Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Consulat - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Consulat

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Jean-Jacques Régis de Cambacérès, Napoléon Bonaparte a Charles-François Lebrun
Vergréisseren
Jean-Jacques Régis de Cambacérès, Napoléon Bonaparte a Charles-François Lebrun

Mat Consulat bezeechent een an der franséischer Geschicht d'Zäitperiod vum 10. November 1799 bis zur Proklamatioun vum Empire 1804. Je no Historiker gëtt de Consulat als Enn vun der Revolutioun ugesinn, oder schonn als Optakt fir eng nei Ära déi mam Premier Empire hiren Héichpunkt erlieft.

Inhaltsverzeechnes

[Änneren] D'Installatioun vum Consulat

U sengem Enn befënnt sech den Directoire an enger dräifacher Kris, an et gëtt Projete fir de Regime nees ze stabiliséieren. Am Oktober 1799 begéint de jonke Generol Bonaparte den Acteure vum politesche Liewen an hëlt un engem Staatsstreech deel. Den Napoléon hätt eigentlech nëmme sollen d'militäresch Kraaft hannert deem Ganze sinn. Do stellt sech natierlech d'Fro wéi ee vun enger geplangter Revisioun vun der Konstitutioun zu enger Allengherrschaft kënnt.

[Änneren] D'Muechtergräifung vum Bonaparte

Mam Coup d'État vum 18. an 19. Brumaire (9. an 10. November 1799) koum den Napoléon a Frankräich un d'Muecht.


  Kuckt och den Artikel Coup d'État vum 18. an 19. Brumaired'Artikelen [[{{{2}}}]] an [[{{{3}}}]]d'Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] an [[{{{6}}}]]d'Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] an [[{{{10}}}]]. 

[Änneren] De Consulat provisoire

Un der Spëtzt vum Consulat provisoire befanne sech de Bonaparte, de Sieyès an den Ducos. D'Assembléeën hunn zwou Kommissioune gewielt, déi sech ëm d'juristesch Affäre bekëmmeren, an eng nei Konstitutioun ausschafe sollen. Dës Projetë gi staark vun den Iddie vum Sieyès beaflosst. Virun allem soll d'Exekutive gestäerkt ginn, fir de Fonctionnement vum neie Regime z'erliichteren.

D'Konstitutioun vum Joer VIII gëtt vum Danou verfaasst, dee sech schonn ëm d'Konstitutioun vum Joer III gekëmmert hat. Den Danou gehéiert zu den Ideologen, liberal Republikaner déi sech géint d'Jakobiner stellen. Déi nei Konstitutioun verstäerkt d'Exekutive an d'Representatioun vum Vollek leeft iwwer d'Notables, och wann de Suffrage universel offiziell net ofgeschaf gëtt. D'Konstitutioun vum Joer VIII ass awer e Broch mat den anere Konstitutiounen. Am ganzen Text fënnt sech keng Referenz zu de Mënscherechter oder der Verdeedegung vun der Fräiheet. Si ass vill méi technesch: si définéiert d'Pouvoiren, a virum allem de Pouvoir vum staarke Mann vum Regime. D'Konstitutioun ass wéi fir den Napoléon gemaach, esouguer säin Numm steet dran. Dëst ass verwonnerlech, well eng Konstitutioun eppes zäitloses soll sinn, wat undauert. Den Napoléon gëtt zum éischte Konsul ernannt a steet un der Spëtzt vun der Exekutive. Hien designéiert d'Leit fir déi wichteg Fonctions publiques an huet eng gewësse Muecht am legislative Beräich. Ausserdem huet hien eng Rei Rechter wat d'Diplomatie an d'Arméi ugeet. D'Konstitutioun knäppt awer un d'Kollegialitéit vum Directoire un, andeems et dräi Konsule gëtt, och wann nëmmen deen éischte wierklech un der Muecht ass.

Op institutionnellem Plang kënnt et och zu Changementer. Den Tribunat gëtt geschaf, deen sech aus 100 Deputéierten zesummesetzt, a Gesetzesprojeten diskutéiert, an de Corps législatif deen sech aus 300 Deputéierten zesummesetzt, an d'Gesetzer stëmmt, ouni driwwer ze diskutéieren. De Conseil d'État preparéiert dës Gesetzesprojeten. Dëst ass eng reng technesch Assemblée mat ëm déi 50 Memberen, déi vum éischte Konsul ernannt ginn. De Senat ass zoustänneg fir d'Konstitutioun. Lues a lues schreift de Senat och selwer legislatif Texter, d'senatus consulte.

[Änneren] Éischt Schrëtt

Offiziell gëtt de Consulat den 1. Januar 1800 agefouert. Déi zwee nei Konsulen, déi designéiert ginn, sinn de Cambacérès an de Lebrun. De Cambacérès, e régicide, war Deputéierten an der Convention. Hien ass e Spezialist am Droit a war Justizminister ënnert dem Directoire. De Lebrun ass fir eng moderéiert Monarchie an e Spezialist an de Finanzen. Den Napoléon hëlt sech also zwee Leit vu verschiddenen Hannergrënn fir säi grousse Projet vun der "réconciliation nationale".

Am Conseil d'État fanne sech weider enk Vertrauter vum Napoléon an de Sieyès iwwerhëlt d'Presidence vum Senat.

D'Assemblée ass sech hirer Saach mam Napoléon nach net ganz sécher. D'Deputéierten ginn an enger éischter Phas vum Senat bestëmmt, bis datt d'Notabilitéitslëschten opgestallt sinn.

Am Ufank vum Joer 1800 ass de Consulat also agefouert, mee den neie politesche Regime muss sech duerch seng Politik nach beweisen, well d'Vollek ass midd vun de selleche Staatsstreecher.

[Änneren] D'Wierk vum Consulat

[Änneren] Fridden

Vun Ufank un weist de Bonaparte e staarke Wëlle fir den Divisounen, déi duerch d'Revolutioun enstane sinn, en Enn ze setzen. Hien invitéiert de Klerus nees zeréck a Frankräich ze kommen a gëtt hinnen d'Fräiheet vum Kult den 28. Dezember 1799. Den Napoléon schaaft d'Loi des otages of, déi et erlaabt huet Familjemembere vun engem Emigréierte festzehuelen, an de Verkaf vun de Biens nationaux gëtt gestoppt. Et kann ee sech och vun de Liste des émigrés sträiche loossen (wann een op der Lëscht stoung, huet een all seng Biergerrechter verluer). Am Joer 1802 geet de Bonaparte nach e Schrack méi wäit an akkordéiert all den Emigranten d'Amnistie. Dës Moossname preparéieren d'paix civile.

Et ginn allerdéngs nach ëmmer Regiounen op déi de Staat wéineg Afloss huet. Zweemol am Weste vum Land mécht sech eng chronesch Instabilitéit bemierkbar (Opstänn, Brigangen...). Zanter November 1799 versicht den Napoléon de Westen an de Grëff ze kréien an ereecht e Waffestëllstand mat der Chouannerie. Am Ufank vum Joer 1800 huet hien d'quasitotal Pazifikatioun vum Westen erreecht, virun allem an der Vendée wou hien sech op de Klerus gestäipt huet. Lokal Onroue bleiwen awer an der Normandie bestoen. 1802 ass d'Land grosso-modo friddlech, entweder duerch Verhandlungen oder militärech Presenz.

Am Fréijoer decidéiert de Bonaparte de Fridden no baussen nees hirzestellen. A sengen Aen stäipt sech de Regime op de Fridden deen hie schafe wëll, also muss hie gewannen. Den 9. Februar 1801 gëtt de Fridde vu Lunéville mat Éisträich ënnerschriwwen, wat seng Rechter op den Norden an den Zentrum vun Italien opgëtt. Am Mäerz 1802 kënnt et duerch den Traité vun Amiens zum Fridde mat Groussbritannien.

[Änneren] De Staat stäerken

Fir datt de Regime stabil bleift, muss hien sech op e Staat stäipen, an deen d'Vollek Vertrauen huet, an dofir sinn eng Partie Reformen noutwänneg.

Aus alleréischt muss bei de Staatsfinanzen opgeraumt ginn, wat duerch eng Steierreform geschitt. De Consulat ierft vum Directoire véier direkt Steieren: den impôt foncier, den impôt mobilier, d'patente, an den impôt des portes et fenêtres. Mee just well et dës Steiere gëtt, heescht net datt de Staat et liicht huet fir se anzedreiwen. Am Joer 1802 huet Frankräich nees en equilibréierte Budget. Am Januar 1800 gëtt d'Banque de France gegrënnt, eng privat Bank déi vum Staat ënnerstëtzt gëtt. Si iwwerweist dem Staat déi noutwänneg Avancen, bis d'Steieren an der Keess sinn. Mat der monetärer Reform vun 1803 kritt si d'Recht, Schäiner ze drécken. De Franc germinal gëtt op d'Valeur vum Gold wat d'Bank besëtzt festgesat.

D'Gesetz vum 17. Februar 1800 beschäftegt sech mat der lokaler Administratioun. De wichtegste Punkt vun dësem Gesetz ass d'Kreatioun vun de préfets. D'Departementer vun der Revolutioun gi bäibehalen, mee intern gëtt nei geuerdnet. D'Distrikter ginn Arrondissementer, d'Gemeng gëtt definéiert an de Kanton geschaf. Op all Niveau fanne mer e Fonctionnaire public (ernannt) souwéi eng Assemblée consultative (gewielt).

D'Justiz ass ee vun de Piliere vum neie Regime deen ëmmer méi autoritär gëtt. De Consulat stellt awer d'Gläichheet vun alle virun der Justiz, déi am Numm vum Vollek ausgeschwat gëtt, net a Fro. D'Riichter gi vum Vollek gewielt an et gëtt och e populäre Jury. Am Mäerz 1800 setzt den Napoléon eng Reform duerch, datt nëmmen nach d'Friddensriichter (mineur Delikter, Ressort ass de Kanton) gewielt ginn. D'Justiz baséiert op professionnelle Magistraten, déi am Prinzip net kënnen erausgehäit ginn.

De Ministär vun der Police gëtt dem Fouché uvertraut. D'Police mécht gläichzäiteg Recherchen iwwert d'Meenung vum Vollek wéi datt si fir Uerdnung suergt.

[Änneren] Den Encadrement vun der Gesellschaft

De Bonaparte wëll d'Regele vum Zesummeliewe vun der Gesellschaft codifiéieren, fir en neie soziale Lien ze schafen, nodeems d'Dräistänneuerdnung vum Ancien Régime duerch d'Revolutioun zerstéiert ginn ass. De Code civil, dee scho während der Revolutioun geplangt gouf, gëtt 1804 fäerdeggestallt. Et handelt sech heibäi ëm eng Synthes tëscht de verschiddene Rechter vum Ancien Régime an dem neien Droit vun der Revolutioun. Den Text ass komplett laizistesch, fir en fir esouvill Fransouse wéi méiglech acceptabel ze maachen.

Gläichzäiteg envisagéiert de Bonaparte e reliéisen Encadrement. D'Relioun gëtt als Stabilisatiounsfaktor vun der Gesellschaft ugesinn. Obwuel hien hätt kënnen eng Zivil Relioun a Betruecht zéien (wéi de Culte décadaire) entschléisst hien sech, sech op déi bestehend Reliounen ze baséieren. D'dominant Relioun a Frankräich ass de Katholizismus. Am Joer 1800 ass d'franséisch kathoulesch Kierch an zwee gespléckt, et gëtt eng église réfractaire an eng église constitutionnelle. D'église réfractaire ass majoritär. Verhandlunge mam Poopst Pius VII. féieren zum Konkordat vun 1801. Dësen Accord erlaabt et vun 1802 un, d'Kierch no de 60 Diözesen nei ze uerdnen. D'Bëscheef gi vum Staatschef ernannt a kréien hir Investitur vum Poopst. D'Paschtéier gi vum Staat ernannt a bezuelt. De Klerus huet als Aufgab de Fridden ze sécheren an de sozialen Zesummenhalt ze stäerken, zum Beispill andeems fir dem Napoléon seng Arméi gebied gëtt.

D'napoléonesch Gesellschaft ass eng Gesellschaft der hir Hierarchie um Besëtz baséiert. Ronn 100.000 Leit bilden eng Elite, déi räichste Fransousen, déi an Oppositioun zum Rescht vum Land steet. Op dës Elite baséiert sech d'Politik. An all Departement gi listes de notabilité opgestallt, wouvunner déi 600 räichste Leit Funktioune beim Staat iwwerhuele kënnen. Des Elite ass e Präludium op d'noblesse d'Empire.

[Änneren] Keng Oppositioun

1802 huet d'Legislative quasi nëmmi existéiert, an de Consulat huet sech ëmmer méi zu engem Autoritäre Regime entwéckelt, an deem et keng Plaz fir Oppositioune gëtt.

[Änneren] D'Ausradéiere vun der jakobinescher a royalistescher Oppositioun

D'Jakobiner haten de Coup d'État net gutt geheescht, a wollten den Napoléon op juristeschem Wee drukréien. Si waren déi éischt Affer vun der Reaktioun nom Staatsstreech. De Bonaparte huet eng Partie Mesure getraff, fir déi stäerkste Géigner aus dem Verkéier ze zéien. Hien huet eng Lëscht publizéiere gelooss, op där 34 Deputéierte verbannt goufen, an 19 an de Prisong bruecht gi sinn. D'Jakobiner goufe vun der Police iwwerwaacht. Gläichzäiteg huet de Bonaparte probéiert, esouvill ewéi méiglech Jakobiner op seng Säit ze zéien, an huet sech als Ierwe vun de Prinzipie vun der Revolutioun dohigestallt. D'Oppositioun ass nach e puer Méint bestoe bliwwen, zemol an der Press. Am Januar 1800 huet de Bonaparte eng 60 Zeitunge verbidde gelooss. D'Gefor vun de Jakobiner war awer reell, si haten eng Partie Komplotter geplangt, fir den Napoléon ze stierzen. Vun 1801 bis 1802 huet de Bonaparte et awer geschafft, datt dës Oppositioun sech net méi allzevill blécke gelooss huet.

Um Enn vum Directoire haten och d'Royalisten nees ugefaangen, sech zesummenzedinn. De Westen an de Südweste vu Frankräich ware grouss royalistesch Regiounen. Zanter dem Enn vun 1799 hat de Bonaparte Gespréicher mat de Royaliste lafen, ënner anerem mam Hyde de Neuville, fir der Chouannerie en Enn ze setzen. Verschidde Monarchisten hate gehofft, den Napoléon kënnen ze benotzen, an hien als Intermediaire zum Louis XVIII. un der Muecht ze halen. De Louis XVIII. hat dem Napoléon den 20. Februar 1800 geschriwwen, an hie gebieden, sech zu senge Gonschten zeréckzezéien. Den Napoléon hat an der Tëschenzäit awer seng Muecht gefestegt, an des Offer net akzeptéiert. D'Monarchiste waren also gezwongen, hir Meenung zum Napoléon ze änneren, a si hu versicht hien aus dem Wee ze raumen. No verschidde spekakulären Aktiounen wéi der Entféierung vum Senator Clément de Ris am September 1800 goufen awer och si vun der Police iwwerwaacht, an et ass roueg ginn an de royalistesche Reien.

Obschonns déi zwou Oppositioune weider bestanen hunn, wann och éischter am Ënnergrond, sou haten d'Royalisten dach e Virdeel. Si hate Groussbritannien hannert sech, wou sech déi meeschten Emigranten opgehalen hunn.

[Änneren] D'liberal Oppositioun

D'liberal Oppositioun ass aus Leit entstanen, déi am Ufank fir den Napoléon waren, a si haten och dem Staatsstreech an der Uerdnung déi de Bonaparte nees an d'Land bruecht huet, zougestëmmt, mee si géint déi autoritär Richtung déi de Regime ageschloen huet. Si hänke staark un de Prinzipie vun 1789. Bis 1802 ass de Benjamin Constant hire Porte-parole. Virun allem d'speziell Geriichter wou et kee Jury gouf, hunn den Ideologe guer net gefall. Tëscht 1800 an 1802 war dës Oppositioun awer net wierklech staark vertrueden, an et huet een net dacks vun hinnen héieren, et sief bei engem éischte Projet vum Code civil, deen hinnen ze konservativ war. Et goufen och Manifestatioune géint d'Konkordat vun 1801. Hir Campagne huet een haaptsächlech an der Press fonnt, zum Beispill an der Zeitung La décade philosophique. 110 liberal Deputéierten haten sech och géint d'Légion d'honneur ausgeschwat, déi fir si zevill de Goût vum Ancien Régime hat. 1802 huet sech de Bonaparte ëm d'Assembléeën gekëmmert, hie war e grousse Géigner vum Parlamentarismus. 1/5 vun den Tribune goufen ausgetosch, ënner anerem de Benjamin Constant. Leit déi dem neie Regime gutt gesënnt waren goufe geholl, wéi zum Beispill de Lucien Bonaparte, Brudder vum Napoléon. Sou gouf d'politesch Oppositioun op de Minimum verréngert, zemol nach duerch eng nei Regelung, duerch déi den Tribunat opgedeelt gouf, an d'Plenarscéance ofgeschaf gouf.

[Änneren] Kontroll vun de Geeschter

Ënnert dem Consulat ass de Fouché Minister vun der Police bliwwen. Et goufe präventiv Leit festgeholl, déi géint de Regime waren, sou wéi zum Beispill de Marquis de Sade. D'Meenungs- an d'Reuniounsfräiheet goufen ageschränkt.

D'Pressefäiheet war eng vun de grousse Victoire vun der Revolutioun. Mee d'Press war och ee Mëttel vun der Oppositioun, an sou hat de Bonaparte eng gutt Partie Zeitunge verbueden, anerer goufen zenséiert. De 17. Januar 1800 goufen et nëmmen nach 13 Zeitungen zu Paräis. Allerdéngs duerf een d'Roll vun der Press och net iwwerdreiwen, ëmmerhin goufen d'Zeitungen zu där Zäit nëmme vun Notabele gelies. De Le Journal des débats hat 1801 nëmmen eng 10.000 Abonnéierter. Dëst ass allerdéngs och d'Elite déi um politesche Liewen deelgeholl huet. Mam Moniteur Universel hat den Napoléon seng Propaganda-Press.

[Änneren] Richtung Empire

D'Konstitutioun vum Joer VIII hat de Bonaparte fir 10 Joer un d'Spëtzt vum Staat gestallt. 1802 hat den Napoléon ouni Zweifel seng Muecht gutt gestäerkt, an d'Oppositioun roueg gestallt. D'Verlängerung vu sengem Mandat am Joer 1802 war awer net seng egen Initiativ. Hien huet den Tribunat intervenéiere gelooss. De Senat hat als Éischt eng weider Verlängerung vun 10 Joer virgeschloen, amplaz de Consulat op Liewenszäit ze setzen. Den Napoléon huet dunn eng Wahl duerch e Senatus consultum erzwongen, deen him de Consulat op Liewenszäit ginn huet. Ausserdem hat hien e Wuert matzeschwetze bei sengem Nofolger. Dëst war eng éischt Etapp zu engem Regime wou de Staatschef sech reproduzéiere kann. Dëse Senatus consultum gouf vum Vollek akzeptéiert.

D'Konstitutioun vum Joer X huet d'Zesummesetzung vum Tribunat geännert, an d'Unzuel vun de Membere vun 100 op 50 erofgesat. Domadder haten d'Assembléeën nach manner Muecht, an de Senat hëlt op legislativem Plang zou.

Zanter Februar 1800 huet den Napoléon an den Tuileries gewunnt, wou sech lues a lues en Haff gebild huet. Nom Konkordat huet de Bonaparte nees eng Kapell an den Tuileries installéiere gelooss, an ass do all sonndes an d'Mass gaangen. No 1802 huet sech d'Bild vun engem Kinnek aus dem Ancien Régime ëmmer méi verstäerkt. Hien huet Reesen an de Provënzen ënnerholl, sou wéi deemools d'Kinneken op hire Visites royales.

Beim Bonaparte ass opgefall, dass hien de Staat absolut stäerke wëll, an dat an engem Land wat zanter 10 Joer net zur Rou komm ass, a keng Biller méi vu sengen Herrscher gesinn huet.

De Consulat op Liewenszäit ass 1804 op en Enn gaangen, wéi d'Keeserräich ausgeruff ginn ass.

[Änneren] Literatur zum Thema

  • Bertaud, Jean-Paul, Le Consulat et l'Empire, Armand Colin, Paräis, 1988.
  • Bertaud, Jean-Paul, 1799. Bonaparte prend le pouvoir, Complexe, Bréissel, 1987.
  • Boudon, Jacques-Olivier, Histoire du Consulat et de l'Empire, 1799-1815, Perrin, Paräis, 2003.
  • Latreille, André, L'ère napoléonienne, Armand Colin, Paräis, 1972.

[Änneren] Linken

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck

Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com