Russesch
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Russesch (русский язык) | |
---|---|
Gëtt geschwat an : | Russland, Ukraine, Wäissrussland, Kasachstan, Lettland, Estland, Moldawien, Georgien, Kirgisien, a vun Emigranten an den USA, Israel, Däitschland an anere westeuropäesche Länner |
Regioun : | Osteuropa an Nordasien |
Gëtt geschwat vun: | 180 Millioune Mammesproochler, an 110 Millionen Zweetsproochler |
Klassement : | 7 |
Klassifikatioun no Famill : | Indoeuropäesch
|
Offizielle Status | |
Offiziell Sprooch vun : | Russland, Wäissrussland, Kasachstan, Kirgisien, Vereent Natiounen |
Reglementéiert vun : | Russesch Akademie vun de Wëssenschaften (Российская Академия Наук) |
Sproochcoden | |
ISO 639-1 | ru |
ISO 639-2 | rus (B) / - (T) |
SIL | RUS |
Russesch (russ.: русский язык) ass déi meeschtgeschwate vun de slawesche Sproochen.
Si gehéiert zur Famill vun den indoeuropäesche Sproochen, grad ewéi Sanskrit, Griichesch a Latäin an all déi modern germanesch, romanesch a keltesch Sproochen. Schrëftlech Beispiller vum Russesche sinn zënter dem 10. Joerhonnert beluecht.
Russesch ass offiziell Landessprooch net nëmmen a Russland, mee och a villen anere Staaten déi aus der fréirer Sowjetunioun ervirgaange sinn. Als Weltsprooch vu grousser politescher Bedeitung ass Russesch eng vun de sechs Sprooche vun der UNO.
D'Schrëft baséiert sech op dat kyrillescht Alphabet. D'Transliteratioun an dat laténgescht Alphabet kann op sëllechen Aart a Weise geschéien - zu Lëtzebuerg gëtt sech meeschtens un d'Transliteratiounsregele vum Duden gehalen.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Geschicht
[Änneren] Geographesch Verbreedung
[Änneren] Russesch Dialekter
[Änneren] Schreifweis an Aussprooch
[Änneren] Russescht Alphabet
Russescht Alphabet
|
Russesch gëtt mam russeschen Alphabet geschriwwen (russ.: русский алфавит oder русская азбука), wat dem kyrilleschen Alphabet (russ.: кириллический алфавит oder кириллица) entstaamt.