Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions Dschingis Khan - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Dschingis Khan

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Den Dschingis Khan, den Herrscher vun alle Mongolestämm huet eigentlech Temujin geheescht, (* 1155, 1162 oder 1167; † 18. August 1227). Hien huet all mongolesch Stämm vereenegt an duerno mat senger Arméi een eenzegartegt Imperium opgeriicht, dat vun der Mandschurei bis an Europa gaangen ass.

Inhaltsverzeechnes

[Änneren] Gebuert a Jugend

Den Temujin ass am spéide Mëttelalter an der Mongolei op d’Welt komm.

Deemools woar d’Mongolei nach keng Natioun, mee den Numm vun enger Géigend wou eng ganz Rei vun Nomadestämm vun enger Weed op déi nächst gezu sinn. D’Mongole woaren Nomaden, déi quasi autosuffisant woaren an déi och net grad vill Respekt virun der sougenannter Zivilisatioun haten, also vrun deene Vëlker, déi siesshaft gi sinn a Stied gegrënnt haten.

Den Temujin woar den eelste Bouf vum Yesugei a sollt eigentlech den nächste Stammeshäuptling ginn, mee et sollt anescht kommen. Wat genau Temujin soll heeschen ass net méi mat Sëcherheet festzestellen, mee « de Mann aus Eisen » ass zum Beipill eng Méiglechkeet (allerdings ass dat tataresch, a mat deenen haten d’Mongolen net allzevill um Hut). Leider ass de Yesugei vun engem anere Stamm vergëft gi wéi den Temujin eréischt ning Joer hat, an domat ze jonk war fir den Nofolger vu sengem Papp ze ginn. Déi nächste Joeren gesinn hien, seng Mamm (Hoelund) a seng fënnef Bridder a grousser Aarmut liewen.

Déi ganz Geschicht vum Temujin a wéi hie vum Ausgestoussenen zum Khan ginn ass, gouf nach zu senge Liefzäiten an der Geheimer Geschicht vun de Mongolen niddergeschriwwen. Et kann ee sech virstelle wéivill Wourecht a wéivill Dichtung een doranner fënnt.

Wat een allerdéngs dorauser ka behalen a wat och duerch aner zäitgenëssesch Wierker bestätegt gouf, sinn déi folgend Haaptgedanken oder Leitmotiver, déi den Temujin zum Khan gemeet hunn, an duerno den Erfolleg beim Opbau vu sengem Imperium zementéiert hunn:

  • Loyalitéit
  • Unerkennung duerch Doten, an net duerch Verierwung
Dschingis Khan
Vergréisseren
Dschingis Khan

De genaue Gebuertsdatum ka just geschätzt ginn, wéi et an enger Gesellschaft ouni Schrëft a Bürokratie nëmmen normal ass. Mee zum Beispill ass dat ee vun de Verdéngschter vum Dschingis Khan: hien huet nämlech agefouert, datt et eng mongolesch Schrëft sollt ginn, an hien huet och verstan, datt eng gewësse Form vu Bürokratie néideg ass. Genausouwéineg ass d’Gebuertsplaz vum Temujin bekannt, mee mat Sécherheet ass se net wäit ewech vum Floss Onon an der Mongolei.

Bis zu senger Ernennung zum Khan am Joer 1206 huet hie vill Héichten an Déiften duerchlieft, déi zu senger Charakterbildung bäigedroen hunn.

[Änneren] Ufankszäit als Khan

Wéi den Temujin duerch diplomatescht Geschéck an duerch brutal Muechtdemonstratioune schlussendlech esouvill Stämm ënnert senger Herrschaft versammelt hat, datt hien am Joer 1206 zu Augura (oder Avgura) zum Khan (Herrscher) iwwert all Mongole gewielt ginn ass, ass mat villen Detailer an der Geheimer Geschicht vun de Mongolen niddergeschriwwen.

Kuerzfaassung :

  • 1201: den Jamukha, Bluttsbrudder vum Temujin, gëtt iwwermannt nodeems hien den Temujin verroden hat
  • 12021204: all gréisser turkomongolesch Stämm ginn ënnerworf, an déi méi kleng Stämm schléisse sech ouni Kampf dem Temujin un.

Am Joer 1206 kritt den Temujin vun der Groussversammlung vun de Schamanen den Titel Dschingis Khan. Khan heescht esouvill wéi Herrscher. Et gëtt vill Spekulatiounen doriwwer wat Dschingis soll heeschen, déi waarscheinlechst Bedeitung ass éiwegen Himmel. D’Relioun vun de Mongolen huet als quasi Gott den éiwegen Himmel unerkannt, de Wuertstamm vun Himmel op den éischte schrëftleche mongoleschen Opzeechnungen gläicht dem Wuert Dschingis.

[Änneren] Vum Mongolen-Herrscher zum Imperator

Den Dschingis Khan huet ee vu senge Grondprinzipien vun Ufank un duerchgesat, an zwoar huet keen e wichtege Posten a senger Regierung kritt, deen eben just zoufälleg aus enger gudder Famill koum. Natierlch huet seng Famill gewësse Virrechter gehat, mee ouni bewisen ze hunn datt ee würdeg woar, krut keen eng responsabel Positioun.

Dat éischt Zil, wat dem Dschingis Khan an d’Ae gefall ass, woar natierlech China. China woar demools kee vereenegt Räich, mee et goufen dräi Kinnekräicher, déi direkt un d’Mongolei gegrenzt hunn. Am äusserste Weste war dat Khara Kitai, am grousse Bou vum Giele Floss Xi Xia (Tangut) a vu Beijing (Peking) bis d’Mandschurei nach mat, Jin. Jin war dat mächtegst Räich, an dat räichst, mee schonn aleng déi vill guttbefestegt Stied hunn den Dschingis Khan zum Nodenke gezwong. Wéi schonn den Sun-Tzu geschriwwen huet: den indirekte Wee ass heinsdo dee beschten. Genau dat huet den Dschingis Khan och 1209 gemeet, a fir d’éischt Xi Xia ugegraff a ganz séier besat. Gestäipt op der wirtschaftlecher Stärkt vun dëser Regioun konnt den Dschingis Khan am Joer 1211 et woen, d’Räich vun de Jin ze attackéieren, 1215 Beijing (Peking), d’Haaptstad vu Jin, ze erueweren a bis Korea ze kommen. Vun 1219 un huet Korea de Mongolen Tribut bezuelt, ass also zum Vasall vum Dschingis Khan ginn.

1218 huet d’Enn vum Räich Kara Kitai gesinn. Tëscht 1219 an 1221 sinn déi mongolesch Arméien duerch ganz Persie gezunn. Vun 1223 u sinn déi éischt Schluechten an der Ukraine opgezeechent ginn, zum Beispill hunn d’Russen an der Schluecht beim Floss Kalka verluer.

Mongole-Räich
Vergréisseren
Mongole-Räich

1224/25 ass de Khan an d’Mongolei zeréckgaang. Hien ass an enger neier Kampagne géint d’Tanguten den 18.August 1227 gestuerwen.

Wou den Dschingis Khan begruewe gouf, ass alt nees vum Schleier vun der Zäit verbuergen. Vill Hiweiser deiten dorobber hinn, datt hie beim Bierg Burhan Qaldun an der Mongolei begruewe gouf, well dëse Bierg dacks eng wichteg Roll a sengem Liewe gespillt huet.

Wéi den Dschingis Khan gestuerwen ass, hat säi Räich eng Ausdehnung vun 19 Milliounen km² (duebel esou grouss wéi d’Vereenegt Staate vun Amerika haut).

[Änneren] Mongolescht Imperium no dem Dschingis Khan

Wéi sou dacks an der Geschicht vun Imperien huet dat mongolescht Welträich säi Grënner net laang iwwerlieft. D’Räich gouf opgedeelt op seng Jongen, déi dann hir Deeler vum Räich och nees op hir eege Jongen opgedeelt hunn. Allerdéngs hunn d’Ierwe vum Dschingis Khan nach relativ laang gutt zesummegeschafft an den Araber an och den Europäer nach laang Kappzerbrieches gemeet.

Ëm 1260 huet dat mongolescht Räich, dat zu deem Moment esougudd organiséiert war wéi keen anert, 33 Millionen km² ëmfaasst a woar domat flächeméisseg dat gréissten Imperium dat jeemols existéiert huet. Déi gutt Organisatioun koum och dovunner, datt den Dschingis Khan a senge leschte Joeren ëmmer méi Beroder a Spezialisten agesat hat.

[Änneren] Perséinlechkeet

Seng Grondprinzipien, Loyalitéit bis an den Dout a seng Astellung vis-à-vis vu verierfte Privilegien, hunn him vill Respekt abruecht. Duerch säi Charisma huet hien déi vill Stämm vun de Mongole vereenegt an duerch seng Wäitsiicht a seng fortschrëttlech Astellung zur Relioun de gréissten Deel vun Asien eruewert. Hie woar ganz tolerant an huet fir all Glawensrichtung oder Staatsphilosophie een oppent Ouer gehat. Och wann d’Grënn dofir reng opportunistescher Natur waren.

Natierlech hunn déi Vëlker déi hien ennerjocht huet, hien als grausamen a brutalen Herrscher duergestallt. Den Dschingis Khan gëllt nach ëmmer als ee vun de gréisste Massemäerder an der Geschicht vun der Mënschheet.

[Änneren] Literatur zum Thema

  • Man, John, Genghis Khan Life, Death and Resurrection, Bantam Press, 2004.
  • Cleaves, Francis, The Secret History of the Mongols, Harvard, 1982.
  • Leicht, Hans, Dschingis Khan, Patmos Verlag, Düsseldorf, 2002.
  • Neumann-Hoditz, Reinhold, Dschingis Khan, Rowohlt, Reinbek bei Hamburg, 1985

[Änneren] Um Spaweck

Static Wikipedia (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2006 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu

Static Wikipedia February 2008 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu