Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Brout - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Brout

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Däitscht Karbrout
Vergréisseren
Däitscht Karbrout
Franséischt wäisst Brout
Vergréisseren
Franséischt wäisst Brout
Tierkescht Fluedebrout
Vergréisseren
Tierkescht Fluedebrout
Schwedescht Knäckebrout
Vergréisseren
Schwedescht Knäckebrout
Englescht Toastbrout
Vergréisseren
Englescht Toastbrout

Brout ass en traditionellt Liewensmëttel, dat aus engem Deeg vu gemuele Käre (Miel), Waasser, engem Dreifmëttel (meeschtens Hief), Salz an eventuell anere Bestandeeler gebak gëtt.

Dat Haart, Baussenzecht gëtt Kuuscht genannt, dat Mëllt bannendra Bréissem, an déi zwéin Enner bei engem längelzeche Brout, Knaus. Eng Tranche Brout heescht Schmier. Déi meescht Broutdeegzorte kënnen och a méi klengen, ongeféier fauschtgrousse Portioune gebak ginn; dëst sinn da Bréidercher.

[Änneren] Broutzorten

Et ginn zwou Grondzorte vu Brout: deeës aus gesaiertem Deeg an deeës aus ongesaiertem. Bei gesaiertem Brout, deeër zu Lëtzebuerg geleefegster Zort, gëtt en Dreifmëttel (Hief oder Deessem) an d'Brout gemëscht. Dëst geet virun a beim Baken "op", doduerch ass et mëll a lëfteg bannendrann. Ongesaiert Brout, dat net opgeet, gëtt meescht zu Fluede verschafft.

Déi geleefegst Zorte Miel fir Brout si vu Weess a vu Kar, oder aus Mëschunge vun deenen zwee. Karbrout gëtt och alt "schwaarzt Brout" genannt, Weessbrout "wäisst Brout".

Gewéinlech gëtt Brout no de Kären, aus deenen et besteet (Spelzbrout), deem, wat soss derbäikënnt (Kürbiskärebrout), no senger Form (Baguette) oder sengem Gewiicht (Zweepënner) benannt.

[Änneren] Kulturgeschichtleches

An Europa gëtt et mat am meeschte verschidden Zorte Brout. An der orientalescher Kiche si Fluedebrouter beléift, an Indien ginn et déi méi kleng Varianten dovunner wéi Chapati oder Papadam, a Pakistan gëtt Puri gebak. A Südostasien kënnt d'Brout kaum vir, an Nordchina awer schonns, a Form vu gedëmpten Hiefdeegbréidercher. An Australien sinn Damper eng Spezialitéit. Aus Mexiko kommen Tortillaen aus Maismiel, an Afrika gëtt Fluede-Brout aus gemuelenem Maniok, Mill oder Mais gebak.

Nieft senger Roll als Liewensmëttel huet d'Brout och eng grouss symbolesch a spirituell Bedeitung. Bei ville Vëlker, déi Akerbau bedriwwen hunn, huet d'Brout als helleg gegollt, an et goufen eng Rëtsch Ritualer ronderëm d'Baken oder d'Uschneiden. Bei bestëmmte reliéise Feirlechkeete goufen traditionnell Brouter a bestëmmte Forme gebak (de Boxemännchen z.B. ass e Relikt dovunner). Och haut nach gëtt op ville Plaze Brout a Salz gereecht, fir een z'emfänken, oder fir eng Hochzäit oder en neit Haus ze zelebréieren.

An der jiddescher a chrëchtlecher Relioun spillt d'Brout och eng wichteg Roll. Sou gëtt beim jiddesche Pessach-Fest ongesaiert Brout giess, fir un den Auszuch aus Egypten z'erënneren. Am chrëschtleche Eise Papp-Gebiet gëtt als éischt drëm gebieden, "dat deeglecht Brout" ze kréien; an der Lithurgie ass d'Broutbriechen, a Form vun enger Hostie, en zentraalt Thema.

Politesch war d'Fuerderung no (genuch) Brout ëmmer wichteg: Esou ass eng vun den Ursaache vun der Franséischer Revolutioun en Opstand, well et net genuch Brout gouf.

Brout gëtt et an Ausdréck ewéi:

  • Brout a(n Zirkus)spiller, eng éischte Kéier vum Dichter Juvenal gebraucht.
  • säi Brout/seng Kuuscht verdéngen
  • de Mënsch lieft net vum Brout eleng
  • bei Waasser a Brout

[Änneren] Kuckt och

Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com