Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Charles Louis François de Paule de Barentin - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Charles Louis François de Paule de Barentin

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

De Charles Louis François de Paule de Barentin (*1. Juli 1738, †30. Mee 1819 zu Paräis) war e franséische Staatsmann a Garde des sceaux um Enn vun der Regentschaft vum Louis XVI.

De Barentin war Member vun enger berühmter Famill aus der Noblesse de robe, Conseiller, Affekot fir d'Paräisser Parlament (1757 - 1775) a President vun der Cour des Aides (1775 - 1788). 1787 huet hien de Calonne a senge Projetsë fir d'Restauratioun vun de Finanze bei der Notabeleversammlung ënnerstëtzt. Hien huet net verstoppt datt him d'Aberuffung vun de Generalstänn net gepasst huet, an huet fir en Accord mat de Parlamenter optéiert. Hien huet net vill vum Necker gehalen, a sech géint hie gestallt, wéi et drëms gaangen ass, dem Tiers d'Verdueblung vun de Stëmmen ze ginn, wat hien zu engem Ziel vun de Partisane vun engem politesche Changement a Frankräich gemaach huet. De 14. September 1788 gouf hien zum garde des sceaux amplaz vum Basville ernannt. De selwechten Dag huet hien d'Parlamenter an hiren ale Prerogativen nees an d'Liewe geruff, wat de Maupeou derzou bruecht huet, iwwert de Louis XVI. ze soen:

« Il est foutu. »

Hien hat sech gewënscht, datt d'Generalstänn zu Soissons zesummekomm wären, de Louis XVI. huet zu Compiègne logéiert.

Wéi d'Generalstänn de 5. Mee 1789 opgaange sinn, an de Kinnek mat senger Ried fäerdeg war, huet de Barentin d'Deputéierten derzou bruecht, d'« innovations dangereuses que les ennemis du bien public voudraient confondre avec les changements heureux nécessaires qui doivent amener la régénération, le premier vœu de Sa Majesté » ze refuséieren. Zu Onrecht krut de Barentin d'Haaptschold datt de Kinnek den Necker erausgehäit hat, a sou huet och hien de 15. Juli 1789 misse goen. Am November 1789 gouf hie beschëllegt, d'Land beleidegt ze hunn (crime de lèse-nation), mee d'Geriicht vum Châtelet huet hie fräigesprach, wat d'Paräisser derzou bruecht huet ze soen, datt dës Juridiktioun « la buanderie de la reine » wär. De Barentin ass kuerz drop an Italien emigréiert. Hien hat zu Montmédy op de Kinnek gewaart, deen awer net laanscht Varennes komm ass. Vun Italien aus ass e weider an England gezunn.

Nodeems d'Monarchie ënnert dem Louis XVIII. nees restauréiert war, ass de Barentin nees zeréck a Frankräich komm, a gouf zum Éierekanzler ernannt.

Aner Sproochen
Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com