Coup d'État vum 18. an 19. Brumaire
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Mam Coup d'État vum 18. an 19. Brumaire (9. an 10. November 1799) kënnt den Napoléon a Frankräich un d'Muecht.
U sengem Enn befënnt sech den Directoire an enger dräifacher Kris an et gi Projeten ausgeschaf, fir de politesche Regime ze consolidéieren. Am Oktober 1799 begéint de jonke Generol Bonaparte den Haaptacteure vum geplangte Coup d'État. Ët ass virgesinn, datt hien d'militäresch Hand hannert deem Ganze soll sinn, fir de Fall datt Problemer gingen optrieden. De Sieyès a seng Leit hunn e Projet fir d'Konstitutioun ze änneren an de Coup d'État gëtt op den 18. Brumaire Joer VIII festgeluecht.
D'Schema gesäit folgend Operatioune fir: Den Napoléon soll als Commandant en chef vun der Arméi fir Uerdnung zu Paräis an an den Assembléeë suergen. Dës ginn op Saint-Cloud bruecht, ënnert dem Virwand datt eng Gefor duerch d'Jakobiner besteet. Eigentlech war et awer éischter d'Bevëlkerung vu Paräis déi zanter 1789 eng Gefor fir d'Assembléeën duergestallt huet. Andeems een dës dann elo op Saint-Cloud bréngt, ass d'Gefor vun der Paräisser Bevëlkerung ausgeschalt, well déi net agräife kann. Paräis selwer gëtt zougemaach, all Sortie ass verbueden an d'Dire gi vun der Police iwwerwaacht.
Den Haaptdeel vum Coup d'État spillt sech awer eréischt den 19. Brumaire of. D'Revisionnisten hate geplangt, datt déi fënnef Directeurs ginge kollektiv demissionéieren, mee zwee Jakobiner weigere sech. Den Napoléon gëtt ongedëlleg a gräift an.
Virum Conseil des Cinq-cents hält hien eng Ried déi schlecht opgeholl gëtt, d'Deputéierte werfen him fir, eng Diktatur wëllen anzeriichten, an hie gesäit sech gezwongen, d'Assemblée nees ze verloossen. D'Situatioun gëtt gerett duerch de Lucien Bonaparte, Brudder vum Napoléon a President vun de Cinq-cents. Hien iwwerzeegt zesumme mat sengem Brudder d'Arméi fir anzegräifen a fir Uerdnung an der Assemblée ze suergen. Well d'Arméi allgemeng awer ganz republikanesch ass, an d'Legitimitéit respektéiert, gëtt de Mythos an d'Welt gesat, een Deputéierten hätt den Napoléon wëllen erdolchen.
D'Biller vun den Deputéierten, déi aus de Fënstere vun der Orangerie flüchten, an den Napoléon erdolche wëllen, gi wäit verbreed an den Napoléon ass de facto Meeschter vun der Situatioun. De geplangte parlamentaresche Coup d'État gëtt zu engem militäresche Staatsstreech.
Mee den Napoléon hält vill op d'korrekt juristesch Formen an am Laf vum Owend vum 19. Brumaire fannen sech d'Deputéierten, déi zu Saint-Cloud bliwwe sinn, zesummen a stëmme fir zwou Kommissiounen, déi eng nei Konstitutioun virbereede sollen.
Den 20. Brumaire ginn dräi Konsulen ernannt: de Bonaparte, de Sieyès an den Ducos.
[Änneren] Literatur zum Thema
- Jacques-Olivier Boudon, Histoire du Consulat et de l'Empire, Perrin, Paräis, 2003.
- Jean-Paul Bertaud, Bonaparte prend le pouvoir, Complexe, Bréissel, 1987.
- Thierry Lentz, Le 18 Brumaire, Picollec, Paräis, 1997.