Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions Paräis - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Paräis

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Paris
Land Frankräich
Regioun: Île-de-France
Departement: Paräis
Koordinaten: 48°51'N, 02°20'E
Fläch: 105,40 km²
Awunner: 2.110.694 (2005)
Bevëlkerungsdicht: 20.025,6 / km²
Héicht: 33 m i. NN
Buergermeeschter: Bertrand Delanoë (PS)
Satellitefoto vu Paräis
Vergréisseren
Satellitefoto vu Paräis

Paräis (fr. [paˈʀi]) ass d'Haaptstad vu Frankräich a vun der Regioun Île-de-France. An eeleren, meeschtens laténgeschen, Texter gëtt Paräis och Lutetia bzw. Lutezia genannt. De Floss Seine deelt d'Stad an en nërdlechen Deel (rive droite - rietst Seineufer) an e südlechen Deel (rive gauche - lénkst Seineufer). Paräis huet am eigentleche Stadgebitt 2.110.694 Awunner, an an der Agglomeratioun liewen 11.501.738 Mënschen (Stand 1. Januar 2005).

Déi Uertschafte vun der Banlieue, déi baussent der Réngautobunn (boulevard périphérique) leien, si selbstänneg verwalt an zielen doduerch net wierklech zur Stad Paräis mat hiren zwanzeg Arrondissementer am verwaltungsrechtleche Sënn. Paräis ass eng Weltstad an dat grousst politescht, wirtschaftlecht a kulturellt Zentrum vum zentralistesch organiséierte Land, an ass och deem seng gréisste Verkéiersachs (ënnert anerem mat dräi Fluchhäfen a sechs Kappgaren). Paräis ass och de Sëtz vun der UNESCO, der OECD an der ICC.

Inhaltsverzeechnes

[Änneren] Geographie

[Änneren] Geographesch Lag

Regioun Île-de-France mat Paräis
Vergréisseren
Regioun Île-de-France mat Paräis

D'Stad läit am Zentrum vum Paräisser Baséng durchschnëttlech 65 Meter iwwert dem Mieresspigel. D'Seine trëtt, je no Waasserstand, mat enger Héicht vu 25 Meter iwwer Normalnull aus der Stad eraus. Paräis ass ëmginn vun den zwéi grousse Stadbëscher, déi der Bevëlkerung als Noerhuelungsgebitt dingen.

D'Stadgebitt huet eng Fläch vun 105,4 Quadratkilometer. D'Metropolregioun huet eng Buedefläch vun 14.518 Quadratkilometer.

De Meridian vu Paräis, dee 1718 vum Jacques Cassini festgeluegt an 1806 vum franséische Physiker Arago präzis berechent ginn ass huet bis an d'Joer 1884 (International Meridian-Konferenz zu Washington) ee vu villen Nullmeridianen duergestallt. En ass matzen duerch de Paräisser Observatoire gaangen, a gouf duerch verschidde Sailen souwéi duerch déi verschidden Arago-Medaillonen gekennzeechent, déi 1995 vum hollännesche Konzeptkënschtler Jan Dibbets diskret an de Pavé, op Trottoiren, Häff a verschidde Gebaier (ënner anerem de Louvre) agelooss goufen, als eng Hommage un de Physiker a Mënscherechtler. Vun den ursprénglech 135 Plakette sinn der e puer zënter der Verëffentlechung vum Dan Brown sengem Erfollegsroman The Da Vinci Code geklaut ginn.

[Änneren] Seine

D'Seine verbënnt Paräis mam Banneland (Bourgogne) a mam Äermelkanal. Si war de wichtegste Faktor fir d'Entstehung an d'Entwécklung vun der Stad, déi hiren Ursprong op der gréisster Seineinsel, vun denen et fréier eng ganz Partie gouf, fonnt huet. D'Seine deelt d'Stad an zou ongläich Halschenten, déi nërdlech, mam Handel an de Finanzen (rive droite) an déi südlech (rive gauche), déi mat dem Quartier Latin als Véirel vun den Intellektuellen ugesi gëtt, an als Wunngéigend staark gefrot ass.

[Änneren] Inselen

Île des Cygnes
Vergréisseren
Île des Cygnes

D'île de la Cité am Häerz vun der Stad war schonn an der Antikitéit bewunnt, an ass domadder den eelsten Deel vun der Haaptstad. 1584 huet den Henri III. dräi sumpfeg Insele vun der ëstlecher Inselspëtzt matenee verbonnen, a si un déi grouss ugegliddert. Domadder ass d'Fläch am Laf vun de Joerhonnerte vun ursprénglech 8 op insgesamt 17 Hektar eropgaangen. Sou konnt eng "kinneklech" Plaz entstoen (Place Dauphine) entstoen, an aus dem Verkaf vun den Haiser konnten d'Sue beschaf ginn, fir eng Bréck ze bauen, déi déi zwéi Seine-Ufere matenee verbanne sollt. Dës sougenannten "Nei Bréck" (Pont Neuf) ass haut déi eelste Bréck vu Paräis, déi nach erhalen ass.

Och d'Île Saint-Louis ass eng Zesummefügung vun zwou klengen Inselcher, der Île aux Vaches an der Île Notre Dame. Am Géigesaz zu hirer grousser Schwëster, der Cité, ass si bis zum Ufank vum 17. Joerhonnert onbebaut bliwwen. Am Joer 1614 huet de Louis XIII. dem Entrepreneur Christophe Marie den Optrag ginn, d'Géigend z'erschléissen. De Marie huet een Aarm vun der Seine zougeschott, ronderëm déi zwou Inselen eng Kaimauer baue gelooss, souwéi Brécken zu de Flossuferen. Zënter ongeféier 1618 gouf d'Gelänn mat Haiser fir Handwierker a Kafleit bebaut, zënter 1638 och mat luxuriéise Stadpalaisen fir déi méi gehuewe Klass. D'Bebauung ass no engem feste Grondplang mat riichte Stroosse gemaach ginn, deen een och haut nach erkenne kann.

(Kuckt och: Plang vun der Île Saint-Louis)

Déi fréier Île des Cygnes (Schwaneninsel) gouf 1773 mam Champ de Mars, dem Manöverfeld vun der Militärschoul, verbonnen. Haut dréit net wäit vum Eiffeltuerm en Damm, deen un der Seine ugeluegt ginn ass, den Numm Allée des Cygnes. Op him steet eng 11,50 Meter héich Kopie vun der Fräiheetsstatu. Si kuckt no Westen, a Richtung Atlantik, an domadder zu hirer "grousser Schwëster" am New Yorker Hafen. En opfällegt Bauwierk op der Île des Cygnes ass déi 380 Meter laang Bréck Pont de Bir-Hakeim. Si besteet aus verschiddenen Deeler: enger 114 Meter laanger Bréck iwwert den Haaptaarm vun der Seine, dem Abschnitt op der Insel, enger 90 Meter laanger Bréck iwwert den Niewenaarm vun der Seine souwéi den „Zoufahrtsviadukte“ vum Paräisser Metro.

[Änneren] Hiwwel

Déi héchsten natierlech Erhiewung bannent de Stadgrenzen ass den Hiwwel Butte Montmartre mat enger Héicht vun 129 Meter. Op den Hiwwel fiert d'Standseelbunn Funiculaire de Montmartre. Um Nordhang gouf e Wäibierg ugebaut, deen awer zënter am Parc Georges Brassens an am Parc de Bercy Wäindrauwe wuessen, net méi deen eenzege vu Paräis ass.

[Änneren] Geologie

De Paräisser Baséng bild eng grouss Schichtstufelandschaft. Schlësselfërmeg leien hei d'Schichte vum Mesozoikum a vum Paläogen (fréier Altertiär) anenaner a si vun der Ofdroung zu enger wäitgespaanter Stufelandschaft ausgeschafft ginn, deeër hir Stufe sech jeweils no bausse riichten.

Nëmmen am ëstlechen Deel herrschen am Offall vun dëse Stufe géint d'Saône-Furch tektonesch Brochlinne fir. Si bewierken déi géi Offäll vum Plateau vu Langres an der Côte-d’Or (bis 636 Meter), déi och berühmte Wäibaugebidder sinn, well si am Reeschied vun der Leesäit eng gréisser Sonneschäindauer hunn, an doriwwer eraus och nach d'Virdeeler vun der Südexpositioun genéissen.

Eng gewëssen Ongläichfërmegkeet besteet asoufern, wéi d'Schichtefolleg am nordëstlechen Deel méi vollkommen ass, ewéi am Westen. Déi méi staark Eraushiewung vum Ostfligel huet och allgemeng méi grouss Héichtenënnerscheeder an eng méi markant Erausbildung vun de Stufe mat sech bruecht. An de Baséng eran ragt als bedeitend Stuf déi vun den Eozäne-Kalléker op, wou bannendran d'Île-de-France, d'Ballungsgebitt vu Paräis, agebett läit.

[Änneren] Stadglidderung

Kaart vun den Arrondissementer
Vergréisseren
Kaart vun den Arrondissementer

Paräis gouf am Joer 1790 Verwaltungssëtz vum Département Seine (75) an ass zënter der Neiglidderung vum Département vun der Île-de-France am Joer 1968 gläichzäiteg Stad an Département. Ofgesi vun der geographescher Glidderung a rive droite, rive gauche an „Inselen" ass si an arrondissements an a quartiers ënnerdeelt.

Déi 20 nummeréiert arrondissements (ofgekierzt Arrdt.) droen d'Postleitzuelen 75001 bis 75020 an durchzéie Paräis spiralfërmeg vu bannen no baussen. D'Spiral fänkt am historesche Stadkäer unn, der Géigend vum Louvre, Palais Royal a Forum des Halles, a geet am Oste vun der Stad, dem Arrondissement vum Kierfeg Père Lachaise op en Enn. All Arrondissement huet säin eegene Buergermeeschter (Maire d'Arrondissement), deen am Buergermeeschteramt vu sengem Bezierk (Mairie de l'Arrondissement) residéiert. All Bezierk ass séngersäits nach a véier quartiers agedeelt.

D'Arrondissementer vu Paräis sinn: 1. Louvre, 2. Bourse, 3. Temple, 4. l'Hôtel de Ville, 5. Panthéon, 6. Luxembourg, 7. Palais Bourbon, 8. l'Elysée, 9. l'Opéra, 10. l'Entrepôt, 11. Popincourt, 12. Reuilly, 13. Gobelins, 14. l'Observatoire, 15. Vaugirard, 16. Passy, 17. Batignolles-Monceaux, 18. Butte-Montmartre, 19. Buttes-Chaumont und 20. Ménilmontant.

Kuckt och: Lëscht vun de Paräisser Arrondissementer a Quartieren

[Änneren] Klima

Klimadiagramm Paräis
Vergréisseren
Klimadiagramm Paräis

Paräis läit an der gemässegter Klimazon. D'Joeresmëtteltemperatur bedréit 10,6 Grad Celsius an et falen am Duerchschnëtt pro Joer 639 Millimeter Néierschlag.

De wäermste Mount ass de Juli mat an der Moyenne 18,0 Grad Celsius, de keelste Mount ass de Januar mat an der Moyenne 3,4 Grad Celsius. De meeschte Néierschlag fällt am Juni mat an der Moyenne, am Mannsten Néierschlag fällt am Februar an am Abrëll mat an der Moyenne 45 Millimeter.

Zënter 1873 ginn zu Paräis regelméisseg meteorologesch Miessunge gemaach. Déi déifsten Temperatur gouf den 10. Dezember 1879 mat -23,9 Grad Celsius. Den Hëtzterekord gouf mat 40,4 Grad Celsius den 28. Juli 1947 im Parc Montsouris gemooss.

[Änneren] Geschicht

  Kuckt och den Artikel Geschicht vu Paräisd'Artikelen [[{{{2}}}]] an [[{{{3}}}]]d'Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] an [[{{{6}}}]]d'Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] an [[{{{10}}}]]. 

Lutetia
Vergréisseren
Lutetia

D'Stad huet sech zënter der Mëtt vum 3. Joerhonnert v. Chr. aus der keltescher Siidlung Lutuhezi entwéckelt, déi vum Stamm vun de Parisii bewunnt war, an op der Seine-Insel luch, déi haut Île de la Cité heescht. Deen éischte Bestanddeel vum Numm staamt vun der keltescher Wuerzel luta, also "Supp/Mouer", sou datt de ganze keltesch-réimesche Numm Lutetia Parisiorum, also "flaach Supp vun de Parisier" bedeit. Den Hiwäis op d'Supp goung dunn am Laf vun der Zäit verluer.

No der Eruewerung vun der Siidlung duerch d'Réimer am Joer 52 v. Chr. hunn d'Parisii hiert Inselfort niddergebrannt an et de Réimer iwwerlooss. Déi hunn d'Stad als Lutetia erëm opgebaut, se befestegt an och op dat lénkt Seineufer ausgebreet. Do sinn Thermen, e Forum an en Amphitheater entstanen. D'Stad gouf am réimesche Räich als Civitas Parisiorum oder Parisia bekannt, blouf awer am besate Gallien ugaangs relativ onbedeitend.

Paräis 1493
Vergréisseren
Paräis 1493

Am 5. Joerhonnert ass d'réimesch Herrschaft duerch d'Merowinger op en Enn gaangen. Am Joer 508 wor Paräis d'Haaptstad vum Merowingerräich ënnert dem Clovis I. (466-511) ginn. Dono gouf si ënnert engem vu senge Jongen zum fränkeschen Deelkinnekräich Paräis. Wärend der Karolingerherrschaft hunn d'Normannen ëmmer nees d'Stad iwwerfall. D'Kapetinger hu Paräis nees zur Haaptstad vu Frankräich gemaach. De Philippe II. Auguste (1165-1223) huet d'Stad befestege gelooss. 1190 gouf eng Mauer um rietsen Ufer vun der Seine gebaut an am Joer 1210 e Wall um lénken Ufer. Zu dëser Zäit gouf et um rietse Seineufer vill Händler. Ausserdem huet de Philippe II. de Louvre an Optrag ginn.

1181 ass déi éischt iwwerdaachte Machthal opgaangen an 1301 ass op der Île de la Cité e Kinnekspalais gebaut ginn. D'Sorbonne huet sech am Süde vu Paräis aus enger jett méi klenge Schoulen entwéckelt. De Charles V. (1338-1380) huet um lénkse Seineufer d'Mauer zum Schutz vun der Stad virun den Englänner erneiere gelooss. 1370 gouf op seng Veruloossung um rietsen Ufer, wou hat d'Grands boulevards verlafen, och eng Mauer gebaut ginn. Wärend dem Honnertjärege Krich war Paräis vu 1420 bis 1436 vun den Englänner besat.

De Stuerm op d'Bastille de 14. Juli 1789
Vergréisseren
De Stuerm op d'Bastille de 14. Juli 1789

Wärend de Reliounskricher tëscht 1562 a 1598 ass d'Stad a kathouleschem Besëtz bliwwen. An der Bartholomäusnuecht de 24. August 1572 goufen zu Paräis Dausende vun Hugenotten higeriicht. Op Uerder vum Louis XIV. (1638-1715) goufe Stroossebeliichtungen installéiert, d'Waasserversuergung moderniséiert an d'Spideler Invalides a Salpêtrière gebaut. Hien huet d'Stadmauere vu Paräis ofdroë gelooss an an hirer Plaz d'Grands boulevards baue gelooss. D'Residenz vum Kinnek gouf op Versailles verluegt. Paräis ass awer de politeschen Zentrum vu Frankräich bliwwen, wat op d'héich Bevëlkerungszuel an d'wirtschaftlech Roll am Land zeréckzeféiere war.

Wéi am Joer 1789 d'Franséisch Revolutioun ausgebrach ass, war et d'Bevëlkerung vu Paräis, déi de Wee zu der Ofschafung vun der Monarchie an zu der Aféierung vun der éischter franséischer Republik fräigemaach huet. 1844 gouf zu Verdeegeungszwecker do wou hat de Boulevard Périphérique verleeft, eng nei Stadbefestegung gebaut mat enger Längt vun 39 Kilometer. Si war mat hire 94 Bastiounen a 16 Forts déi gréisste Befestegungsanlag vun der Welt.

D'Weltausstellung 1900
Vergréisseren
D'Weltausstellung 1900

Paräis war an de Joeren 1855, 1867, 1878, 1889, 1900 an 1937 d'Veranstaltungsplaz vu sechs Weltausstellungen, déi d'kulturell a politesch Bedeitung vun der Stad ënnerstrach hunn. Nom Néiergang vum Second Empire wéi däitsch Truppen 1871 op Paräis amarschéiert sinn, koum et zu der Commune vu Paräis, déi sech aus Arbechter, Handwierker a Klengbierger zesummegesat huet, géint déi konservativ provisoresch Regierung vun der Republik. Eng Bléizäit huet Paräis tëschent 1871 an 1914 an der Belle époque erlieft. Un der Gare de Lyon, dem Pont Alexandre III an de Métrosstatiounen ass de Stil vun dëser Zäit z'erkennen.

1921 hat Paräis mat knapp dräi Milliounen déi héchsten Awunnerzuel vu senger Geschicht erreecht. De städtesche Wunnengsbau ass der Nofro net méi nokomm. Wärend dem Zweete Weltkrich war d'Stad tëscht 1940 an 1945 vun der däitscher Wehrmacht besat. 1968 koum et zu Studenterevolten a Massestreiken. 2005 koum et zu Onroue vu Randaléierer an de Viruerter vun der Haaptstad, déi sech lues a lues op d'ganzt Land ausgebreed hunn.

[Änneren] Bevëlkerung

[Änneren] Relioun

D'Kierch Notre-Dame
Vergréisseren
D'Kierch Notre-Dame

Ëm déi 80 Prozent vun den Awunner si gedeeft, ronn 75 Prozent bekenne sech zum kathoulesche Glawen, déi meescht praktizéieren de Laténgesche Ritus, verschiddener och den armeneschen a ukrainesche Ritus. Den Äerzbëschof vu Paräis ass fir d'Katholike vun den ëstleche Riten zoustänneg. Zu Paräis gëtt et an de politesche Grenze vun der Stad 94 kathoulesch Gemengen, des Weidere 15 griichesch- a russesch-orthodox Kierchen, siwe Synagogen fir déi ronn 220.000 Judden an zwou Moscheeë fir déi ronn 50.000 Moslemen, haaptsächlech Sunniten. Nëmme knapp 12% vun de Chrëschten an ca. 15% vun de Judde praktizéieren hire Glawen.

D'Regioun Île-de-France ass och en Zentrum vum arabesch-islamesche Liewen an Europa. Am Laf vum 20. Joerhonnert ass d'Zuel vun de Moslems an der Metropolregioun op schätzungsweis eng Millioun (10% vun den Awunner) geklommen. Besonnesch zënter Ufank vun de 1960er Joere si vill Awanderer aus Nordafrika (Algerien, Marokko und Tunesien) an d'Banlieue vu Paräis kopmm. D'Spannungen tëschent de verschiddene Reliounen hunn zënter den 1980er Joeren zougeholl.

No de Wahlerfolleger vum rietsradikale Front National (FN) vum Jean-Marie Le Pen bei de Kommunalwahlen 1983 koum et an der Regioun an a wäiten Deeler vum Land zu enger Well vu rassistescher Gewalt géint Moslems aus Nordafrika. Besonnesch nodeems den Noostkonflikt no den Uschléi vum 11. September 2001 zu New York nees opgeflamt ass, koum et zu weidere rassisteschen an antisemitesche Strofdoten.

Dës Fakte sollen awer op kee Fall iwwerdriwwe ginn. Den Alldag vun de Paräisser ass vun engem Multikulturalismus geprägt, deen zu enger bemierkenswäerter Spezifizitéit vun der Stad ginn ass.

[Änneren] Awunnerentwécklung

De bestännege Réckgank vun der Bevëlkerung an der Antikitéit an am Mëttelalter ass op déi vill Kricher, Epidemien an Hongersnéit zeréckzeféieren. Sou si suguer nach am Joer 1832 bei enger Choleraepidemie ronn 20.000 Mënsche gestuerwen. Eréischt d'Inudstrialiséierung am 19. Joerhonnert huet zu engem staarke Wuesstum vun der Bevëlkerung gefouert. 1846 hunn zu Paräis ronn eng Millioun Leit gewunnt, bis 1876 hat sech dës Zuel op 2 Millioune verduebelt. 1921 hat d'Awunnerzuel vu Paräis mat knapp 3 Milliounen Awunner hiren historeschen Héichpunkt erreecht. Géigewäerteg liewen eppes méi wéi zwou Millioune Leit an der Haaptstad selwer. Zënter 1954 huet eng 3/4 Millioun Awunner Paräis nees verlooss.

Verschiddener sinn an d'Provënz geplënnert, mee d'Majoritéit an d'Banlieue. Sou huet sech d'Bevëlkerungszuel vun der Metropolregioun, zu deeër nierft Paräis och d'Regioun Île-de-France gehéiert, vu 5,85 Milliounen am Joer 1946 op 11,6 Milliounen am Joer 2005 verduebelt. Den Haaptgrond fir d'Ofwanderung waren d'Präisser vun de Wunningen, déi ëmmer méi an d'Luut gaange sinn. Mee och d'Dezentraliséierung vu verschidden Industriebrachen an de Bau vu ville Bürosgebaier hunn eng wichteg Roll fir de Bevëlkerungsverloscht vun der Haaptstad gespillt.

Am Verlaf vum 20. Joerhonnert huet sech Paräis zu enger multikultureller, kosmopolitescher Stad entwéckelt. Den Haaptdeel vun den Immigrante kënnt aus Algerien, Portugal a Spuenien. Insgesamt liewen eng 40 verschidden Nationalitéiten zu Paräis (vun Nordafrika iwwer Südamerika bis Indochina).

Déi folgend Iwwersiicht weist d'Awunnerzuele nom jeweilege Gebittsstand. Bis 1784 handelt et sech ëm Schätzungen vun den Historiker Jacques Dupâquier an Alfred Fierro, vun 1790 bis 1999 ëm Resultater vun der Vollékszielung a fir 2005 ëm eng Berechnung.

        Joer         Awunner
150 80.000
363 20.000
510 30.000
1000 20.000
1180 110.000
1250 215.000
1365 275.000
1500 200.000
1589 300.000
1637 415.000
1675 500.000
1700 600.000
1784 660.000
1790 524.186
1796 556.304
1801 546.856
        Joer         Awunner
1807 580.609
1817 713.966
1831 785.862
1836 909.126
1841 935.261
1846 1.053.297
1851 1.053.262
1856 1.174.346
1861 1.696.141
1866 1.825.274
1872 1.851.752
1876 1.988.813
1881 2.239.928
1886 2.260.945
1891 2.447.957
1896 2.536.834
Joer Awunner
24. Mäerz 1901 2.714.068
4. Mäerz 1906 2.763.393
5. Mäerz 1911 2.888.110
6. Mäerz 1921 2.906.472
7. Mäerz 1926 2.871.429
8. Mäerz 1931 2.891.020
8. Mäerz 1936 2.829.746
10. Mäerz 1946 2.725.374
10. Mee 1954 2.850.189
7. Mäerz 1962 2.753.014
1. Mäerz 1968 2.590.771
20. Februar 1975 2.317.227
4. Mäerz 1982 2.188.918
5. Mäerz 1990 2.152.423
8. Mäerz 1999 2.125.246
1. Januar 2005 2.138.551

[Änneren] Entwécklung vun der Wunnsituatioun

Ufank vun de 1960er Joeren gouf zu Paräis mat enger groussugeluegter Stadsanéierung an Entwécklung vum Stadbau ugefaangen. Am ëstlechen a südëstlechen Deel vun der Haaptstad goufe ganz Véirel renovéiert. An der Ëmgéigend vun de moderniséierten an neie Garen Gare de Lyon a Gare Montparnasse sinn nei Staddeeler an Dingschtleeschtungszentren entstanen.

Duerch dës Agrëffer goufen awer och vill historesch Gebaier zerstéiert, wat zu Protester vu villen Awunner gefouert huet. D'urbanistesch Entwécklung huet zu Véirel a Betonbauweis gefouert, an Héichhaiser aus Glas a Stol, wouduerch Paräis denen anere Grousstied ëmmer méi ähnlech ginn ass. D'Wunningen am Zentrum sinn ëmmer méi deier ginn, an déi méi arm Awunner sinn an d'Banlieue geplënnert, wärend déi méi räich sech an der Stad selwer néiergelooss hunn. Och vill Awanderer déi virun allem aus Nord- a Schwaarzafrika komm sinn, hunn sech an de leschte Joerzéngten an de Betonssidlungen um Bord vun der Stad néiergelooss.

A Frankräich gouf iwwer Joerzéngten d'Awanderung vu Millioune vu Mënschen aus dem aussereuropäesche Raum gefërdert, ouni d'Folgen z'analyséieren an ze verschaffen. Et kënnt ëmmer nees zu Gewaltausbréch an der Paräisser Banlieue, wat fir d'Experten en Zeeche fir d'Roserei vu ville Jugendlechen iwwert de relativen Armut, de Rassismus, d'Perspektivlosegkeet an d'Massenarbechtslosegkeet ass, déi besonnesch d'Migranten an den Trabantestied betrëfft.

[Änneren] Politik

[Änneren] Stadregierung

Den Hôtel de Ville vu Paräis
Vergréisseren
Den Hôtel de Ville vu Paräis

Zënter dem 18. Mäerz 2001 ass de Bertrand Delanoë vun der Sozialistescher Partei Buergermeeschter vu Paräis. Den Delanoë war den éischte lénke Politiker, deen an de bis dohinner immens konservativen Hôtel de Ville an der Stad erageplënnert ass. Hie konnt am Staatsrot (163 Memberen) all 92 Stëmme vu senger rout-grénger Lëscht fir sech gewannen. Deen eenzege Géigekandidat war den ale Buergermeeschter Jean Tiberi, deen nëmmen 12 Stëmme krut. Paräis gouf bisewell traditionell vun der gaullistescher RPR-Partei beherrscht; de konservative Staatspresident Jacques Chirac war vun 1977 bis 1995 selwer Buergermeeschter vun der Haaptstad. Déi riets Parteie waren awer zerstridden an d'Kommunalwahlen eragaangen, an hu sou hir Chance op eng Victoire verklengert.

Den éischte Buergermeeschter vun der Haaptstad, de Jean-Sylvain Bailly, gouf de 15. Juli 1789 vun der Paräisser Selbstverwaltung agesat. Well d'Commune un der diktatorescher Schreckensherrschaft (Terreur) bedeelegt war, gouf si 1794 vun 12 getrennten an dezentraliséierte Gemengeverwaltungen ersat. Der Staat huet d'Kontroll iwwert d'Stad iwwerhol, an huet d'Amt vum Präfekt vun der Seine (Préfet de la Seine) geschaf. Während der Biergerlecher Revolutioun vun 1848 an der Commune vu Paräis vun 1870/1871 huet fir e puer Méint e Buergermeeschter d'Soen iwwert d'Stad gehat.

Den 20. Mäerz 1977 gouf de Jacques Chirac den éischte fräi gewielte Buergermeeschter vu Paräis. D'Haaptstad, déi bis elo ënnert engem Präfekt stoung, dee vun der Regierung ernannt gi war, krut de selwechte Status wéi all aner Gemengen a Frankräich. Eng Ausnam ass awer d'Police, déi weiderhinn dem Policepräfekt ënnersteet. E Gesetz vun 1982 huet d'Rotsversammlunge vun den Arrondissements etabléiert, déi haaptsächlech berotschloe sollen, a begrenzt Befugnisser hunn. De Gemengerot (Conseil de Paris) an de Buergermeeschter (Maire de Paris) gi fir jeweils sechs Joer gewielt. Déi nächst Gemengewahle si fir 2007 festgesat.

Buergermeeschter vu Paräis waren: Jean-Sylvain Bailly (15. Juli 1789-18. November 1791), Jérôme Pétion (18. November 1791-15. Oktober 1792), Philibert Borie (7. Juli 1792-13. Juli 1792), René Boucher (15. Oktober 1792-2. Dezember 1792), Nicolas Chambon (8. Dezember 1792-2. Februar 1793), Jean-Nicolas Pache (14. Februar 1793-10. Mee 1794), Jean-Baptiste Fleuriot-Lescot (10. Mee 1794-17. Juli 1794), Louis-Antoine Garnier-Pages (24. Februar 1848-5. Mäerz 1848), Armand Marrast (9. Mäerz 1848-19. Juli 1848), Étienne Arago (4. September 1870-15. November 1870), Jules Ferry (15. November 1870-5. Juni 1871), Jacques Chirac (20. Mäerz 1977-16. Mee 1995), Jean Tiberi (22. Mee 1995-24. Mäerz 2001) a Bertrand Delanoë (zënter dem 25. Mäerz 2001).

[Änneren] Partnerschafte mat anere Stied

Paräis huet Partnerschafte mat folgende Stied. A Klameren d'Joer vum Etablissement vun der Partnerschaft.

[Änneren] Kultur a Kuckeswäertes

D'franséisch Haaptstad huet eng grouss Unzuel vu kuckeswäerte kierchlechen a weltleche Bauwierker, Stroossen, Plazen a Parken, eng ronn 160 Muséeën, 200 Konschtgalerien, circa 100 Theater, iwwer 650 Kinoen a méi wéi 10.000 Restaurantsen. D'Offer vu kulturelle Veranstaltungen, Musek- a Filmfestivaler, Ausstellungen, Concerten, Moudedéfiléën a sportleche Kompetitiounen ass räichhalteg. D'Schlassanlag zu Fontainebleau gouf 1979, d'Schlass vu Versailles 1981 an d'Uferpromenad vun der Seine zu Paräis an d'UNESCO-Lëscht vun der Weltkulturierfschaft opgeholl.

Kuckt och: Kuckeswäertes zu Paräis, Adelspalaisen zu Paräis

[Änneren] Theater

  Kuckt och den Artikel Paräisser Theaterd'Artikelen [[{{{2}}}]] an [[{{{3}}}]]d'Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] an [[{{{6}}}]]d'Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] an [[{{{10}}}]]. 

Bedingt duerch d'Traditioun vum Zentralismus a Frankräich hunn déi wichtegst Theater- a Ballettsensembele vum Land hire Sëtz zu Paräis. De Programm ass mannegfalteg a kann an engem vun de Veranstaltungskalennere wéi Pariscope oder Officiel des Spectacles nogekuckt ginn, déi een op all Zeitungskiosk fënnt. Staark reduzéiert Theaterkaarte kann een all Dag ab 13.00 Auer fir d'Virstellunge vum Owend vum selwechten Dag an de speziellen Theaterkioske kréien (virun der Gare Montparnasse an der Kierch Madeleine).

[Änneren] Muséeën

  Kuckt och den Artikel Paräisser Muséeënd'Artikelen [[{{{2}}}]] an [[{{{3}}}]]d'Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] an [[{{{6}}}]]d'Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] an [[{{{10}}}]]. 

[Änneren] Bauwierker

[Änneren] Plazen a Stroossen

  Kuckt och den Artikel Paräisser Plazen a Stroossend'Artikelen [[{{{2}}}]] an [[{{{3}}}]]d'Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] an [[{{{6}}}]]d'Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] an [[{{{10}}}]]. 

[Änneren] Weltlech Bauwierker

  Kuckt och den Artikel Paräisser Bauwierkerd'Artikelen [[{{{2}}}]] an [[{{{3}}}]]d'Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] an [[{{{6}}}]]d'Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] an [[{{{10}}}]]. 

Déi eelste Bauwierker vun der Stad Paräis stinn am Quartier Latin un der Montagne-Sainte-Geneviève, wou sech zënter 52 v. Chr. Réimer néiergelooss hunn. Nom Ënnergang vum Réimesche Räich si virun allem Sakralbauten entstanen.

Hôtel de Sens
Vergréisseren
Hôtel de Sens

Déi eelsten Deeler vum Palais de la Cité - dorënner d'Sainte-Chapelle - déi nach erhale sinn, goufen am 13. Joerhonnert ënnert dem Louis IX. gebaut. De Louvre wéi mir en haut kennen ass d'Resultat vu ville Baucampagnen ënnert ville verschiddene Kinneken, eng Mëschung aus Mëttelalter, Renaissance, Barock a Second Empire. Aus der zweeter Halschent vum 15. an dem 16. Joerhonnert komme vill interessant Hôtels, Stadpalaisen, wéi zum Beispill den Hôtel de Sens (1475-1507) och nach den Hôtel Carnavalet dee 1548 ugefaange gouf.

De Palais du Luxembourg gouf am 1615 vum Maria vu Medici als Landschlass baussent den deemolege Stadmaueren an Optrag ginn. De Palais Royal, nërdlich vum Louvre, gouf vu 1627 bis 1629 fir de Richelieu gebaut. De Panthéon gouf tëschent 1764 a 1790 als Klouschterkierch fir d'Benediktiner baue gelooss.

Den Eiffeltuerm
Vergréisseren
Den Eiffeltuerm

Den Arc de Triomphe op der Place de l'Étoile gouf nach ënnert dem Napoléon 1806 an Optrag ginn, mee wor eréischt am Joer 1836 fäerdeggebaut. Zënter der Mëtt vum 19. Joerhonnert huet sech d'Stad an eng prestigräich modern Metropol verwandelt. Als Kréinung vun dëser Epoch zielt d'Opéra Garnier (1861 - 1875). D'Wouerzeeche vun der Stad ass den Eiffelturm (324,8 Meter héich mat der Antenn) vun 1889, deen eigentlech nëmmen temporär fir d'Weltausstellung do stoë sollt. An der zweeter Halschent vum 20. Joerhonnert koum et duerch d'grands projets zu ville Bauteprojeten an der ganzer Stad. E perséinleche Prestigeobjet aus der éischter Amtsperiod vum François Mitterand ass d'Opéra Bastille (1983 - 1989).

D'Grande Arche vum Johan Otto von Spreckelsen, e Kubus deen an der Mëtt op ass, steet am Défense-Véirel a gouf 1989 ageweiht.

[Änneren] Kierchen

  Kuckt och den Artikel Paräisser reliéis Gebaierd'Artikelen [[{{{2}}}]] an [[{{{3}}}]]d'Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] an [[{{{6}}}]]d'Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] an [[{{{10}}}]]. 

Déi fréier Abteikierch Saint-Germain des Prés um Boulevard Saint-Germain (6. Arrdt.) erënnert dodrunner, datt de fränkesche Kinnek Childebert I. aus dem Geschlecht vun de Merowinger, e Jong vum Clovis I. hei am Joer 557 eng Abtei gegrënnt huet, déi spéider eng grouss Bedeitung krut.

D'Kathedral Notre Dame de Paris op der Île de la Cité (4. Arrdt.) ass eng vun de fréiste gotesche Kathedrale vu Frankräich. Si ass der Maria, der Mamm Jesu, geweiht. D'Kierch Saint Germain-l'Auxerrois nierft dem Louvre (1. Arrdt.) staamt an hire Grondzich nach aus der Zäit vun der Romanik am 12. Joerhonnert. D'Parkierch Saint-Sulpice südlich vum Boulevard Saint-Germain (6. Arrdt.) ass dem Hellege Sulpicius II. vu Bourges geweiht.

D'Palaiskapell Sainte-Chapelle am Palais de la Cité (1. Arrdt.) net wäit vun der Kathedral ewech gouf vum Saint Louis an den 1240er Joere baue gelooss, fir wäertvoll Reliquien opzehuelen.

Den Dôme des Invalides gouf tëscht 1670 a 1691 vum Jules Hardouin-Mansart um lénksen Ufer vun der Seine gebaut (7. Arrdt.). Dës prächteg kinneklech Kuppelkierch ass, sou wéi d'Zaldotekierch Saint-Louis des Invalides en Deel vum Hôtel des Invalides.

De Bau vun der Kierch La Madeleine nërdlech vun der Place de la Concorde (8. Arrdt.) huet 1764 nom Entworf vum Architekt Pierre Contant ugefaangen an huet am Dezember 1791 opgrond vun der Franséischer Revolutioun missen agestallt ginn. D'Aarbechte goufe vum Architekt Jacques-Marie Huvé (1783-1852) nees opgeholl an am Joer 1842 ofgeschloss D'Basilique du Sacré-Cœur ass eng réimesch-kathoulesch Wallfahrtskierch um Hiwwel vu Montmartre an ass den zweethéchste Punkt vun der Stad nom Eiffeltuerm.

[Änneren] Economie an Infrastruktur

[Änneren] Bekannte Paräisser

[Änneren] Literatur zum Thema

  • Hanno Ballhausen, Chronik der Metropolen. Paris. Wissen Media Verlag GmbH, Gütersloh 2004 (ISBN 3577145994)
  • Jean-Pierre A. Bernard, Les deux Paris: les représentations de Paris dans la seconde moitié du XIXe siècle, Seyssel, Champ Vallon, 2001.
  • Yvan Combeau, Histoire de Paris, Que sais-je ?, Paräis, 2003.
  • Bernard Champigneulle, Paris : architectures, sites et jardins, Éditions du Seuil, Paräis, 1973.
  • Jean Firges, Die Stadt Paris. Geschichte ihrer Entwicklung und Urbanisation. Sonnenberg-Verlag, Annweiler am Trifels, 2002 (ISBN 3933264006)
  • Michel Fleury, Paris monumental, Flammarion, Paräis, 1974.
  • Michel Fleury, Paris : de Lutèce à Beaubourg, Flammarion, Paräis, 1979.
  • Ursula von Kardorff, Adieu Paris. Streifzüge durch die Stadt der Bohème, Kindler-Verlag, München, 1974 (ISBN 3463005905)
  • Herbert R. Lottman, Der Fall von Paris 1940, Piper, München, 1994 (ISBN 3492035310)
  • Giovanna Magi, Rita Bianucci, Hubert Bressonneau, Kunst und Geschichte von Paris und Versailles. Besichtigung aller bedeutenden Monumente und Museen., Konrad-Theiss-Verlag, Stuttgart, 2002 (ISBN 3806216975)
  • Gerhard Sälter, Polizei und soziale Ordnung in Paris., Vittorio-Klostermann-Verlag, Frankfurt am Main, 2004 (ISBN 3465032985)
  • Klaus Schüle, Paris. Die politische Geschichte seit der Französischen Revolution., Gunter-Narr-Verlag, Tübingen, 2005 (ISBN 382336183X)
  • Fritz Stahl, Paris. Eine Stadt als Kunstwerk., Rudolf Mosse Buchverlag, Berlin, 1929.
  • Richard Wunderer, Paris - Sittengeschichte einer Weltstadt., Weltspiegel-Verlag, Stuttgart, 1967 (ISBN B0000BU9UC)

[Änneren] Um Spaweck

Commons: Paräis – Biller, Videoen oder Audiodateien

Static Wikipedia (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2006 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu

Static Wikipedia February 2008 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu