Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Drëtte Stand - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Drëtte Stand

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Qu'est-ce que le tiers état ? vum Emmanuel-Joseph Sieyès
Vergréisseren
Qu'est-ce que le tiers état ? vum Emmanuel-Joseph Sieyès

Den Drëtte Stand (fr.: Tiers état) war am Frankräich vum Ancien Régime ee vun den dräi Stänn (Adel, Klerus, Drëtte Stand) an deen d'Gesellschaft agedeelt war. Den Numm kënnt vun der Versammlung vun den dräi Stänn, de Generalstänn, déi zënter dem Ufank vum 14. Joerhonnert op Uerder vum Kinnek zesummegeruff gi sinn. Dës Andeelung vun der Gesellschaft an dräi Stänn, déi aus dem Mëttelalter iwwerholl ginn ass, gouf wärend der Franséischer Revolutioun opgeléist.

Den Tiers huet d'Majoritéit vun der franséischer Bevëlkerung duergestallt, mee war awer ganz heterogen a senger Kompositioun. D'Aarbechter souwéi d'Handwierker, d'Baueren an och d'Biergertum goufen zum Drëtte Stand gezielt. Am Joer 1789, kuerz virum Ausbroch vun der Revolutioun, huet den Drëtte Stand 98% (ca. 25 Milliounen Awunner) vun der Gesamtbevëlkerung vum Kinnekräich duergestallt. Déi aner 2% waren tëscht dem Adel an dem Klerus verdeelt.

Den Drëtte Stand hat eng politesch Existenz an de Provinzialstänn an an de Generalstänn. D'kinneklech Muecht huet sech laang op den Drëtte Stand gestäipt, fir den zwee privilegiéierte Stänn Meeschter ze ginn. D'legislativ Roll vum Drëtte Stand léisst sech einfach erkläeren: vill Membere sinn Techniker vum Droit. Am Joer 1614 hunn sech déi 187 Deputéierten ënner folgender Form presentéiert: 2 Bierger, 3 Händler, 1 Arbechter, 30 Affekoten, 58 Generollieutenanten a 56 Offizéier vun de Bailliagen. Am Joer 1789 waren ënner de 578 Deputéierten 200 Affekoten ze fannen. Zënter der Zäit vum Louis XIV. hunn d'Membere vum Tiers eng aktiv politesch Roll gespillt, well hie si bei der Ernennung zu verschiddene Chargen dem Adel virgezunn huet.

Am Laf vun der Revolutioun huet sech den Tiers zur Nationalversammlung erkläert, an huet juristesch opgehalen a sengem ale Sënn z'existéieren. Den Tiers gouf zum Synonym vum Vollek vun deem d'Muecht sollt ausgoen.

De Sieyès war avant-gardistesch an dësem Domaine, wéi hien am Joer 1789 säi berühmtent Pamphlet Qu’est ce que le Tiers état ? erausbruecht huet.

[Änneren] Um Spaweck

Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com