Werchojansker Bierger
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Werchojansker Bierger (russ.: Верхоянский хребет - Verchojanskij Chrebet) fënnt een am Nordoste vu Russland (Asien). Hir maximal Héicht läit bei 2.959 m.
Si leien nërdlech a südlech vum Polarkrees an an der Mëtt vun Ostsibirien, haaptsächlech am Zentrum vu Jakutien. Si grenzen als Deel vum Ostsibiresche Biergland am Norden un d'Laptewmier. Am Oste gi se iwwert d'Dall vun der Jana an iwwert d’Héichland vun Oimjakon an d’Tscherskibierger iwwer. Am Südoste fale se iwwert zwee Ausleefer (Sunta Chajata a Sette Daban) no an no zum Ochotskesche Mier of, un deem senger südlecher Küst d’Dschugdschurbierger derbäikommen. Am Südwesten a Weste sinn d'Flossdäller vum Aldan a vun der Lena an domadder déi Mëtteljakutesch Dällt.
Dës knapps 1.200 km laang Bierger verlafen zimlech genau parallel zu den Tscherskibierger, déi ongeféier 500 bis 600 km méi wäit ëstlech leien; mat der uewe genannter Sunta Chajata sinn déi knapps oder guer net besidelt Bierger esouguer iwwer 1.700 km laang. Am Norde si se bis zu 2.389 m héich, an der Mëtt bis zu 2.295 m an am Süden erreeche se souguer bis zu 2.959 m (Mus Chaja).
Dës héich Bierger trennen d'Anzuchsgebidder vun der Lena a vun der Jana. Zimlech wäit am Norden, ongeféier an der Mëtt tëscht de Werchojansker Bierger an den Tscherskibierger läit déi kleng Stad Werchojansk. An der Mëtt vun de Werchojansker Biergers entspréngt d'Jana, am Süden d'Indigirka.