Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den 2. November ass den 306. Dag (307. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
- 1570: En Orkan an der Nordséi léisst d'Däicher vun Holland bis Jütland briechen. Dausende Leit kommen duerch d'Wasser ëm.
- 1721: De Péiter den Groussen gëtt zu Petersburg zum Zar ausgeruff.
- 1789: Frankräich: Verstaatlechung vum Kierchebesëtz (Säkularisatioun)
- 1914: Groussbritannien déklaréiert déi ganz Nordséi als Krichsgebitt an déclaréiert dobäi eng Wirtschaftsblockad géint dat däitscht Räich.
- 1917: De britteschen Ausseminister, Arthur James Earl of Balfour versprëcht der jiddescher Bevëlkerung déi dee Moment a Palestina ënner brittescher Verwaltung wunnen, en eegene Staat.
- 1975: Um Fluchhafe Findel zu Lëtzebuerg gëtt di nei Aérogare ageweit.
- 1976: Matt 51 Prozent vun de Stëmmen gewënnt den Jimmy Carter géint de President a Republikaner Gerald Ford, den Nofolger vum Richard Nixon, a gëtt Präsident.
- 1999: De franséische Finanz- an Wirtschaftsminister Dominique Strauss-Kahn fält iwwert séng Verwécklung an e Fälschungsskandal a gëtt op.
- 2004: Den George W. Bush gëtt matt 51 % vun de Stëmmen (géint 49 % fir den John Kerry) als President erëmgewielt.