1789
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
1784 | 1785 | 1786 | 1787 | 1788 | 1789 | 1790 | 1791 | 1792 | 1793 | 1794
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1789
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Evenementer
- 24. Januar: Frankräich: Reglement fir d'Generalstänn.
- 26.-27. Januar: Frankräich: Onrouen tëscht dem Adel an dem Biergertum zu Rennes.
- 7. Februar: Frankräich: Uerder fir d'Cahiers des doléances zesummenzestellen.
- Mäerz bis Mee: Frankräich: Wahl vun de Membere vun de Generalstänn.
- 27. Abrëll: Frankräich: Opstand zu Paräis am Faubourg Saint-Antoine.
- 30. Abrëll: Frankräich: Zu Versailles gëtt d'Société des amis de la Constitution gegrënnt. Opstand zu Marseille bei dem e Kommandant vun engem Fort ëm d'Liewe kënnt.
- 2. Mee: Frankräich: Déi 1200 Vertrieder vun de Generalstänn ginn dem Louis XVI. firgestallt.
- 5. Mee: Frankräich: D'Generalstänn kommen zu Versailles zesummen.
- 17. Juni: Frankräich: D'Vertrieder vum Drëtte Stand erkläeren sech zu der Assemblée nationale.
- 20. Juni: Frankräich: Ballhausschwur: Den Drëtte Stand léisst verlauden, datt en sech net opléise wärt, bis Frankräich eng Konstitutioun huet.
- 23. Juni: Frankräich: Kinneklech Séance: De Louis XVI. erkläert d'Deliberatioune vum 17. Juni fir ongülteg a bleiwt derbäi datt déi dräi Stänn bestoe bleiwen.
- Mirabeau: « Nous sommes ici par la volonté du peuple et nous n'en sortirons que par la force des baïonnettes. »
- Grënnung vum Club Breton.
- 27. Juni: Frankräich: De Klerus an den Adel schléissen sech op Befehl vum Louis XVI. der Nationalversammlung un.
- 9. Juli: Frankräich: Proklamatioun vun der Assemblée constituante.
- 11. Juli: Frankräich: De Finanzminister Necker gëtt oofgesat, wat zu Onrouen zu Paräis féiert.
- 14. Juli: Frankräich: Stuerm op d'Bastille.
- 15. Juli: Frankräich: De Jean Sylvain Bailly gëtt éischte Buergermeeschter vu Paräis.
- D'Nationalgard ënnersteet dem La Fayette.
- 16. Juli: Frankräich: Den Necker gëtt nees zeréck a säin Amt gesat.
- 17. Juli: Frankräich: De Louis XVI. gëtt zu Paräis empfaangen, an akzeptéiert d'"Cocarde tricolore" (Symbol vun der Revolutioun).
- 18. Juli: Frankräich: Ufank vun der Emigratioun vun de groussen adlege Famillen a vun der Grande Peur.
- 4. August: Frankräich: Oofschafung vun de Privilegien a vum Feudalsystem.
- 26. August: Frankräich: Erkläerung vun de Mënschen- a Biergerrechter.
- 11. September: Frankräich: D'Nationalversammlung erlabt dem Kinnek Louis XVI. e Veto-Recht.
- 5. - 6. Oktober: Frankräich: Opstand zu Paräis: d'"Poissarden" zéien op Versailles an zwéngen de Kinnek, op Paräis ze kommen. De Louis XVI. plënnert an de Palais des Tuileries.
- 19. Oktober: Frankräich: Grënnung vum Jakobinerklub.
- 21. Oktober: Frankräich: D'Krichsrecht trëtt a Kraaft.
- 2. November: Frankräich: Verstaatlechung vum Kierchebesëtz (Säkularisatioun)
- 30. November: Frankräich: Korsika gehéiert definitif zu Frankräich.
- 19. Dezember: Frankräich: D'Assignate ginn agefouert fir d'Staatsfinanzen auszegläichen.
- 22. Dezember: Frankräich gëtt an 83 Departementer agedeelt.
- 24. Dezember: Frankräich: D'Protestante kréien d'Biergerrecht.
[Änneren] Konscht & Kultur
- Emmanuel Joseph Sieyès, Qu'est-ce que le tiers état?.
[Änneren] Wëssenschaft & Technik
[Änneren] Gebuer
- 20. September: Mathieu-Lambert Schrobilgen, lëtzebuergesche Jurist, Journalist, Staatssekretär a Museker.