo déi arabesch Staate net méi esou dacks mat Terrorismus a Verbindung bréngen, mee vill méi d'Gemeinsamkeete mat deene Vëlker ënnersträichen.
  • 11. November: D'Affär "Bommeleeër" kritt en neit Kapitel ugehaangen. Nodeems datt eng Groupe de recherche 20 Joer laang dermat beschäftegt war fir d'Affär opzeklären, mee nach ëmmer keng Resultater un d'Ëffentlechkeet bruet huet, bréngen Aussoe vu Leit an enger Fernsehreportage zum Thema d'Affär nees a Bewegung. Ënner anere mellt sech och e Mann zu Wuert, dee wëll just virum Attentat bei den ILS-Anlagen um Findel eng Persoun aus dem ëffentleche Liewe gesinn an erkannt huet, mee deen, nodeems datt en dat der Force publique matgedeelt hat, vun der Sûreté soll nogeluecht kritt huet, deen Numm ni ëffentlech ze soen. Zwee Deeg nodeems déi Reportage ze gesi war schalt sech de Premier Jean-Claude Juncker an, deen d'Opléisung vun dësem Fall zur Chefsaach maache wëll an dem Zeien aus der Reportage ubitt, ënner véier Ae mat him ze schwätzen. Deemno: affaire à suivre.
  • 7. November: De Bilan vun den Onrouen iwwerall am Frankräich, déi zënter dem 27. Oktober undaueren, ass erschreckend. Méi wéi 4.700 Autoe goufe bis elo a Brand gestach, zwou Kierchen, eng sëlleche Geschäfter an ëffentlech Gebaier sinn a Flamen opgaangen, op zwee Poliziste gouf mat Schrout geschoss, e klenge Bëbee vun 13 Méint krut e Steen op de Kapp, e Siechzegjäregen deen e Brand läsche wollt gouf doudgeschloen, eng Behënnert Fra gouf mat Benzin iwwergoss an ugestach, asw. Déi jugendlech Randaléirer sinn zum gréissten Deel Immigranten aus de Virstied, déi e Privatkrich mat der Police ugefaangen hunn, nodeems datt zwee Jonker aus hire Reie sich virun enger Routine-Policekontroll wollte verstoppen, dëst ausgerechent an engem Transformatorhaisschen, wou se natierlech duerch eege Schold un engem Stroumschlag ëmkoumen.

[Änneren] Oktober 2005

  • 10. Oktober: An der Tierkei si Fäll vun der asiatescher Vullegripp bekannt ginn.
  • 8. Oktober: A Südasien war en Äerdbiewe vun der Stäerkt 7,6 op der Richterskala. Betraff waren den Norde vun Afghanistan, Pakistan an Indien. Den Epizentrum vum Biewe louch an der Region Kaschmir, nordëstlech vun der pakistanescher Haaptstad Islamabad. Eleng a Pakistan sollen 30.000 Mënschen ëm d'Liewe komm a 40.000 verletzt gi sinn.

[Änneren] September 2005

  • 23. September: Mat engem Gratis-Concert vu The Prodigy a 5.000 Nolauschterer ass op den Industriebroochen zu Esch/Belval offiziell d'Rockhal ageweit ginn. Éiregäscht waren de Groussherzog Henri an d'Groussherzogin Maria Teresa.
  • 12. September: No 38 Joer Besatzung zitt Israel dee leschten Zaldot vu senger Arméi aus der Gaza-Sträif zréck. Fanatesch Palästinenser stiermen déi eidel Synagogen a setzen zwee Gebaier a Brand.
  • 8. September: Den ukrainesche President Wiktor Juschtschenko huet no nëmmen engem dräivéirel Joer seng gesamt Regierung entlooss. Ausléiser war de Récktrëtt vu sengem Stabschef Oleksandr Sintschenko, deen d'Quittung ass fir déi manifest Spléckung vum Juschtschenko senger Equipe an d'Lager vum Chef vum Nationale Sécherheets- a Verteedegungsrot Pjotr Poroschenko, deen eng presidial Administratioun parallel zur Regierung opgebaut hat, an dat vun der éiergäizeger Ministerpresidentin Julija Tymoschenko. De Gouverneur vun der Regioun Dnepropetrowsk, de Juri Jechanurow, soll elo als Interims-Ministerpresident eng nei Regierung op d'Bee stellen.

[Änneren] August 2005

  • 29. August: Den Hurrikan Katrina huet New Orleans am US-Bundesstaat Louisiana erreecht. Well Däicher gebrach si gouf d'Stad deelweis iwwerflut. De Schued gëtt op méi wéi 100 Milliarden Euro chiffréiert.

[Änneren] Juli 2005

  • 26. Juli: D'NASA huet no enger Paus vu méi wéi zwee Joer d'Spaceshuttle-Flig mam Start vun der Raumfär Discovery erëm opgehol. D'Discovery ass um um 16.39 fir d'Missioun STS-114 opgebrach.
  • 24. Juli: De Lance Armstrong gewënnt säi 7. konsekutiven Tour de France-Titel a stellt domat en neie Rekord op.
  • 23. Juli: Weider Bommenexplosiounen zu Sharm el-Sheikh, mindestens 88 Leit loossen dobäi hiert Liewen.
  • 10. Juli: An engem Referendum hu 56,52% vun de Lëtzebuerger Wieler fir den Traité iwwert eng Constitutioun fir Europa gestëmmt.
  • 7. Juli: Zu London koum et bannent e puer Sekonnen zu véier Bommenexplosiounen a Metroszich an engem Doppeldeckerbus. Op d'mannst 49 Mënschen si bäi deer Terrorattack ëm d'Liewe komm a ronn 700 goufe blesséiert. Et gëtt dovun ausgaang, datt d'Attentat op eng bis ewell nach net identifizéiert islamistesch Grupp zeréckgeet.

[Änneren] Juni 2005

  • 23. Juni: De Gilles Muller gewënnt an der zweeter Ronn zu Wimbledon, England, géint den drëtten an der ATP-Weltranglëscht, de Spuenier Rafael Nadal (6:4; 4:6; 6:3; 6:4).

[Änneren] Abrëll 2005

[Änneren] Februar 2005

  • 9. Februar: Nordkorea gesteet fir d'alleréischt offiziell de Besëtz vun Atomwaffen an.

[Änneren] Januar 2005

[Änneren] Dezember 2004

  • 26. Dezember: Séibiewen am Indeschen Ozean an Tsunami-Flutwell. Grousse Schued an ëm déi 290.000 Doudeger an de Küsteregiounen am Golf vu Bengalen, Südasien an Südostasien.

[Änneren] November 2004

  • 22. November: An der Ukraine ass dem offizielle Resultat vun der Stëchwal vum Dag virdrun no de Wiktor Janukowytsch zum neie President gewielt ginn. D'Opposition schwätzt awer vu massivem Walbetrug a fuerdert Neiwalen. Méi wéi 100.000 Leit demonstréieren zu Kiew an et kënnt zur sougenannter Oranger Revolutioun, engem friddleche Protest géint d'Walfälschungen, dee sech iwwert e puer Wochen hinzitt.
  • 11. November: De Jassir Arafat stierft zu Clamart, Frankräich.
  • 2. November: Bäi de Presidentschaftswalen an den USA gewënnt de Republikaner George W. Bush ganz knapps géint den Demokrat John F. Kerry a wäert domadder och fir déi nächste véier Joer de Presidenteposte behalen.

[Änneren] August 2004

[Änneren] Juni 2004

  • 28. Juni: Den Irak kritt seng Souveränitéit nees zeréck a ka sech, mat Aschränkungen, erëm selwer verwalten. D'Truppen an d'Logistik vun den USA an deenen anere Besatzungsmiecht sollen awer an enger Stäerkt vun ongeféier 150.000 Soldaten fir déi nächst 1-2 Joer am Irak stationéiert bleiwen.

[Änneren] Mee 2004

1. Mee: D'Europäesch Unioun gëtt ëm zéng nei Memberstaten erweidert: Estland, Lettland, Litauen, Malta, Polen, Slowakei, Slowenien, Tschechien, Ungarn an Zypern.

[Änneren] Mäerz 2004

[Änneren] Extern Aktualitéitssäiten

[Änneren] Archiv

Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com