Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Antikitéit - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Antikitéit

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

D'Veréierung vum Homer huet déi ganz Kultur vun der klassescher Antikitéit geprägt
Vergréisseren
D'Veréierung vum Homer huet déi ganz Kultur vun der klassescher Antikitéit geprägt

De Begrëff Antikitéit (vum laténgeschen antiquus) bezeechent eng Epoch vum Altertum am Mëttelmierraum. Si geet vun zirka 1200 v. Chr. (oder 800 v. Chr., je no Fuerschungsrichtung) bis zirka 600 n. Chr. an ënnerscheed sech vun de vireschten an den Epochen déi duerno kommen duerch gemeinsam an duerchgängeg kulturell Traditiounen. Zënter dem 1. Joerhonnert n. Chr. huet sech ausserdem am Mëttelmierraum am Kader vum Réimesche Räich eng politesch a kulturell Eenheet forméiert. Am méi enke Sënn nennt een Antikitéit och d'Geschicht vum archaeschen a klassesche Griicheland, dem Hellenismus an dem Réimesche Räich (Republik, Prinzipat a Spéitantikitéit).

Antikitéit am méi breede Sënn ëmfaasst och d'Geschicht vun den alorientaleschen noëstlechen Héichkulture vun Egypten, Mesopotamien, Syrien, Persien a Klengasien, déi zirka mam Ufank vun der Schrëftlechkeet ëm 3500 v. Chr. asetzt. Dësen universalhistoreschen Antikitéits-Begrëff, deen iwwert déi Klassesch Altertumswëssenschaft erausgeet, gouf ënner anerem vum Historiker Eduard Meyer am 19. Joerhonnert gefuedert. Nees opgegraff gouf dësen erweiderten Antikitéits-Begrëff a leschter Zäit vum däitschen HistorikerJosef Wiesehöfer, engem unerkannten Expert fir dat antikt Persien.

Historesch bezeechent Antikitéit am Sënn vun der klassescher Altertumswëssenschaft déi Zäit vun der Erausbildung vun der griichescher Staatewelt bis zum Enn vum westréimesche Räich am Joer 476 bzw. bis zum Doud vum ostréimesche Keeser Justinian I. 565. Zënter den Arbechte vum belschen Historiker Henri Pirenne gëtt och d'Joer 632, also den Doud vum Mohammed an d'islamesch Expansioun als Enddatum vun der Antikitéit virgeschloen.

Den Ufank vun der antiker Kultur am klassesche Sënn gëtt am Allgemenge mat der Entstehungszäit vun den Homereschen Epen an dem Ufank vun der griichescher Kolonisatioun vum Mëttelmierraum am 8. Joerhonnert v. Chr. ugesat. D'Griichen hunn hir Bildung an hir Kultur an de Joerhonnerten duerno am gesamte Mëttelmierraum verbreed, an zënter dem Alexander dem Groussen och am Orient an an Zentralasien eran. D'Réimer hunn déi antik Kultur bis a Mëttel- an Nordwesteuropa bruecht, wou si sech zënter dem fréie Mëttelalter zu der chrëschtlech-owendländescher Kultur gewandelt huet.

Je no Forschungsrichtung ginn awer durchaus och d'Zäite vun der minoescher an der mykenischer Kultur vun zirka 1900–1100 v. Chr. souwéi d'Epoch vun de sougenannten däischtere Joerhonnerten 1200–750 v. Chr. zu der griichesch-réimescher Antikitéit gezielt.

Als Epochegrenzen zum Mëttelalter goufen ënner anerem folgend Joere virgeschloen:

  • 325: Konzil vun Nicäa
  • 393: Lescht Olympesch Spiller vun der Antikitéit
  • 395: Deelung vum réimesche Räich nom Doud vum Theodosius
  • 498: Daf vum Frankekinnek Clovis I.
  • 529: Grënnung vum éischte Benediktinerklouschter am Owendland nodeems d'Platonesch Akademie nom Doud vum "leschten" antike Philosoph Boëthius am Joer 524 zougemaach gi war
  • 565: Doud vum Keeser Justinian I.
  • 568: Enn vun de Vëlkerwanderungen mam Afall vun de Langobarden an Italien
  • 632: Ufank vun der islamescher Expansioun

Inhaltsverzeechnes

[Änneren] Urspréng vun der antiker Kultur

D'Urspréng vun der europäescher Antikitéit leien am Däischteren. Hir Virgeschicht ass zirka an d'Zäit vun ca. 2000–ca. 1600 v. Chr., am Mëttelhelladikum unzesetzen. Um Umfang vun dësem Zäitabschnitt – deels och schonn am leschten Abschnitt vum Fréihelladikum FH III ca. 2200-2000 v. Chr. – sinn indoeuropäesch Stämm a Griicheland agewandert. Warscheinlech duerch den Afloss vun der sougenannter minoescher Kultur op Kreta, der éischter Héichkultur vun Europa, déi hir Bléi ca. 1900–1450 v. Chr. hat, huet sech um Festland aus der Kultur vum Mëttelhelladikum déi mykenesch Kultur (ca. 1600–1050/00 v. Chr.) entwéckelt. Si hat hiren Ausgangspunkt warscheinlech an der Argolis ass ass zu gläicher Zäit opgetruede wéi vill räich Schachtgriewer (zënter ca. 1600 v. Chr.). Ënner aneren huet déi mykenesch Kultur vun der Minoer d'Schrëft iwwerholl. D'Linearschrëft A, déi op Kreta (ënner anerem) benotzt gouf, mee bis haut net vollstänneg konnt entziffert ginn, gouf zu der sougenannter Linearschrëft B ëmgewandelt, a si ass op villen Tountafelen ze fannen, ënner anerem op dene vun de Palaisë vu Pylos, Theben, Mykene um griichesche Festland an och zu Knossos op Kreta.

D'Léiwepaart zu Mykene
Vergréisseren
D'Léiwepaart zu Mykene

Bekannt sinn déi prächteg Zentre vun der mykenescher Kultur. Besonnesch Plaze si Mykene, Pylos an Tiryns op der Hallefinsel Peloponnes, Orchomenos a Gla an Böotien, Milet an Klengasien asw. D'Zentren haten Uewerstied, Buerge genannt, déi am 13. Joerhonnert a ville Fäll staark befestegt goufen. Räich Kuppelgriewer, fein, deels räich bemolte Keramik, Gold-, Sëlwer a Faïencerieaarbechten etc. maachen de Räichtum vun dëser Kultur däitlech, a weisen och op eng Spezialiséierung vum Wirtschaftssystem hinn, deen zentral gesteiert gouf. Intensiv Handelskontakter goufe mam Noen Osten, Assyrien an Egypte gepflegt. Mykenesch Keramik war wäiten Deeler vum Mëttelmiergebitt beléift; warscheinlech gouf et souguer griichesch Handelsplazen a Süditalien. Zirka mam Zäitraum 1200–750 v. Chr. ginn traditionnell déi Däischter Joerhonnerten ugesat, aus dene wéineg iwwerliwwert ass.

Um Ufank vun dëser Phas goufe vill Buerge vum griichesche Festland zerstéiert, woumadder d'Grondlag vun der Palaiskultur ënnergaangen ass. Déi mykenesch Traditioun hat awer nach zirka 150 Joer Bestand, bevir et zum Iwwergang an déi sougenannte Protogeometrsch Period (ca. 1050–900 v. Chr.) komm ass. Der Iwwerliwwerung no huet zirka 1050 v. Chr. déi ëmstridden Ionesch Wanderung agesat, wou d'Awunner vum griichesche Festland d'Insele vun der Ägäis a Klengasien koloniséiert hunn. Um griichesche Festland war en diffust Bild ze gesinn: verschidden Uertschafte goufe bis elo entdeckt an déi meescht maachen - am Verglach zu der mykenescher Zäit - en aarmen Androck. Ganz anescht dogéint Lefkandi op Euböa: do goufen nieft enger Uertschaft mat engem grousse Gebai vum Fürst vu Lefkandi Griewer fonnt, déi ganz räich ausgestatt waren.

Dat Donkelt Zäitalter gouf an de leschte Joerzéngten ëmmer méi hell - duerch méi archeologesch Entdeckungen. Laut der Homerfuerschung spigelen ënnerschiddlech Passage vun der Ilias d'Verhältnisser vun dëser Zäit zeréck. Si war wichteg fir d'Entwécklung vun der griichescher Gesellschaft, och bis zu der griichescher Polis. Zënter dem 8. Joerhonnert waren d'Kontakter zum Orient nees ganz intensiv an et sinn Handelsstatiounen op Zypern (Kition) an a Syrien (Al Mina) entstanen. Warschéinlech gouf schonn am spéiden 9. Jh. v. Chr. hat d'Alphabet vun de Phönizier iwwerholl.

[Änneren] Bedeitung vun der Antikitéit

An der Antikitéit leien d'Wuerzele vun der Entwécklung vun der westlecher Welt. Ionesch Naturphilosophie, attesch Demokratie, réimeschen Droit a reliéise Pluralismus waren Hannerloosseschaften, un déi d'neizäitlech Opkläerer, Staatstheoretiker, Naturwëssenschaftler, Mënscherechtsverfechter a.a. uknäppe konnten.

Zeien, déi bis haut aus der Antikitéit erhale sinn - nieft den iwwerliwwerten Texter vu philosophescher, literarescher oder historescher Natur - sinn eng grouss Unzuel vun Objeten aus der griichescher a réimescher Konscht. Wichteg Antikitéitssammlunge fënnt een zu Roum, Athen, Neapel, Paräis, London, München, Sankt Petersburg, Wien a Berlin. Fir d'Kenntnis vum antiken Alldag si virun allem déi archeologesche Ausgruewunge wéi déi zu Pompeji, Olympia, Delphi oder Pergamon vu Bedeitung.

Wéi an Italien am 15. Joerhonnert ugefaange gouf, déi erhalen (meeschtens réimesch) Iwwerreschter nei ze schätzen, an dës och an der Konscht nogemaach goufen, gouf dëst Renaissance genannt.

D'Antikitéit war awer och am Mëttelalter ni komplett verschwonnen. Et war de Verdingscht vun de Byzantiner, den Araber an virun allem de karolingesche Mönchen, datt net nach méi verluer gaangen ass. An der méi neier Fuerschung gëtt ich betount, datt et duerchaus eng Kontinuitéit tëscht Antikitéit a Mëttelalter gëtt.

Zënter dem 18. Joerhonnert krut déi klassesch griichesch Konscht duerch d'Arbechte vum Johann Joachim Winckelmann nees u Bedeitung. Am 19. Joerhonnert gouf am Zesummenhang mat den Arbechte vun Architekten a Kënschtler wéi Karl Friedrich Schinkel, Leo von Klenze a Bertel Thorwaldsen vun enger Renaissance vun der griichescher Antikitéit geschwat, haut gëtt dës Richtung Neihumanismus genannt.

Virun allem awer huet d'Renaissance vum antike Geescht der joerhonnertelaanger Dominanz vu reliéisem Denken en Enn gesat. Bal all d'Iddië vun der neizäitlecher Opkläerung hunn antik Virleefer. Ouni griichesch Wëssenschaft a Philosophie, ouni de Réimeschen Droit, ouni Architektur a Konscht vu Griichen a Réimer, wär déi neizäitlech westlech Kultur an Zivilisatioun ondenkbar gewiercht.

[Änneren] Literatur zum Thema

  • The Cambridge Ancient History, Cambridge University Press, 1970-2000, 14 Bänn bannent 19 Bicher
  • Felix Jacoby, Die Fragmente der griechischen Historiker (FGrHist), Weidmann, Berlin, 1923 ff.
  • S. Hornblower, A. Spawforth (Ersg.), The Oxford Classical Dictionary, Oxford Univ. Press, Oxford, 1996. (ISBN 0198606419)
  • Rosemarie Günther, Einführung in das Studium der Alten Geschichte, Paderborn, 2001.
  • Hartmut Leppin, Einführung in die Alte Geschichte, München, 2005.
  • Wolfgang Schuller, Das Erste Europa, 1000 v. Chr.–500 n. Chr., Ullmer, Stuttgart 2004.
  • Edward Gibbon, Verfall und Untergang des römischen Imperiums, dtv, München, 2003.
  • Johann Gustav Droysen, Geschichte des Hellenismus. ,Perthes, Gotha, 1877.
  • Theodor Mommsen, Römische Geschichte. Weidmann, Berlin, 1902.
  • Oswyn Murray, Das frühe Griechenland, München, 1982.
  • John K. Davies, Das klassische Griechenland und die Demokratie, München, 1982.
  • Christian Meier, Athen. Ein Neubeginn der Weltgeschichte, Berlin, 1993.
  • Hermann Bengtson, Grundriss der Römischen Geschichte mit Quellenkunde. Republik und Kaiserzeit bis 284 n. Chr. Handbuch der Altertumswissenschaft III. 5. München 1982.
  • Josef Wiesehöfer, Das antike Persien. Von 550 v. Chr. bis 650 n. Chr., Artemis & Winkler, Düsseldorf/Zürich 2002.

[Änneren] Linken

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck

Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com