Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions Russland - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Russland

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.


Image:Qsicon Ueberarbeiten.png Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Российская Федерация
Rossiyskaya Federatsiya
(Detailer) (Detailer)
National Devise: keng
Offiziell Sprooch: Russesch
Haaptstad:
 - Bevëlkerung:
 - Koordinaten:
Moskau
10.381.288 (1. Januar 2005)
55°75'N, 37°62'E
President: Wladimir Putin
Chef vun der Regierung: Michail Fradkow
Fläch:
 - Total:
 - % Waasser:
Op 1. Plaz
17.075.400 km²
0,5%
Bevëlkerung:
 - Total:
 - Bevëlkerungsdicht:
Op 6. Plaz
143.420.309 (Juli 2004)
8,4/km²
Onofhängegkeet: 12. Juni 1990 (ausgeruff)

26. Dezember 1991 (Zesummebroch vun der Sowjetunioun)

Nationalfeierdag: 12. Juni
Relioun: Russesch-Orthodox Kierch
Währung: Rubel
Zäitzon: UTC+2 bis +12
Nationalhymn: Hymn vun der Russescher Federatioun Lauschtert
Internet TLD: .ru
International Virwahl: 7
Geschicht vum russesche Räich
Vergréisseren
Geschicht vum russesche Räich

Russland (russ. Россия), bzw. Russesch Federatioun (russ. Российская Федерация) – déi zwou Bezeechnunge si gläichwäerteg – ass eng Federatiounsrepublik an Ost-Europa an Asien. Et ass de flächeméisseg gréisste Stat vun der Äerd. Säin Territoire ëmfaasst grouss Deeler vun Osteuropa an Nordasien. Den alen ostslawesche Numm fir d'Gebitt vun der heiteger Ukraine, Wäissrussland an dee vu Slawe bewunnten Deel vum europäesche Russland war Rus (cf. Kiewer Rus), deen dovunner ofgeleete mëttelalterleche laténgesche Numm war Ruthenia, a latiniséierter slawescher Versioun Russia (zënter dem fréien 18. Joerhonnert Rossija).

Wiertlech iwwersat bedeit Rossijskaja Federazija‚ "Russlännesch Federatioun" (vu Rossija‚ "Russland"). D'Statsbezeechnung ass ganz bewosst net Russkaja Federazija, fir och déi net-russesch Ethnien anzebezéien. Wa vum russesche Vollek oder der russeschsproocheger Kultur Rieds ass, dat seet een dofir am Russesche russkij (m)/russkaja (f)/russkoje (n) ("russesch"). Mee wann de Staat Russland gemengt ass, gebraucht een d’Adjektiv rossijskij (m)/rossijskaja (f)/rossijskoje (n).

Inhaltsverzeechnes

[Änneren] Geschicht

Haaptartikel: Geschicht vu Russland

Déi fréiste Geschicht vum eigentlechen, europäesche Russland (fir d'Geschicht vum asiateschen Deel, cf. Geschicht vu Sibirien) ass am Norden geprägt vu finno-ugresche Vëlker a Balten, an am Süde vun den indogermanesche Steppvëlker vum Kurganvollek, de Kimmerier, Skythen, Sarmaten an Alanen; spéider koumen hei nach Griichen, Goten, Hunnen an Awaren derbäi. An der Mëtt, tëschent dem Dnjepr an dem Bug, huet d'Ethnogenese vun de slawesche Vëlker stattfond, déi zënter dem 6. Joerhonnert ugefaang hunn, sech och no Norden an Osten auszebreeden.

Zënter dem 8. Joerhonnert si schwedesch Wikinger iwwert déi osteuropäesch Flëss gefuer, hu Stied a Siedlunge gegrënnt a sech mat der slawescher Virbevëlkerung vermëscht. Dës Zaldote-Geschäftsleit, déi och nach Waräger oder Rus genannt goufen, ware staark un der Grënnung vum éischten ostslawesche Stat bedeelegt, der "Kiewer Rus", mat Zentren zu Kiew an Nowgorod. Am südleche Steppegebitt an un der Wolga waren dogéint Räicher vun aus Asien agestréimten Turkvëlker, de Chasaren an de Wolgabulgaren, entstanen, mat deenen d'Rus Handel gedriwwen, mee och dacks Kricher gefouert huet. Intensiv Kontakter mat dem Byzantinesche Räich hu schliisslech 988 zur orthodoxer Christianiséirung vun der Kiewer Rus gefouert.

Am 12. Joerhonnert huet d'Kiewer Rus ugefaang ze zerfalen, wat et de Mongolen ënnert dem Dschingis Khan, déi vun 1223 un agefall sinn, méi einfach gemat huet, fir déi zerstridde russesch Fürstentümer ze ënnerwerfen. D'Gëllen Hord huet esou fir zwee Joerhonnerten e groussen Deel vu Russland beherrscht. Ënnert der mongolescher Herrschaft huet sech déi russesch ("groussrussesch") Natioun erausgebilt. D'Groussfürstentum Moskau konnt sech schliisslech vun der mongolescher Friemherrschaft befreien, an de Groussfürst Iwan IV., dee Schrecklechen, huet sech 1547 zum éischten "Zar vun der ganzer Rus" kréine gelooss. Ënnert senger Herrschaft huet och d'Eruewerung vu Sibirien ugefaang, déi russesch Kosake fir d'éischt am 17. Joerhonnert bis un de Pazifik bruecht huet.

Ugaangs des 18. Joerhonnerts huet den Zar Péiter de Groussen dat deelweis a mëttelalterleche Strukture festgefuere russescht Räich fir westeuropäesch Aflëss opgemat a Wëssenschaft a Kultur ënnerstëtzt. D'Zarin Katharina déi Grouss ass dem Péiter säi Wee weidergaangen an huet eng konsequent Expansiounspolitik bedriwwen, an deer hirem Laf si d'Schwaarzmierküst vun den Tierken eruewert (cf. Tierkekricher) a sech un den Deelunge vu Pole bedeelegt huet. 1812 sinn dem Napoleon seng Truppen a Russland agefall an hu Moskau eruewert, ier se schlussendlech awer nach geschloe goufen. Geschwënn drop ass den Zar Alexander I. als "Retter vun Europa" zu Paräis amarschéiert. Russland war dunn déi gréisste Muecht an Europa an huet e gëllent Zäitalter erlieft.

Europäeschen Deel vu Russland (1888)
Vergréisseren
Europäeschen Deel vu Russland (1888)

Zënter 1825 gouf et am onzefriddene Vollek a bäi der Intelligenzija ëmmer erëm Onrouen an Attentater (cf. Dekabristen), mee et huet bis an d'1860er Jore gedauert, bis datt et wéinstens emol zur Ophiewung vun der Leibeigenschaft koum. Trotz senger grousser Industrieproduktioun (Stol, Kuel, Ueleg, Militärgidder) ass Russland géigeniwwer de westeuropäesche Groussmächten ëmmer méi hannendrageroden. D'Industrialiséirung ass nach net an déi ländlech Provënze vum Riseräich virgedronge gewiercht, gréisstendeels huet d’Infrastruktur komplett gefeelt, d’Oarbechter an d’Baueren hate mat grousser Aarmut ze kämpfen an d’Demokratiséirung war nach wäit ewech. Dat alles huet grouss Problemer bereet, wat d’Zareräich fir d’éischt am Krimkrich an dunn 1905 bäi der Nidderlag géint Japan ganz grausam virun Ae gefouert krut. Allerdéngs war den Zar Nikolaj II. anscheinend onfäheg, aus dëse Feler ze léieren, a wichteg Reforme sinn ausbliwwen. En hat zwar noutgedrongen e Parlament geneemegt, d’Duma, mee déi hat praktesch guer keng Funktiounen, an en huet se kuerz drop esouguer erëm opgeléist.

Wéi 1914 den Éischte Weltkrich ausgebrach ass, huet eng nei patriotesch Well dat ganzt Land erfaasst. Déi Erfolleger, déi ugaangs virun allem géint Éisträich-Ungarn an d’Osmanescht Räich erziilt konnte ginn, goufe geschwënn ofgeléist vun engem Stellungs- an Ofnotzungskrich. 1917 hu schliisslech d’Onzefriddenheet an der Bevëlkerung an déi desolat Versuergungslag dozou gefouert, datt d’Moral vun de russeschen Zaldoten noginn huet an d’Front zesummegebrach ass. Den Zar gouf zum Ofdanke gezwongen. Eng biergerlech Regéirung ënnert dem Kerenski koum un d’Rudder, bis datt geschwënn drop déi vum Lenin an de Bolschewiken initiéiert Oktoberrevolutioun hir e séiert Enn bereet huet. Dorops hi koum et zu engem Biergerkrich tëschent de rouden an de wäisse Forcen, dee Millioune Mënschen d’Liewe kascht huet, an deen déi rout Bolschewiken schlussendlech gewonnen hunn. Am Laf vum Biergerkrich huet Russland 1920 Deeler vu Wäissrussland an der Ukraine (="Ostpolen") u Pole verluer.

Aus Russland a senger Kolonie Sibirien ass déi Russesch Sozialistesch Federativ Sowjetrepublik (RSFSR) ginn, an den 30. Dezember 1922 ass duerch den Zesummeschloss vun der RSFSR an all deenen anere sowjetesche sozialistesche Republiken d’UdSSR entstanen. Eng staatlech kontrolléiert Wirtschaftspolitik ass ausgeruff ginn an d’Sowjets goufen zu Proprietäre vu Buedem a Produktiounsmëttel erklärt. Dem Lenin säin Doud den 21. Januar 1924 huet zu enger wëll rosener Lutte ëm seng Nofolleg gefouert, an deer sech de Stalin géint de Leo Trotzki duerchsetze konnt. De Stalin huet du seng Muecht duerch geziilten Terror géint seng Adversairen gefestegt. Vun 1928 u gouf déi staatlech Economie Fënnefjorespläng ënnerworf, d’Industrialiséirong an d’Infrastruktur, speziell am asiatischen Deel vum Land, virugedriwwen an d’Landwirtschaft kollektivéiert.

Am August 1939 huet de Stalin e geheimen Netugrëffspakt mam Hitler ënnerschriwwen a sech esou d’Aglidderong vun den ostpolnesche Gebidder, vum Baltikum a vu Bessarabien geséchert. Nom Iwwerfall vun Däitschland op Russland den 22. Juni 1941 ass Russland un der Säit vun den Alliéierten an den Zweete Weltkrich (russ.: Grousse Krich vum Heemechtsland) agetratt. Grouss Deeler vum Weste vum Land goufe verwüst, bäi der Belagerung vu Leningrad sinn iwwert eng Millioun Zivilisten erhéngert. Schlussendlech huet déi Rout Arméi den däitschen Truppe bäi Moskau, Stalingrad a Kursk schwéier Nidderlage ze schmaache ginn. Géint der Enn vum Krich hu sowjetesch Truppen och nach japanesch Gebidder wäit hannen an Asien eruewert a besat: d’Mandschurei, Karafuto, Korea an d’Kurilen. 1945 huet d’Potsdamer Ofkommen der RSFSR dat nërdlecht Ostpreussen an déi heiteg Oblast Kaliningrad zougesprach. Vu Japan huet se nach dat südlecht Sachalin an d’Kurilen derbäikritt. Nom Enn vum Krich huet sech d'Sowjetunioun awer ëmmer méi vun deenen aneren Alliéierten ofgesat a sech groussen Afloss op seng Nopeschlänner Polen, Tschechoslowakei, Ungarn, Rumänien, Bulgarien, d’DDR an zäitweis och Albanien geséchert. An dëse Länner sinn Honnertdausende vu sowjeteschen Zaldote stationéiert bliwwen. Et koum zum Kale Krich, dee bis 1989 d’Weltpolitik dominéiert huet.

Wéi et 1991 zum Zesummebroch vun UdSSR koum, huet Russland als déi gréisste fréier Sowjetrepublik d’Ierfschaft vun der UdSSR ugeholl. Ënnert dem Präsident Boris Jelzin huet sech Russland zwar ëmmer méi demokratiséiert, mee et war och eng ganz instabill Phase fir d'Land, an deer d’Economie deelweis d’Baach erofgaangen ass. Nodeems datt de Wladimir Putin am Joer 2000 Präsident gouf, huet sech déi politesch a wirtschaftlech Lag erëm stabiliséiert. E Problem bleift awer d’Situatioun an der Republik Tschetschenien, wou Separatisten am stännege Kampf mat russeschen Truppe sinn, wat och Konsequenzen op de Rescht vum Land huet: No verschiddenen Attentater, ënnert déi och d’Geiselnam vu Beslan fällt, wou honnerte vu Kanner an enger vun tschetscheeneschen Terroriste besater Schoul ëmkomm sinn, huet de Präsident Putin konsequent Mesuren ergraff, fir d’Terrorofwier ze stäerken, wat awer no Meenung vu verschiddene westleche Medien a Politiker och riskéiert, déi demokratesch Strukturen a Russland auszehillegen. Et bleift deemno ofzewaarden, ob sech déi jonk russesch Demokratie weider- oder zeréckentwéckele wäert.

[Änneren] Geographie

Russland ass dat gréisste Land vun der Welt mat enger Fläch vun 17.075.200 km². Et ëmfaasst méi wéi en néngtel vun der Landfläch vun der Äerd. Et kann an zwee geographesch Groussraim ënnerdeelt ginn: den europäeschen an den asiateschen Deel (Sibirien). D'Grenz tëschent deenen zwee gëtt vum Ural gebilt.

Russland kann och nach a weider Beräicher agedeelt ginn: d'osteuropäescht Déifland, den Ural, d'westsibirescht Déifland, d'mëttelsibirescht Biergland, d'ostsibirescht Biergland an déi südlech Biergsystemer.

[Änneren] Nopeschlänner a Mierer

[Änneren] Grousslandschaften

[Änneren] Flëss

[Änneren] Bierger

D'Bierger sinn (alphabetesch zortéiert):

Altai, Baikalbierger, Chibinen, Kaukasus, Kolymabierger, Putoranabierger, Sajanbierger, Stanowojbierger, Stanowojhéichland, Tannu-ola-Bierger, Tscherskibierger, Ural, Werchojansker Bierger.

[Änneren] Stied & Inselen

Déi gréisste Stied vu Russland si Moskau (10,38 Mio.), Sankt Petersburg (4,18 Mio), Nowosibirsk (1,44 Mio), Nischni Nowgorod (1,31 Mio), Jekaterinburg (1,30 Mio), Samara (1,16 Mio) an Omsk (1,15 Mio).

Kuckt och:

[Änneren] Klima

[Änneren] Politik

[Änneren] Administrativ Ënnerdeelungen

[Änneren] Economie

[Änneren] Demographie

[Änneren] Verkéier

[Änneren] Kultur

[Änneren] Architektur

[Änneren] Militär

[Änneren] Literatur zum Thema

[Änneren] Um Spaweck



Aner Sproochen

Static Wikipedia (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2006 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu

Static Wikipedia February 2008 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu