Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Vingtième - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Vingtième

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Jean-Baptiste de Machault d'Arnouville
Vergréisseren
Jean-Baptiste de Machault d'Arnouville

De Vingtième (Zwanzegstel) ass eng direkt Steier déi vum Generalkontroller vun de Finanzen Jean-Baptiste de Machault d'Arnouville am Frankräich vum Ancien Régime agefouert gouf. Hie wollt eng direkt Steier déi d'ganzt Vollek (domatter huet hien den Drëtte Stand an den Adel gemengt) betraff huet, an déi aus 5% (1/20) vun de Revenue bestanen huet.

De Vingtième gouf als Ersatz fir den Dixième agefouert, deen am Mee 1749 ofgeschaf gi war. Déi nei Steier ass den 1. Januar 1750 a Kraaft getrueden, fir géint den Defizit am Staatsbudget unzekämpfen. Entgéint de franséischen Traditioune wat Steieren ubelaangt, gouf dës nei Steier a Friddenszäiten agefouert, a war also definitif1.

De Klerus an d'Provënzen hu vif protestéiert, an Opstänn erausgefuerdert. De Kinnek Louis XV. huet d'Steier am Dezember 1751 fir d'Lännereie vun der kathoulescher Kierch nees opgehuewen, mee huet si awer an de Provënze bäibehalen.

Mam Ufank vum Siwejärege Krich am Joer 1756 gouf en zweete Vingtième agefouert. Nodeems de Krich net op en Enn gaangen ass, a Sue gebraucht goufen, ass am Joer 1760 en drëtte Vingtième derbäi komm.

De Vingtième ass op d'Revenue vun der Industrie an dem Handel gaangen. Ausserdem huet hien d'Propriétéiten taxéiert, vun deenen d'Besëtzer, d'Natur, d'Gréisst, an den Nettoertrag pro Joer hu missten deklaréieren. E Kontrollsystem gouf um Niveau vun all Généralité ënnert der Autoritéit vum Intendant an d'Liewe geruff.

Dës modern Steier war ganz schlecht mat de Mentalitéite vun de Leit kompatibel, déi un hire Privilegië gehaangen hunn. Vill Leit hu sech mam Steierabonnement aus der Affaire gezunn, an och d'Adeleg hu sech arrangéiert, fir d'Steier net missen ze bezuelen. 1763 huet d'Paräisser Parlament et fäerdegbruecht, datt keng nei Evaluatioune vum Vingtième méi géife gemaach ginn. Domadder huet d'Steier hiren Notzen, fir Staatsresev ze fëllen, net méi erfëllt. Am Joer 1787, wou d'Monarchie kuerz virum Bankrott stoung, goufen all d'Ausnamen ofgeschaf, mee do war et schonn ze spéit. 1789 hunn déi zwee Vingtièmen zesumme 57 Millioune Livres bruecht.

[Änneren] Notizen a Referenzen

1: Bei de Steieren, déi a Krichszäiten agefouert goufen, goufen dës ëmmer nees opgehuewen, soubal de Krich eriwwer war.

Aner Sproochen
Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com