Wikipedia:De Stamminet
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Stamminet ass eng Plaz fir sech ze entspanen, Froe kënnen ze stellen an sech iwwert de Projet ze renseignéieren. Regelen
Fir datt de Stamminet propper bleift, muss jidderee mathëllefen. Dofir biede mir iech:
|
[Änneren] Forum.lu
Ech hunn elo grad zoufälleg gesinn, datt d'Zäitschrëft forum hir eeler Nummere komplett a PDF online gesat huet. Eng Minn fir thematesch Informatiounen iwwer kulturell, sozial, politesch an historesch Themen aus Lëtzebuerg.
Wie sech inspiréiere loosse wëllt: www.forum.lu.
--Zinneke 17:34, 13 Dezember 2006 (UTC)
PS: Sécher interssant wier zB en Artikel iwwert dee soi-disant "Putsch" vun 1946? E ganzen Dossier läit parat: http://www.forum.lu/bibliothek/ausgaben/inhalt/?ausgabe=247 Avis aux amateurs! (Zinneke)
-
-
- Dat ass natierlech e kolossal wichtegt Thema! Et gëtt jo och dem "Kochen Heng" (deen huet nach ëmmer keen Artikel hei !!!!) säi Bichelchen iwwer de "Putsch". Zënter iwwer engem Joer denken ech un dat Thema (Ech weess, ech weess ...) De forum hat och en Dossier (an zwee Hefter) iwwer d'Psychiatrie zu Lëtzebuerg. asw. --Cornischong 23:36, 13 Dezember 2006 (UTC)
-
-
-
-
- Ech ginn dervun aus du mengs den Henri Koch-Kent (wier jo logesch mam Buch), nët ze verwiesselen mat engem aaneren Henri Koch (Schoul Direkter oder esou, e puer Joer virum Koch-Kent gestuerwen).--Caranorn 12:31, 14 Dezember 2006 (UTC)
- Den Henri Koch-Kent, ganz richteg :-) --Cornischong 12:36, 14 Dezember 2006 (UTC)
-
-