Saudi-Arabien
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
|
|||||
National Devise: ... | |||||
Offiziell Sprooch: | Arabesch | ||||
Haaptstad: - Bevëlkerung: - Koordinaten: |
Riad 3.587.152 ... |
||||
Kinnék a Premierminister: | Abdullah bin Abd al-Aziz | ||||
1. Stellvertriedene Premierminister: | Krounprënz Sultan bin Abd al-Aziz | ||||
Fläch: - Total: - % Waasser: |
Op 13. Plaz 2.240.000 km² ... |
||||
Bevëlkerung: - Total: - Bevëlkerungsdicht: |
Op 43. Plaz 26.417.599 (Juli 2005) 11,8/km² |
||||
Onofhängegkeet: | 23. September 1932 | ||||
Nationalfeierdag: | ... | ||||
Relioun: | ... | ||||
Währung: | Saudi-Riyal, Halala | ||||
Zäitzon: | UTC+3 | ||||
Nationalhymn: | 'Aash Al Malik, (letz.: Laang liewt de Kinnék), |
||||
Internet TLD: | .sa | ||||
International Virwahl: | 966 |
D’Kinnekräich Saudi-Arabien (arabesch: المملكة العربية السعودية) ass eng absolut Monarchie am Noen Osten. Saudi-Arabien läit op der arabescher Hallefinsel a grenzt un den Irak, Jordanien, Kuwait, Oma, Qatar, Bahrain, d’Vereenegt Arabesch Emirater, de Jemen, d’Rout Mier an de Persesche Golf. Bekannt ass d’Land fir séng restriktiv Gesetzer, säi wirtschaftleche Wuelstand, de Räichtum vum Staat an déi enorm Buedemschätz. Militäresch zielt d’Land zu de modernsten a stäerksten an der Regioun, obwuel d’Arméi eigentlech relativ kleng ass. Donneschdes ass deelweis Roudag, de Freideg ass e komplette Roudag. Déi islamesch Zäitrechnung gëtt ugewandt. (Moundkalenner)
[Änneren] Geographie
Déi Arabesch Hallefinsel besteet gréisstendeels aus engem ausgedeenten Héichland. Am Westen bilt de Plateau e géien Randofbroch, dee parallel zur Küst vum Roude Mier verleeft. Am Nordwesten gëtt et praktesch keng Küst. Déi héchste Bierger leien am Südwesten am Asir, wou och den héchste Punkt, de Bierg Dschabal Saura mat 3.133 m Héicht läit.
Am Oste fält d’Héichland bis bei dat flaacht Waasser vum Persesche Golf of, deem séng Küste mat lauter Dëmpelen a Salzfläche bedeckt sinn. D’Héichland ass gréisstendeels mat Sandwüst mat e puer Gebidder vu natierlechem vulkanesche Gestengs bedeckt. E breet Wüsteband, "dat eidelt Véirel" Rub al-Chali, erstreckt sech iwwer de ganze Süde vum Land.
Afghanistan - Armenien - Aserbaidschan - Bahrain - Bangladesch - Bhutan - Brunei - Taiwan - China - Georgien - Indien - Indonesien - Irak - Iran - Israel - Japan - Jemen - Jordanien - Kambodscha - Kasachstan - Katar - Kirgisien - Kuwait - Laos - Libanon - Malaysia - Malediven - Mongolei - Myanmar - Nepal - Nordkorea - Oman - Pakistan - Palästina - Philippinen - Russland - Saudi-Arabien - Singapur - Sri Lanka - Südkorea - Syrien - Tadschikistan - Thailand - Timor-Leste - Turkmenistan - Tierkei - Usbekistan - Vereenegt Arabesch Emirater - Vietnam - Zypern