Dauphiné
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Dauphiné (op Arpitanesch Dôfenâ, op Okzitanesch Daufinat / Dalfinat / Daufinat de Vianés) ass eng historesch Landschaft a Südostfrankräich tëscht Rhône an italienescher Grenz, südlech vun der Savoie an nërdlech vun der Provence.
Bekannte Géigende sinn d'Dauphiné-Alpe mam Pelvoux, déi vun den Däller vun der Romanche, der Durance a vum Drac begrenzt ginn, an d'Viralpe mat de regionalen Nationalparke Vercors a Grande Chartreuse. Si sinn touristesch gutt erschloss, wärend de méi flaache Bas-Dauphiné südëstlech vu Lyon éischter landwirtschaftlech genotzt ginn. Déi gréisste Stied vum Dauphiné si Grenobel (als Ballungsraum iwwer 500.000 Awunner), Gap am Süden un der Provence a westlech vum Vercors d'Stad Valence.
Den Dauphiné geet op en eegestännege Feudalstaat zeréck, dee sech tëscht dem 11. a 14. Joerhonnert erausgebild huet, an deem seng deels franséisch-, deels okzitaneschsproocheg Territoiren och schonn zum Kinnekräich Burgund, zum Frankeräich, zum Mëttelräich Lotharingen a schlisslech zum Hellege Réimesche Räich gezielt hunn. Den Numm kënnt duerch den Titel Dauphin, deen d'Fürste vum Dauphiné traditionnell gefouert hunn.
1349 huet de leschten Dauphin Humbert II., de Grënner vun der Universitéit vu Grenobel, mam Traité vu Romans dem franséische Kinnek Philippe VI. den Dauphiné iwwerschriwwen, huet ofgedankt an ass Dominikaner ginn. De Philippe huet den Dauphiné zur Apanage vu sengem eelste Jong, dem spéidere Jean II. bestëmmt, woumadder den Dauphiné faktesch den Deel vum Kinnekräich Frankräich ginn ass. Heino huet sech d'Traditioun etabléiert, dass de franséische Krounprënz bei senger Gebuert den Dauphiné an domadder den Titel Dauphin kritt (ähnlech wéi den englesche Krounprënz traditionell de „Prince of Wales“ ass, an de spuenesche Krounprënz de „Prënz vun Asturien“).
E Joerhonnert méi spéit gouf den Dauphiné zum Domaine royal gezielt, an huet domadder och de jure opgehalen, en Deel vum Hellege Réimesche Räich ze sinn.
Den Dauphiné ass eng Wéi vun der Franséischer Revolutioun Schonn 1763 gouf ugefaangen, sech géint d'kinneklech Steieren ze wieren, an d'regional Fräiheetsrechter ze schützen. 1788 hunn d'Awunner vu Grenobel hirt Parlement erfollegräich géint d'kinneklech Truppe verdeedegt, déi d'Unuerdnung vum Kinnek Louis XVI. duerchsetze sollten, all souverän Geriichtshäff vum Kinnekräich zouzemaachen, an duerch nei héich Geriichter z'ersetzen. Bis 1791 huet sech d'Parlament no der aler Manéier nach gehalen, duerno gouf et ouni Widerstand duerch d'Revolutioun opgeléist. An dësem Joer gouf den Dauphiné an déi dräi Departementer Isère, Drôme an Hautes-Alpes opgedeelt.
Am Zweete Weltkrich huet den däitsche Virmarsch 1940 un der Isère halt gemaach, an den Dauphiné gouf nom Waffestëllstand en Deel vun der onbesater fräier Zone (France libre), déi zu engem groussen Deel vun italieneschen Truppe besat war. Wéi nom Fall vu Stalingrad eng däitsch Néierlag ëmmer méi däitlech presentéiert huet, goufen Deeler vum Dauphiné, virun allem den onzougängleche Massiv vu Vercors, zu enger vun de wichtegste Bastioune vun der Widerstandsbewegung Résistance. Am Juni 1944, no der Invasioun vun den Alliéierten an der Normandie, hu fräiwëlleg paramilitäresch Verbänn, déi vun den Alliéierten aus der Loft mat Waffen a Material versuergt goufen, versicht, den däitschen Truppen de Wee no Norden ze verleeën. Si goufen doropshi vun zwou Gebirgsjägerdivisiounen agespaart.
[Änneren] Bekannte Perséinlechkeeten
- Henry Beyle, besser bekannt ënnert sengem Pseudonym Stendhal, Schrëftsteller.
- Pierre Terrail de Bayard, de "Ritter ohne Furcht und Tadel", den an den Italiekricher am 15. Joerhonnert bekannt ginn ass.
[Änneren] Um Spaweck
Commons: Dauphiné – Biller, Videoen oder Audiodateien |