Baikalbierger
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Baikalbierger leien am südëstleche Russland (Asien). Den héchste Punkt läit bäi 2.574 m iwwert NN.
Si gehéieren zu den héije Südsibiresche Bierger a stoussen am Norden un dat Mëttelsibirescht Biergland, am Nordosten un d'Stanowojhéichland, a südleche Richtungen un de Baikalséi, an am Weste gi se iwwert d'Dall vun der Lena, déi an dëse Bierger hir Quell huet, an d'Dall vun der Angara iwwer.
D'Baikalbierger si just ganz dënn besidelt.