Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Griichesch - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Griichesch

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Griichesch ass eng indoeuropäesch Sprooch, déi zur Grupp vun de Kentum-Sprooche gehéiert an eng eenzel Branche an dëser Sproochefamill duerstellt. Griichesch gëtt vun ca. zwielef Millioune Leit als Mammesprooch geschwat, vun deenen ca. 9,9 Milliounen a Griicheland liewen. Déi aner sinn a 35 Länner verdeelt. Op Zypern ass Griichesch, nieft dem Tierkeschen och eng offiziell Sprooch.

Inhaltsverzeechnes

[Änneren] Geschicht

Déi eelste schrëftlech Zeie vun der Sprooch si mykenesch Texter an der Linearschrëft B. Während der klassescher Zäit gëtt et schonn eng jett Dialekter, zu de wichtegsten zielen d'Attesch-Ionescht (wat hautdesdaags an de Schoulen als "Aalgriichesch" geléiert gëtt), d'Dorescht-Nordwestgriichescht, d'Aeolescht, an d'Arkadesch-Kyprescht.

D'politesch, wirtschaftlech a kulturell Positioun vun Athen am 5. Joerhonnert v. Chr. hunn deen do geschwaten atteschen Dialekt zur iwwerregionaler Allgemengsprooch (Koinè) gi gelooss. Duerch d'Eruewerunge vum Alexander de Groussen am 4. Joerhonnert v. Chr. gouf et zu enger Weltsprooch an Lingua franca. Och am Réimesche Räich blouf Griichesch nieft Latäin eng Amtssprooch. Den Afloss vu Friemsproochen huet ëmmer erëm zu Beméiunge gefouert, d'griichesch Sprooch ze botzen a sech op d'klassescht Attesch ze baséieren. Esoueng "gebotzte" Versioun gouf e puer Joerhonnerte méi spéit zur Amts- a Literatursprooch vum Byzantinesche Räich.

Während der Besatzung duerch d'Osmanescht Räich wor d'Ënnerriichte vu Griichesch offiziell verbueden. Allerdéngs huet d'Sprooch weidergelieft, am Alldag vun de Griichen, a bei de Paschtéier, déi et trotzdem heemlech geléiert hunn. D'Sprooch huet sech awer während dëser Zäit staark verännert. No der moderner Staatsfondatioun gouf d'Katharevousa (καθαρευουσα = Reng Sprooch) offiziell Sprooch, eng Konschtsprooch, déi awer de Wuertschaz vum Attesche konservéiert hat, mee neigriichesch grammatesch Strukturen hat. Eréischt 1976 gouf d'Vollekssprooch ("Dimotiki", gr. δημοτικη) definitiv zur Sprooch vun der Verwaltung an der Wëssenschaft.

Am Laf vun de Joerdausenden huet d'Griichesch Sprooch vill Verännerungen an der Aussprooch matgemaach, d'Orthographie ass awer zum groussen Deel konstant bliwwen. Dëst ass ënner anerem op déi sélleche "Botzaktiounen" zeréckzeféieren. Déi an hellenistescher Zäit agefouert Accente goufen nach bis viru kuerzem benotzt. Duerch en Dekret vum griichesche President vum 29. Abrëll 1982 goufen den accent grave, den accent circonflexe, den Spiritus asper an den Spiritus lenis ofgeschaaft. Am Neigriichesche gëtt et hautdesdaags nëmmen nach den accent aigu, deen déi betounte Silb markéiert.

D'griichesch Sprooch a Schrëft haten e groussen Afloss op Europa: d'laténgescht genee sou wéi d'kyrillescht Alphabet goufen op der Basis vum griicheschen Alphabet entwéckelt, an a villen europäesche Sprooche fënnt een nach d'Wuerzele vu griichesche Wierder.

[Änneren] Linken

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck

Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com