Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den 9. November ass den 313. Dag (314. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
- 1520: Dänemark: Am Stockholmer Bluttbad léisst de Kinnek Christian II. vun Dänemark ronn 100 Perséinlechkeete vum schwedeschen ëffentleche Liewen hiriichten. Dëst ass d'Enn vun der Kalmarer Unioun.
- 1799: Frankräich: Coup d'État vum 18. an 19. Brumaire: De Napoleon setzt dem Regime vum Directoire en Enn (bis 10. November).
- 1918: Däitschland: De Keeser Wilhelm II. trëtt zeréck; d'Weimarer Republik gëtt ausgeruff.
- 1938: Däitschland: "Reichskristallnacht": Dausende Synagogen a jiddesch Geschäfter gin zerstéiert.
- 1989: Däitschland: D'DDR mécht d'Grenzen zu Westdäitschland op. Honnerdausende vu Leit kënne fier d'éischte Kéier no 28 Joer an de Westen.
- 1918: Guillaume Apollinaire, franséische Schrëftsteller.
- 1940: Neville Chamberlain, britesche Politiker.
- 1953: Dylan Thomas, waliseschen Dichter.
- 1953: Abd al-Aziz ibn Saud, Grënner vum Kinnekräich Saudi-Arabien
- 1970: Charles de Gaulle, franséische Generol a Staatspresident.
- 1974: Paul Tabori, ungaresch-britesche Schrëftsteller.
- 1991: Yves Montand, italiéneschstämmege franséische Schauspiller a Sänger.
- 2003: Maurice Thoss, lëtzebuergesche Politiker.