Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Jacques Necker - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Jacques Necker

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Portrait vum Jacques Necker vum Jean Siffreid Duplessis
Vergréisseren
Portrait vum Jacques Necker vum Jean Siffreid Duplessis

De Jacques Necker (* 30. September 1732 zu Genf; † 9. Abrëll 1804) war e Schwäizer Finanzmann a Politiker am 18. Joerhonnert.

Dräimol stoung den Necker als Generalkontroller vun de Finanzen am Déngscht vun der franséischer Monarchie ënnert dem Louis XVI.: 1776, 1788 a 1789.

Hie war de Papp vun der Germaine Necker, Barouni vu Staël-Holstein (1766-1817), déi als Madame de Staël als Schrëftstellerin bekannt ginn ass.

Inhaltsverzeechnes

[Änneren] Säi Liewen

De Jacques Necker war den zweete Jong vum Karl Friedrich Necker, Affekot zu Küstrin (Pommern) deen den 28. Januar 1726 Bierger vun der Republik vu Genf gi war, a senger Fra Jeanne Gautier.

Am Alter vun 18 Joer huet hien eng Carrière an der Bank Thélusson et Vernet ugefaangen, fir d'éischt zu Genf, spéider zu Paräis, a konnt am Joer 1756 ee vun den dräi Associéë vun der Bank Thélusson, Vernet et Necker ginn. Seng enorm Reussit als Banquier huet him erméiglecht, eng zolitt Zomm Suen op d'Säit ze leeën1. Als Syndic vun der Compagnie des Indes konnt hien der Compagnie zu neiem Liewe verhëllefen (1764), allerdéngs konnt hien näischt géint d'Opléisung am Joer 1770 géint säi perséinleche Géigner Morellet maachen.

E puer Kéieren, ënner anerem am Joer 1772 huet den Necker dem kinneklechen Tresor grouss Zommen zoukomme gelooss, wouduerch de Choiseul an den Abt Terray op hien opmierksam goufen.

[Änneren] De Wee un d'Muecht

Mme Necker, gebuer Suzanne Curchod.
Vergréisseren
Mme Necker, gebuer Suzanne Curchod.

Am Joer 1764 huet den Necker sech mat der Szuanne Curchod, Duechter vun engem Pastor, bestued, déi e groussen Afloss op seng Carrière hat. Nodeems hien zum Minister vun der Republik vu Genf zu Paräis ernannt gi war (1768), huet hien - encouragéiert vu senger Fra - decidéiert an d'Politik ze goen. Hien huet sech 1772 aus de Finanzen zeréckgezunn, a seng Interesse vun der Bank u säi Brudder Louis weiderginn. 1773 huet hien en Éloge de Colbert erausbruecht, dee vun der Académie française geluewt gouf, a wou hien de Portrait vum ideale Minister beschreiwt. Hie presentéiert sech als pragmatesch a flexibel, am Géigesaz zum Generalkontroller vun de Finanzen Turgot. Als Symbole vum economeschen Interventionismus vum Staat war de Colbert net nëmmen d'Antithes vum Turgot, mee och en Apostel vum economesche Liberalismus.

A priori huet awer näischt drop higewisen, datt den Necker eng Fonktioun fir d'franséischt Gouvernement iwwerhuele géif: als Protestant war d'Dir vum Conseil du roi fir hien ipso facto zou ; hien hat keng weider Kenntnisser zum Gouvernement oder der kinneklecher Administratioun, hien huet den Haff nëmme vun deem kannt, wat en a senger Fonktioun als Resident vu Genf konnt gesinn. Den Necker huet och net vill gelies, a sou hat hien och net vill Ahnung vun der franséischer Geschicht, der politescher an administrativer Organisatioun.

Allerdéngs hat d'ëffentlech Meenung eng aner Usiicht. Den 19. Abrëll 1775 huet hie säin Essai sur la législation et le commerce de grains erausbruecht, wou hie géint d'Fräiheet vum Geschäft mam Kar argumentéiert huet, wat géint d'Physiokraten, zemol den Turgot an de Morellet, gaangen ass. Dëst Wierk war en enorme Succès an de Librairien, et koum grad richteg am Mielkrich eraus.

Dem Necker säin Opstig gouf aktiv vun de Membere vum Salon vun der Mme Necker ënnerstëtzt, a generell och vun de Philosophen, vun denen den Necker vill Theorien unerkannt huet: a sengem Éloge de Colbert huet hien d'Proprietéit kritiséiert, déi hien - an der Linn vum Rousseau - beschëllegt, keen natierlecht Recht, mee e Gesetz vun de Mënschen ze sinn, wat op Kraaft an Ënnerdréckung baséiert2. Duerch seng sozial Roll justifiéiert hien d'Relioun an erkennt d'Moral nëmmen als Mëttel, fir d'Vollek rouegzehalen un. D'chrëschtlech Moral ass majoritär well si déi eenzeg ass, déi « puisse persuader avec célérité parce qu'elle émeut en même temps qu'elle éclaire »3.

Den Necker gouf ënner anerem vum Maurepas, Haaptconseiller vum Louis XVI. ënnerstëtzt.

[Änneren] Den éischte Ministär vum Necker (1776-1781)

Den Doud vum Turgot sengem Nofolger, dem Clugny de Nuits huet dem Necker d'Geleenheet ginn, an d'Gouvernement eranzekommen. Als Protestant konnt hien awer net zum Generalkontroller vun de Finanzen ernannt ginn, well e mat dëser Fonktioun am Conseil hätt misse sinn. Den 22. Oktober 1776 gouf hien zum Finanzconseiller an directeur général du Trésor royal ernannt. Den 21. Oktober gouf de Louis Gabriel Taboureau des Réaux offiziell zum Generalkontroller ernannt, mee a Wierklechkeet huet den Necker d'Fiedem am Hannergrond gezunn. Den Taboureau des Réaux ass den 29. Juni 1777 nees gaangen, ouni datt et e Remplacant gouf. Fir seng Wichtegkeet z'ënnersträiche krut den Necker den Titel vum directeur général des Finances4.

Am Ministär ukomm huet den Necker direkt mat wichtege Reformen ugefaangen, mee net op esoueng brutal Manéier wéi den Turgot. Dës Reforme waren administrativ, sozial a finanziell.

[Änneren] Administrativ Reformen

Jacques Necker
Vergréisseren
Jacques Necker

Op administrativem Plang huet den Necker d'Muecht vun der Generalkontroll vun de Finanze verstäerkt. Hien huet déi sechs Poste vun den Intendantsë fir d'Finanzen an den Handel ofgeschaf5, genee wéi och déi 48 receveurs généraux des finances an de Generalitéiten6, déi 27 trésoriers généraux7 an d'Generalkontrollere vun dem Krich an der Marine (November 1778). An d'Plaz vun dësen Offizéier, déi hir Plaz net konnte verléieren an déi op Kommissioun bezuelt goufen, huet den Necker Beamte gesat, déi erausgehäit konnte ginn, an eng fix Paye kruten8.

Hien huet d'Kompetenz vun der Ferme générale op d'Gabelle, den Tubak an d'droits des traites et des entrées de Paris reduzéiert, an d'Unzuel vun de Fermiers généraux vu 60 op 40 erofgeschrauwt. D'Aides goufe vun enger Régie générale agesammelt, ëm d'Steieren op den Domaine huet sech eng Administration générale des domaines gekëmmert, déi vun Administratore mat fixer Paye dirigéiert gouf.

Den Necker wollt d'Muecht vun der Administatioun vergréisseren, awer och d'Willkür sou gutt ewéi méiglech aus dem Wee schafen. Hien huet e Comité contentieux des finances gegrënnt, deen d'Arrêts de finances virbereede sollt, déi, obschonns se als Arrêtsë vum Conseil presentéiert goufen, net wierklech aus enger kollektiver Diskussioun entstane waren, mee vun de Finanzintendantsë virbereed gi waren. D'kinneklech Deklaratioun vum 13. Februar 1780 huet festgeluegt, datt d'Taille nëmmen nach via Patentbréiwer déi d'Parlament enregistréiert hat, konnt erhéicht ginn. D'Verificatioune sollten nëmmen nach all 20 Joer virgeholl ginn9.

Den Necker huet och speziell Assemblées provinciales an d'Liewe geruff, fir d'Muecht vum Parlament a vun den Intendants an de finanzielle Froë kleng ze halen, an huet hire Prinzip a sengem Mémoire au Roi sur l'établissement des administrations provinciales (1776) beschriwwen. Dës Versammlungen hunn en Ënnerscheed vun den dräi Stänn gemaach. Si konnte Steieren erhiewen a verdeelen, Stroossebauten dirigéieren, an dem Kinnek Representatioune maachen. Véier vun dësen Assembléeë goufen agefouert, wouvunner zwou och direkt hir Arbecht opgeholl hunn: Berry, Haute-Guyenne, Dauphiné a Bourbonnais.

Den Necker huet och nach probéiert, eng gewëssen Transparenz mat eranzebréngen. An deem Sënn huet hien och am Januar 1781 säi Compte-rendu au Roi erausbruecht, wou hien detailléiert beschriwwen huet, wéi d'kinneklech Finanze fonktionnéieren, d'Prinzipië vu senger Administratioun erkläert huet, an och op d'finanziell Situatioun vum Land agaangen ass.

[Änneren] Sozial Mesuren

Den Necker huet d'Meenung vun engem aktive Staat am sozialen an economesche Beräich vertrueden, Iddiën, déi och schon de Colbert hat. Hien huet net dru gegleewt, datt e sougenannte laissez-faire an der Wirtschaft de Leit vill Guddes brénge géif. Fir e Gläichgewiicht an der Gesellschaft ass, nom Necker, eng Ënnerstëtzung vum Staat noutwänneg:

« C'est au gouvernement, interprète et dépositaire de l'harmonie sociale, c'est à lui de faire pour cette classe déshéritée tout ce que l'ordre et la justice permettent. »

Hien huet eng Kommissioun fir d'Spideler vu Paräis gegrënnt, souwéi eng weider fir eng Reform vun de Prisongen. Dës Kommissiounen hunn d'Basis vu grousse Reformen an dësen Institutiounen duergestallt: d'Prisonge vu Fort-l'Évêque a vum Petit Châtelet zu Paräis goufen zerstéiert ; en neie Prisong gouf an der rue du Roi-de-Sicile speziell fir Leit, déi duerch Verscholdung agespaart goufen ageriicht; um Enn vum Joer 1778 gouf en neien Hospiz vun de Parverbänn vu Saint-Sulpice a Gros-Caillou duerch e generéisen Don vun der Mme Necker ageriicht.

1779 huet den Necker d'Mainmorte fir d'kinneklech Territoiren ofgeschaf. En Edikt vu 1780 huet de Spideler erlaabt, hiren Immobilier ze verkafen, an hir Fongen a Form vu Renten op de Kinnek oder d'Stänn ze plazéieren.

[Änneren] D'Finanzen

D'Nominatioun vum Necker war duerch den akute Besoin vu Finanzmëttel nom Amerikaneschen Onofhängegkeetskrich begënschtegt, fir deen d'Preparatiounen am Juni 1776 lassgaange waren. De Krich war deier, e gouf souwuel zur Séi wéi och wäit ewech vu Frankräich ausgedroen, an alleng 1777 goufen 150 Millioune fir d'secours extraordinaires gezielt, d'Gesamtausgabe ginn op eng Milliard Livres geschat.

Op finanziellem Plang hat dem Necker seng Politik net vill Prinzipien. Hie war der Meenung, de Staat kéint esou vill Suen ausléinen, wéi néideg wären, soulaang den ordinäre Budget ausgeglach wär. Well eng Steiererhéichung op kee Fall a Fro komm ass, engersäits duerch d'Politik, mee och aus Prinzip10, huet de Rendement misse verbessert ginn, ënner anerem duerch reng Reform vun der Finanzadministratioun, an och andeems d'Ausgabe géife kleng gehale ginn.

Fir dëst z'erreechen, huet hie ganz klassesch Mesuren ergraff: Reduktioun vun den Ausgabe vun der Maison du Roi11, d'Pensioune goufe méi genee ënnert d'Lupp geholl, fir e Mëssbrauch ze verhënneren12, an d'Deklaratioune vum Akommes goufen iwwerpréift.

Fir de Krich ze finanzéieren, huet den Necker grouss Zomme Suen ausgeléint, ronn 530 Millioune Livres zu engem héigen Zënssaz.

[Änneren] Den Necker gëtt erausgehäit

Dem Necker seng Reforme goufen am Ufank mat Erstaunen a Bewonnerung opgeholl. Sou huet de Baroun vu Besenval geschriwwen:

« Il est extraordinaire, que ce que n’ont osé entreprendre les Ministres les plus accrédités, le Roi lui-même, vienne d’être effectué par un simple citoyen de Genève, M. Necker, [...] occupant précairement une place dont sa religion, sa naissance étrangère et les préventions de la Nation semblaient l’exclure. »

D'ëffentlech Meenung war begeeschtert vun engem Minister, deen et fäerdegbruecht hat, de Krich ze finanzéieren, ouni op eng Steiererhéigung zeréckzegräifen, an dat mat enger Kompetenz déi och déi Leit hu missen akzeptéieren, déi net onbedéngt vu sou "onorthodoxe" Methoden iwwerzeegt waren.

Mee den Necker huet sech net nëmme Frënn gemaach: wéi hien d'Ferme générale ugegraff huet, huet en der Finanzwelt de Réck gedréint an d'Parlamenter waren net wierklech begeeschtert vu sengen Assemblées provinciales. D'Reduktioun vun de Ausgabe vum Haff déi am Compte-rendu au Roi (Januar 1781) presentéiert goufen, hunn him mächteg Feinde verschaf.

Am Fréijoer 1781, koum et zu enger Kabal mam But dem Necker de Kapp ze kaschten. Eng Grupp vum Haff (parti de la Cour) zesumme mat de Bridder vum Kinnek, de Princes du Sang a groussen Häeren huet d'Meenung agitéiert, ënner anerem duerch Libellisten, déi Pamphlete géint de Minister geschriwwen hunn, wouvunnder virun allem d'Lettre du marquis de Caracciole à M. d'Alembert (1. Mee 1781), wahrscheinlech aus der Fieder vum Calonne, e Protégé vum Vergennes a vum Grof vun Artois, dee gäeren dem Necker seng Plaz gehat hätt, am gehässegste war.

Enn [[Abrëll huet d'Paräisser Parlament refuséiert, en Edikt fir eng nei Assemblée provinciale am Bourbonnais z'enregistréieren. Dës Versammlungen hunn de Parlamenter en Deel vun hiren extra-judiciaire Kompetenze geholl, déi si natierlech net ouni weideres verléiere wollten. Den Necker hat dëst an engem confidentielle Manuskript un de Kinnek 1776 festgalen, mee wou op mannst sechs Kopien zirkuléiert sinn. Eng vun dëse Kopien huet dem President vum Parlament vun der Guyenne gehéiert, deem säi Jong, den Antoine Nicolas Waldec de Lessard, e Kollaborateur vum Necker war. E Pamphlet wat den 20. Abrëll 1781 u sechs Membere vum Paräisser Parlament geschéckt gouf, huet dem Minister seng Intentiounen däitlech gemaach13. Den Éischte President d'Aligre gouf op Marly geruff, an et gouf verbueden, weider iwwert de Memoire vu 1778 ze schwetzen. De Maurepas huet de Virschlag bruecht, de Genfer nees heemzeschécken.

D'Schlass vu Coppet
Vergréisseren
D'Schlass vu Coppet

De 16. Mee huet den Necker versicht, de Kinnek zu engem forcéierten Enregistrement ze bréngen, a gefuerdert, um Conseil deelhuelen ze kënnen. Dräi Deeg drop huet de Louis XVI. dem Necker seng Fuerderunge refuséiert. Den Necker huet den 19. Mee 1781 demissionnéiert. D'Paräisser Bevëlkerung war net fuerchtbar begeeschtert vun dëser Nouvelle, a sou hunn sech d'Awunner virum Schlass vu Saint-Ouen zesummefonnt, fir dem Necker ze weisen, datt hie bei hinnen nach ëmmer populär war.

Den Necker huet sech op Saint-Ouen zeréckgezunn. 1784 war hien an der Schwäiz fir Arbechten hu sengem Schlass vu Coppet duerchzeféieren, an ass 1785 duerch Frankräich gereest. Hien huet en neit Buch erausbruecht, De l’administration des finances, e kompletten Traité zu de Finanzen an dräi Volumen, wat e grousse Succès war.

1787 huet de Calonne den Necker virun der Notabeleversammlung ugeklot, d'Meenung bedrunn ze hunn, a falsch Renseignementer a sengem Compte-rendu au Roi virgeluegt ze hunn : laut dem Calonne gouf et an de Konte vum Joer 1781 keen Excédent, wéi den Necker behaapt hat, mee en Defizit vu 50 Milliounen. Den Necker huet dem Calonne seng Zuelen nees a Fro gestallt. Doduerch gouf hien aus Paräis exiléiert.

[Änneren] Zweete Ministär vum Necker (1788-1789)

Nom Échec vum Calonne stoung déi franséisch Monarchie virum virtuelle Bankrott. Fonge waren noutwänneg, a sou huet de Louis XVI. den Necker nees zeréckgeruff, an him de 25. August 1788 den Titel vum Directeur général des finances ginn. Zwee Deeg méi spéit krut den Necker den Titel vum Staatsminister, wat him d'Dir zu de Conseilsën opgemaach huet.

Allegoresche Portrait vum Necker, ca. 1788-1789.
Vergréisseren
Allegoresche Portrait vum Necker, ca. 1788-1789.

Dës nei Positioun an d'Ëmstänn hunn den Necker erméiglecht, eng ganz wichteg politesch Roll ze spillen. Hien huet d'Paräisser Parlament nees zeréckgeruff, d'Deputéiert waren exiléiert ginn. Hien huet och en Datum fir d'Aberuffung vun de Generalstänn virgeschlo an huet am November 1788 eng Notabeleversammlung aberuff, fir festzeleeën, wéi d'Membere vun de Generalstänn missten erausgesicht ginn. Och d'Punkte vun der Wahl goufen ugeschnidden, mat der Representatioun vum Drëtte Stand. Bei dësem leschte Punkt war dem Necker kloer, datt d'Versammlung d'Fuerderungen net géif akzeptéieren, mee hie selwer huet awer d'Verdueblung vun der Stëmm vum Drëtte Stand ënnerstëtzt, wat zu senger Beléiftheet bäigedroen huet. Hie gouf als "patriotesche Minister" ugesinn.

Well de Wees knapp gi war, huet den Necker d'liberal Mesure vum Loménie de Brienne ausser Kraaft gesat: hien huet d'Exportatioun vu Kar de 7. September 1788 verbueden, genee sou wéi den Akaf ausserhalb vum Maart (23. November 1788) ; hien huet Kar am Ausland akaf, Primen op d'Importatioune ginn, an der Police d'Muecht ginn, sech drëm ze këmmeren, datt d'Kar och um Maart ukomm ass (22. Abrëll 1789).

Op finanzielle Plang huet den Necker en Dekret vum Brienne réckgängeg gemaach, a versicht déi 70 Milliounen anzedreiwen, fir d'Scholde bis zu de Generalstänn ze bezuelen14.

Wéi d'Generalstänn opgaange sinn, gouf dem Necker seng Ried, déi sech virun allem mat finanzielle Froë beschäftegt huet, schlecht opgeholl, d'Deputéierten haten nëmmen d'Modalitéite vun der Oftstëmmung am Kapp. Den Necker huet refuséiert, bei der kinneklecher Séance vum 23. Juni 1789 derbäi ze sinn, wou de Louis XVI. festgeluegt huet, wéi wäit e bei de Konzessioune fir den Drëtte Stand géif goen. Den 11. Juli huet de Kinnek den Necker wéinst senger « condescendance extrême » vis-à-vis vun de Generalstänn erausgehäit. De Minister huet Frankräich verlooss an ass den 13. Juli zu Bréissel ukomm. Vun do goung et weider op Basel (20. Juli). D'Erausgeheie vum Necker gouf vun der Bevëlkerung ganz schlecht opgeholl, an huet zu den Opstänn de 14. Juli bäigedroen.

[Änneren] Drëtte Ministär vum Necker (1789-1790)

Joseph Boze, Honoré Gabriel Riqueti de Mirabeau
Vergréisseren
Joseph Boze, Honoré Gabriel Riqueti de Mirabeau

De 16. Juli 1789 huet de Louis XVI. den Necker nees missen zeréckruffen. Hien huet den Titel vum Premier ministre des finances kritt. Zimlech séier huet hie sech géint d'Assemblée constituante gestallt, an domadder virun allem géint de Mirabeau. D'Deputéiere ware mat de finanzielle Virschléi vum Necker, déi op traditionnell Methode vun de Prêtsen opgebaut waren, net averstanen. De Necker sengersäits huet sech géint d'Assignatsë gestallt. De Mirabeau sot den 1. September 1790 zum Kinnek:

« le Ministre actuel des finances ne se chargera point de diriger, comme elle doit l’être, la grande opération des assignats-monnaie. Il ne revient pas facilement de ses conceptions et la ressource des assignats-monnaie n’a pas été conçue par lui ; il s’est même déterminé à la combattre. Il n’est rien moins qu’en bonne intelligence avec l’Assemblée nationale. Il ne gouverne plus l’opinion publique. On attendait de lui des miracles et il n’a pu sortir d’une routine contraire aux circonstances ».

Ënnert dëse Konditiounen ass dem Necker näischt aneschters iwwreg bliwwen, wéi ze demissionéieren, wat hien den 3. September 1790 gemaach huet. Hien huet sech duerno an d'Schwäiz op d'Schlass vu Coppet zeréckgezunn, wou hie weiderhi Wierker geschriwwen huet. Hien ass den 9. Abrëll 1804 gestuerwen.

[Änneren] Säi Wierk

Dem Necker säi ganzt Wierk gouf gesammelt an ass als Œuvres complètes de M. Necker publiées par M. le Baron de Staël, son petit-fils... zu Paräis bei Treuttel et Wurtz vun 1820-1821, 15 Vol., in-8° erauskomm.

  • Réponse au mémoire de M. l'abbé Morellet sur la Compagnie des Indes, 1769
  • Éloge de Jean-Baptiste Colbert, 1773
  • Sur la Législation et le commerce des grains, 1775
  • Mémoire au roi sur l'établissement des administrations provinciales, 1776
  • Lettre au roi, 1777
  • Compte rendu au roi, 1781
  • De l'Administration des finances de la France, 1784, 3 Vol. in-8°
  • Correspondance de M. Necker avec M. de Calonne. (29 janvier-28 février 1787), 1787
  • De l'importance des opinions religieuses, 1788
  • De la Morale naturelle, suivie du Bonheur des sots, 1788
  • Supplément nécessaire à l'importance des opinions religieuses, 1788
  • Sur le compte rendu au roi en 1781 : nouveaux éclaircissements, 1788
  • Rapport fait au roi dans son conseil par le ministre des finances, 1789
  • Derniers conseils au roi, 1789
  • Hommage de M. Necker à la nation française, 1789
  • Observations sur l'avant-propos du « Livre rouge », ~ 1790
  • Opinion relativement au décret de l'Assemblée nationale, concernant les titres, les noms et les armoiries, ~ 1790
  • Sur l'administration de M. Necker, 1791
  • Réflexions présentées à la nation française sur le procès intenté à Louis XVI, 1792
  • Du pouvoir exécutif dans les grands États, 1792
  • De la Révolution française, 1796
  • Cours de morale religieuse, 1800
  • Dernières vues de politique et de finance, offertes à la Nation française, 1802
  • Histoire de la Révolution française, depuis l'Assemblée des notables jusques et y compris la journée du 13 vendémiaire an IV (18 octobre 1795), 1821

[Änneren] Literatur zum Thema

  • Ghislain de Diesbach, Necker ou la faillite de la vertu, Perrin, Paräis, 2004. (ISBN 2262022194)
  • Henri Grange, Les idées de Necker, Klincksieck. (ISBN 225201640X)
  • Jean de Viguerie, Histoire et dictionnaire du temps des Lumières. 1715-1789, Robert Laffont, Paräis, 2003. (ISBN 2221048105)

[Änneren] Notizen a Referenzen

1: Säi Verméige gouf op 7 Millioune Livres geschat am Moment vu senger Nominatioun zum Generalkontroller vun de Finanzen am Joer 1776.
2: De Besëtz ass fir den Necker « traité de force et de contrainte ».
3: J. Necker, De l'importance des opinions religieuses, 1788.
4: Patentbréiwer vum 29. Juni 1777 hunn deklaréiert, datt de Poste vum Generalkontroller vun de Finanze fräi wär an hunn d'Fonktiounen un d'Garde vun de Registere vun der Generalkontroll ginn, woubäi e Brevet mam selwechten Datum den Necker zum directeur général des finances gemaach huet.
5: Edikt vum Juni 1777.
6: D'Zuel vun de receveurs généraux ass vun 48 op 12 erofgeschrauwt ginn.
7: D'Zuel vun den trésoriers généraux ass vun 11 op 2erofgeschrauwt ginn.
8: D'receveurs généraux kruten, ausser den Zënse vu 5% vum Wäert vun hirer Charge (1 Millioun) eng fix Paye vu 25 000 Livres als Remplacement fir d'Taxatioune vun hire steierlechen Operatiounen (Abrëll 1780).
9: Arrêt vum Conseil vum 2. November 1777.
10: A sengem Éloge de Colbert, huet den Necker d'Steier kritiséiert a festgehalen, datt de Prêt eng besser Méiglechkeet fir de Staat wär, fir u Suen ze kommen.
11: 406 Officiers de la Bouche goufen ofgeschaf an e Bureau général d'administration des dépenses de la Maison du Roi et de la Reine gouf am Januar 1780 ënnert der Leedung vum Staatssekretär vun der Maison du Roi an dem Necker selwer an d'Liewe geruff.
12: Patentbréiwer vum 8. November 1778. Parallel dozou koum den 22. Dezember 1776 e Reglement eraus, wat d'Erausgi vun neie Pensiounen zentraliséiert huet.
13: Ënner anerem - an ouni Beweiser - gouf de Grof vun der Provence beschëllegt, um Ursprong vun der Flucht ze stoen.
14: Avance vun der Caisse d’escompte a Prêtsë bei de Financieren, ënner anerem den Notaire vu Paräis.

[Änneren] Um Spaweck

Commons: Jacques Necker – Biller, Videoen oder Audiodateien


Virgänger:
Louis Gabriel Taboureau des Réaux
Generalkontroller vun de Finanzen
1776 - 1781
Nofolger:
Jean-François Joly de Fleury
Virgänger:
Claude Guillaume Lambert
Generalkontroller vun de Finanzen
1788 - 1790
Nofolger:
Franséisch Revolutioun


Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com