Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Franséisch Revolutioun - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Franséisch Revolutioun

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Opgepasst: Un dësem Artikel gëtt grad geschafft. Fir Versiounskonflikter ze vermeiden, waart w.e.g. mat ären Ännerunge bis dëse Message verschwonnen ass, oder kontaktéiert de Benotzer (Briséis), dee grad dru schafft.
Eugène Delacroix, La liberté guidant le peuple, 1833
Vergréisseren
Eugène Delacroix, La liberté guidant le peuple, 1833

D'Franséisch Revolutioun beschreift eng Period a Frankräich vu 1789 (Stuerm op d'Bastille) bis 1799 (Coup d'État vum 18. an 19. Brumaire) an deeër d'Monarchie oofgeschaf an eng Republik installéiert ginn ass. An der franséischer Historiographie ass d'Revolutioun d'Trennungslinn tëschent Neizäit (« époque moderne ») an Zäitgeschicht (« époque contemporaine ») an ass domadder eng vun de wichtegsten Zäsure vun der europäescher Geschichtsschreiwung.

Fir d'éischte Kéier an der europäescher Geschicht, zënter der Antikitéit, gouf de Prinzip selwer vun engem monarchistesche Regime iwwerworf. Bei der englescher Revolutioun (Cromwell) wor et alleng ëm d'Persoun vum Kinnek gaang, an net ëm de Regime an sech. De groussen Impakt vun der Franséischer Revolutioun kënnt och duerch d'Kricher déi e groussen Deel vun Europa betraff hunn, der Grënnung vu Schwëster-Republiken. Duerch d'Revolutioun goufen och vill Iddië vun de Lumières a ganz Europa verbreed.

D'Franséisch Revolutioun markéiert d'Enn vum Ancien Régime an engem Land, wat bis dohinner fir seng absolutistesch Kinneke berühmt war (virun allem de Louis XIV.).

Nach haut ass d'Franséisch Revolutioun en Thema wat ënner Historiker ëmstridden ass, net zulescht wéinst de Grausamkeete vun der Terreur an dem Wee deen si ageschloen huet.

Inhaltsverzeechnes

[Änneren] Ursaache vun der Revolutioun

D'Franséisch Revolutioun ass e komplizéiert Thema a sou sinn et och d'Ursaachen déi derzou gefouert hunn, dass e Vollek sech komplett géint de Prinzip vun engem monarchistesche Regime gestallt huet. Verschidden Ursaache wore scho säit enger Zäitchen amgaangen ze kachen, bis et 1789 entgülteg zu engem Eklat koum. Déi wichtegst Grënn wéi et derzou komm ass, si folgend:

  • Wirtschaftskris: 1789 stoung de franséische Staat kuerz virun engem Bankrott. D'Kricher am 18. Joerhonnert (virun allem d'franséisch Hëllef am Amerikaneschen Onofhängegkeetskrich) haten der Staatskeess immens geschued. De Steiersystem war veraalt, a vun der wichtegster Steier, der Taille war nëmmen den Drëtte Stand betraff. Reformversich, wéi zum Beispill de Vingtième sinn op eng staark Oppositioun gestouss a woren ëmsoss.
  • Agrarkris: Immens schlecht Recolten am Joer 1788 an e schwéiere Wanter hunn zu enger drastescher Erhéigung vun de Präisser (virun allem beim Brout) gefouert. D'Liewensmëttelpräisser sinn deelweis bis zu 60% geklommen, d'Akommes vun de Leit allerdéngs net.
  • Gesellschaftskris: D'Stänneruerdnung vum Ancien Régime (Adel, Klerus, Drëtte Stand) gouf ëmmer méi a Fro gestallt.
  • Autoritéitskris: D'Iddië vun de Lumières hunn d'absolutistesch Monarchie kritiséiert an d'Prinzipië vu Fräiheet (« liberté ») a Gläichheet (« égalité ») héichgehalen.


  Kuckt och den Artikel Ursaache vun der Franséischer Revolutiound'Artikelen [[{{{2}}}]] an [[{{{3}}}]]d'Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] an [[{{{6}}}]]d'Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] an [[{{{10}}}]]. 

[Änneren] Präludium fir eng Revolutioun

[Änneren] D'Aberuffung vun de Generalstänn 1788 - Mee 1789

Den 13. Juli 1787, no der Versammlung vun de Generalstänn vum Dauphiné, hunn d'Parlament an den Adel vum Kinnek verlaang, datt hien d'Generalstänn zu Vizille zesummeruffe soll. Den 18. Dezember 1787 huet de Louis XVI. versprach, d'Generalstänn bannent fënnef Joer zesummenzeruffen.

1788 koum et zu der « Journée des tuiles » zu Grenobel. D'Protestatioune vun de Famillen, déi vun der Wirtschaftskris betraff waren, waren zënter Mee ëmmer méi heefeg ginn, an d'Garnisoun huet de 7. Juni missen agräifen. Dës Garnisoun gouf vun den Awunner vu Grenobel mat Zillen empfaangen, déi si vun den Diecher vun hiren Haiser erofgehäit hunn. No der « journée des tuiles » huet sech eng Versammlung vun den dräi Stänn (Adel, Klerus, Drëtte Stand) am Schlass vu Vizille zesummefonnt, an huet e Steierstreik decidéiert, bis de Kinnek d'Generalstänn vun de Provënze ging aruffen, fir iwwert d'Steieren ze debattéieren.

Étienne-Charles de Loménie de Brienne
Étienne-Charles de Loménie de Brienne

Nom Echec vum Brienne, Kontroller vun de Finanzen, de 25. August 1788, a mam Zeréckkomme vum Necker a senger Plaz, huet de Louis XVI. am August 1788 noginn.

D'Perspektiv vun de Generalstänn huet den Interessekonflikt tëschent dem Adel an dem Drëtte Stand nei entfaacht. D'Gesellschaft huet sech zënter 1614 (lescht Generalstänn) geännert. De Klerus an den Adel representéieren zesumme knapp 2% vun der Bevëlkerung. Vill Membere vum Biergertum hunn an de Generalstänn eng Hoffnung gesinn, fir u méi Muecht a Matsproocherecht ze kommen.

Nom Modell vu 1614 ginn d'Generalstänn aus der selwechter Unzuel fir all Stand zesummegesat. Den Drëtte Stand huet eng duebel Representatioun, déi en an de Versammlungen an der Provënce schonns hat, gefuedert. Eng zweet Notabeleversammlung, déi den Necker de 6. Dezember 1788 aberuff huet, war dergéint.

E kinneklechen Dekret vum 27. November 1788 huet festgehalen, datt d'Generalstänn sech aus opmannst dausend Deputéierte sollen zesumme setzen, wat eigentlech d'duebel Representatioun garantéiert huet. Ausserdem konnte Protestanten Deputéierte vum Drëtte Stand sinn. Laut dem franséischen Historiker François Mignet, « la délégation de la noblesse comprenait deux cent quarante-deux aristocrates et vingt-huit membres du Parlement ; celle du clergé, quarante-huit archevêques ou évêques, trente-cinq abbés ou doyens, et deux cent huit curés; et celle du Tiers-État, deux ecclésiastiques, douze nobles, dix-huit magistrats des villes, deux cent membres de comtés, deux cent douze avocats, seize physiciens, et deux cent seize marchands et paysans. »

Gesellschaften hunn ugefaange sech ze forméieren, wéi zum Beispill d'Société des amis de la Constitution zu Versailles am Abrëll 1789.

De 5. Mee 1789 sinn zu Versailles d'Generalstänn opgaangen.

  Kuckt och den Artikel Generalstänn vu 1789d'Artikelen [[{{{2}}}]] an [[{{{3}}}]]d'Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] an [[{{{6}}}]]d'Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] an [[{{{10}}}]]. 

[Änneren] D'Generalstänn an d'Assemblée constituante (5. Mee - 17. Juni 1789)

Wéi sech d'Generalstänn de 5. Mee 1789 zu Versailles am Kader vu ville Festivitéiten zesummefonnt hunn, hu vill Membere vum Drëtte Stand de Fait vun der duebler Representatioun schonn als eng Revolutioun ugesinn, déi friddlech op en Enn gaange war. Well sech allerdéngs streng un d'Etiquette vu 1614 gehale gouf, mat de kinneklechen Insignie vum Klerus a vum Adel, dem Placement vun den dräi Stänn no engem ale Protokoll, huet alles drop higewisen, datt eigentlech nach näischt eriwwer ass.

Wéi de Louis XVI. an de Barentin (Garde des Sceaux) sech un d'Deputéiert de 6. Mee adresséiert hunn, ass dem Drëtte Stand kloer ginn, datt d'kinneklecht Dekret iwwert d'duebel Representatioun eigentlech eng Farce war. Natierlech hate si méi Representante wéi déi zwee aner Stänn zesummen, mee gewielt gouf no Stand: déi 578 Representante vum Drëtte Stand hu gemierkt, datt hire Vote genau esou an d'Gewiicht gefall ass, wéi dee vun den zwéin anere Stänn.

[Änneren] D'Assemblée constituante an de Stuerm op d'Bastille (17. Juni - 14. Juli 1789)

Jean-Pierre Louis Laurent Houel, La prise de la Bastille, 1789.
Vergréisseren
Jean-Pierre Louis Laurent Houel, La prise de la Bastille, 1789.

Den 20. Juni 1789 gouf duerch de Ballhausschwur d'Assemblée nationale constituante an d'Liewe geruff. Dësen Akt wor e Symbol fir d'Muechtergräifung am Numm vum Vollek. Mam Enn vun der absoluter Muecht vum Louis XVI. hëllt d'Revolutioun hire Laf.

An dësem revolutionnäre Kontext stellt de Stuerm op d'Bastille de 14. Juli 1789 eng Attack géint d'arbiträr Muecht vum Kinnek duer. Op der Sich no Waffe hunn d'Paräisser fir d'éischt den Hôtel des Invalides geplëmmt. No engem Kampf vu véier Stonne konnte si d'Bastille anhuelen, an hunn de Gouverneur vum Prisong, de Marquis Bernard de Launay, ëmbruecht. Et goufen nëmmen eng handvoll Prisonnéier befreit, méi woren der net méi am Prisong - déi aner Gefaange ware scho virdrun an en anere Prisong transferéiert ginn. D'Bastille gouf doropshinn zerstéiert, sou wéi den Ancien Régime an der Nuecht vum 4. August 1789 ofgeschaf ginn ass. D'Gebai gouf ausernee geholl an all Steen sollt eng Miniatur vun der Bastille representéieren, dës Stäng goufen a ganz Frankräich verbreed. D'Manifestante sinn duerno zeréck bei den Hôtel de Ville gaangen, an hunn de Prévôt vun den Händler, de Jacques de Flesselles, der Trahisoun beschëllegt. Um Wee fir bei e publike Prozess am Palais-Royal gouf hien ëmbruecht. Säi Kapp gouf zesumme mat deem vum Launay duerch Paräis gefouert a gewisen.

De Louis XVI. huet dem Drock vun de Paräisser noginn an en Dag drop huet hien d'Truppen, déi ronderëm Paräis stungen, zeréckgeruff. Ausserdem gouf den Necker nees agestallt, souwéi och aner Ministeren, déi de Kinnek erausgehäit hat.

  Kuckt och den Artikel Stuerm op d'Bastilled'Artikelen [[{{{2}}}]] an [[{{{3}}}]]d'Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] an [[{{{6}}}]]d'Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] an [[{{{10}}}]]. 

[Änneren] D'Enn vum Ancien Régime

[Änneren] D'Zerstéierung vum traditionelle System

Frankräich sou wéi een et am Ancien Régime kannt huet, hat eng speziell sozial a juristesch Struktur, déi op de Stänn an de Kierperschafte bestanen huet (Parlament, Beruffskierperschaft, Stied, etc.)

D'Constituants wollten d'Vergaangenheet zerstéieren an e komplett neie politeschen a soziale Staatsystem op d'Bee stellen, dee sech un der Philosophie vun de Lumières orientéiere sollt, déi besot huet, datt de politesche System op den Eenzelpersoune baséiert, déi gläich sinn an déi zesummen de generelle Wëllen ausdrécken. A souengem System ass natierlech keng Plaz fir eenzel Kierperschaften.

[Änneren] D'Ofschafe vun de feudale Rechter

D'feudal Rechter (fr. droits seigneuriaux) goufe staark a Fro gestallt, si goufen als staatlech Usurpatioun ugesinn a woren net kompatibel mat de Prinzipie vum "Naturrecht": Fräiheet a Gläichheet (liberté et égalité). Dëse System gouf virun allem vun der Landbevëlkerung kritiséiert, déi en am meeschten ze spire krut.

D'Bewegungen, déi sech am Laf vum Fréijoer a Summer 1789 forméiert hunn, hu speziell dës Rechter ugegraff. An dëser Ambiance hunn d'Deputéierte vun der Assemblée sech dëser Fro ugeholl. Si haten Angscht iwwerlaf ze ginn, an hu probéiert, d'Gewalt ze verhënneren, a sech selwer ëm den Droit ze këmmeren.

An der Nuecht vum 4. August 1789 huet d'Assemblée constituante de Feudalismus zerstéiert.

L'Assemblée nationale détruit entièrement le régime féodal. Elle décrète que, dans les droits et les devoirs tant féodaux que censuels, ceux qui tiennent à la main-morte réelle ou personnelle, et à la servitude personnelle, et ceux qui les représentent, sont abolis sans indemnité [...] (Art. 1 vum Décret relatif à l'abolition des privilèges)

Den Adel an de Klerus mussen also hir Rechter oftrieden, entweder aus Iwwerzeegung, oder aus Resignatioun. Fir dëst Wierk konkret duerchzeféieren huet d'Assemblée eng speziell Kommissioun an d'Liewe geruff, de « Comité des Droits féodaux », deem säi Rapport en Dekret vum 15. Mäerz 1790 inspiréiert huet, deen en nuancéierte Régime etabléiert huet, a versicht huet, op déi verschidden Interessen anzegoen.

Direkt an ouni Schuedensersaz ofgeschaf goufen all d'feudal Rechter, déi géint d'Souveränitéit vum Staat oder dem Natierleche Recht vum Mënsch gaange sinn (si goufe « cause injuste » genannt), d'Justiz vun de Grondhären, d'Leifeegeschaft, d'Banalitéiten, d'Privilegië vum Adel (zum Beispill d'Recht op d'Juegd), d'Adelstitelen, d'Dîme, d'Wopen.

D'Landbevëlkerung hat och erwaart, dat déi Rechter, déi reng feudal waren (Konterpartie fir d'Concessioun vun engem Stéck Land), mat géifen ofgeschaf ginn. Dës Rechter goufen awer bäibehalen, bis een se selwer opkafe konnt. De Präis wor ongeféier zwanzeg mol d'Joeresredevance. Dës Suppressioun gouf vun der Landbevëlkerung schlecht opgeholl. An dene Regioune, wou d'Feudalrechter nach zimlech staark waren (Norden, Osten a Paräis) koum et zu Opstänn an d'Baueren hu refuséiert ze bezuelen.

D'Deputéierte kruten et mat der Angscht ze dinn, an hunn eng Taktik ugewand, déi favorabel fir d'Biergertum war. A Wierklechkeet gouf de Feudalismus eréischt ënnert der Convention montagnarde mam Gesetz vum 17. Juli 1793 a senger Totalitéit ofgeschaf.

[Änneren] D'Zerstéierung vum Klerus

Viru 1789 war de Klerus eng Gesellschaft fir sech, déi enk mam Pouvoir verbonne war.

D'Logik vun der politescher Revolutioun an den extreme Gallicanismus hunn zu Konsequenze gefouert, déi radikal waren, an déi kee virausgesinn hat.

De Katholizismus (mat sengem kanounesche Recht a sengem Dogma) gouf baussent dem Staat gesat, dat heescht d'Bezéiungen tëscht Kierch a Staat goufen a Fro gestallt, an d'Kierch gouf laïziséiert, andeems de Prinzip applizéiert gouf, dass nëmmen den nationale Wëlle Gesetzer schafe kann.

D'Texter vum August 1789 hunn d'Privilegien opgeléist, an de Klerus sollt als Kierperschaft vum publike Recht verschwannen.

Ausserdem huet d'Deklaratioun vun de Mënschen- a Biergerrechter d'Geeschtesfräiheet unerkannt, wat déi dominant Situatioun vum Katholizismus zerstéiert huet.

Materiell gesinn gouf beim Klerus och richteg opgeraumt, fir seng Muecht ze verklengeren: De Besëtz vun der Kierch wor grouss (ongeféier 15% vun de Lännereie vu Frankräich) an huet eng Méiglechkeet fir de Staat gebueden, deen déif verschold war: de Besëtz vun der Kierch gouf konfiskéiert an zum Verkaf fräiginn. De Charles Maurice de Talleyrand-Périgord, Bëschof um Enn vum Ancien Régime an délégué général vum Klerus um Haff (eng wichteg Fonktioun) huet der Assemblée den « transfert à la Nation des biens de l’Église, à charge pour la Nation d’assurer la rémunération des cultes et d’assurer les divers services sociaux pris en charge avant par l’Église » virgeschloen . Obschonns Argumenter fir de Klerus developpéiert goufen, bei dene sech virun allem op d'Recht op Besëtztum beruff gouf, huet d'Assemblée nationale d'Nationalisatioun vum Besëtz vum Klerus den 2. November 1789 beschloss.

Vum Fréijoer 1790 u gouf de Besëtz verkaf. Aus politescher Siicht wor d'Operatioun gelongen, d'Bierger hu massive Besëtz vum Klerus kaf - virun allem Lännereien - an andeems sie kaf hunn, hunn si sech un d'Revolutioun gebonnen.

Aus der Siicht vun de publike Finanze wor et allerdéngs kee wierklechen Erfolleg, well d'Assemblée de Keefer ganz favorabel Konditioune beim Kaf ugebueden huet. D'Assemblée huet versicht, hirem Akommes viraus ze sinn, an huet sougenannten Assignats erausginn. Dës Emissioun war ganz inflationnistesch an den Assignat huet tëscht 1789 a 1796 97 % vu sengem Wäert verluer.

An e puer Méint hat de Klerus säi Statut, seng Organisatioun a säi Patrimoine verluer.

[Änneren] D'Ofschafe vun den territoriale Privilegien

[Änneren] D'Enn vun de Beruffskierperschaften

[Änneren] D'Assemblée constituante an hir Folgen (1789-1791)

[Änneren] D'Assemblée législative an de Stuerz vun der Monarchie (1791-1792)

[Änneren] Revolutionär Diktatur (1792-1795)

[Änneren] Richtung Convention

[Änneren] D'Prinzipië vun revolutionnäre Gouvernement

[Änneren] Zentral Organer vum revolutionnäre Gouvernement

[Änneren] Justiz vun der Revolutioun

[Änneren] D'Paräisser Commune vu 1792

[Änneren] D'Convention (20. September 1792 - 26. Oktober 1795)

[Änneren] Den Directoire (1795 - 1799)

Napoléon Bonaparte, Éischte Konsul
Vergréisseren
Napoléon Bonaparte, Éischte Konsul

Fir de revolutionnäre Kalenner huet den Directoire vum 4. Vendémiaire Joer IV bis den 18. Brumaire Joer VIII gedauert.

Fir d'éischte Kéier a Frankräich war d'Legislativ an den Hänn vun engem Parlament mam Zweekummersystem:

  • de Conseil des Cinq-Cents (500 Memberen)
  • de Conseil des Anciens (250 Memberen)

D'exekutiv Muecht loung an den Hänn vun engem Directoire vu fënnef Persounen, déi vum Conseil des Anciens no enger Lëscht vum Conseil des Cinq-Cents erausgesicht goufen.

Den Directoire ass mam Coup d'État vum 18. an 19. Brumaire Joer VIII (9. an 10. November 1799) duerch den Napoléon Bonaparte op en Enn gaangen, deen deklaréiert huet:

« Citoyens, la révolution est fixée aux principes qui l’ont commencée, elle est finie ».

De Consulat gouf an d'Liewe geruff, en autoritäre Regime dee vun dräi Konsulen dirigéiert gouf, wou awer nëmmen den Éischte Konsul wierklech d'Muecht hat.

Fir verschidden Historiker ass de Consulat déi leschte Phas vun der Franséischer Revolutioun. Fir anerer gëtt de Consulat mam Premier Empire als eng nei Etapp an der fransléischer Geschicht ugesinn.


  Kuckt och den Artikel Directoired'Artikelen [[{{{2}}}]] an [[{{{3}}}]]d'Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] an [[{{{6}}}]]d'Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] an [[{{{10}}}]]. 

[Änneren] Literatur zum Thema

D'Franséisch Revolutioun
Vergréisseren
D'Franséisch Revolutioun

Allgemeng Informatiounen:

  • François Furet, La Révolution française, Le grand livre du mois, Paräis, 1999.
  • Albert Mathiez, La Révolution française, A. Colin, Paräis, 1930.
    • I: "La chute de la royauté : (1787-1792)"
    • II: "La Gironde et la Montagne"
    • III: "La terreur"

Spezifesch Aspekter:

  • Georges Lefebvre, La Révolution aristocratique, Centre de documentation universitaire, Paräis, 1946.
  • Fernand Mitton, La presse française sous la Révolution, le Consulat, l'Empire, G. Le Prat, Paräis, 1945.
  • Musée de la Révolution française, Aux armes citoyens! : les sabres à emblèmes de la Révolution, L'Musée, Vizille, 1987.

Gesellschaft, Kultur a Relioun:

  • Jean Dumont, La Révolution française ou les Prodiges du sacrilège, Critérion, Limoges, 1984 (ISBN 2-903702-13-6)
  • Albert Soboul, La civilisation et la Révolution française, Arthaud, Paräis, 1982 (ISBN 2-7003-0394-6)

Biographien:

Dictionnairen:

  • Jean Tulard, Histoire et dictionnaire de la Révolution française, Paräis, 1987.



  Kuckt och den Artikel Bibliographie fir d'Franséisch Revolutiound'Artikelen [[{{{2}}}]] an [[{{{3}}}]]d'Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] an [[{{{6}}}]]d'Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] an [[{{{10}}}]]. 

[Änneren] Um Spaweck

Commons: Franséisch Revolutioun – Biller, Videoen oder Audiodateien


Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com