Volleksrepublik China
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
|
|||||
National Devise: keng | |||||
Offiziell Sprooch: | Mandarin | ||||
Haaptstad: - Bevëlkerung: - Koordinaten: |
Peking 14.933.274 (2005) 39°55'N, 116°23'E |
||||
President: | Hu Jintao | ||||
Chef vun der Regierung: | Wen Jiabao | ||||
Fläch: - Total: - % Waasser: |
Op 4. Plaz 9.572.900 km² 2,8% |
||||
Bevëlkerung: - Total: - Bevëlkerungsdicht: |
Op 1. Plaz 1.306.313.812 (Juli 2005) 136,5/km² |
||||
Onofhängegkeet: | 1. Oktober 1949 (Staatsgrënnung) | ||||
Nationalfeierdag: | 1. Oktober | ||||
Relioun: | offiziell Atheismus | ||||
Währung: | Renminbi | ||||
Zäitzon: | UTC+8 | ||||
Nationalhymn: | Marsch vun de Fräiwëllegen Lauschtert | ||||
Internet TLD: | .cn | ||||
International Virwahl: | 86 |
D'Volleksrepublik China as ee Land an Asien, wat dofir bekannt ass, datt et am Moment déi gréissten Awunnerzuel vun der Welt huet. D'Haaptstaadt, Peking (Beijing), läit no un der Ostküst vu China. Déi ëstlich Regioune vum Land gëllen als "special economic zones", wou d'Maartwirtschaft erlaabt a gefërdert ass. Ee ganz groussen Deel vum Land funktionnéiert awer nach nom ale System: Eng Aart kommunistesch Diktatur wou (bal) alles dem Staat gehéiert.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Bevëlkerung
No der der Grëndung vu der Volleksrepublik am Joer 1949 hunn a China méi oder wéineger 540 Milliounen Mënschen geliewt. An den 1950er Joeren ass hier Zuel, trotz niddrëger Liewenserwardung, staark gewuess. Richt vum Enn vun de fofzeger Joeren unn, huet d'Opfassung sech duerchgesat, des Ëntwëcklung misst gebremst ginn. Vun do unn ass lues a lues, ouni ze zécken, op Methoden vun der Gebuertenkontroll zeréckgegraff ginn.
No der Kulturrevolution goufen d'Mesuren am Intérët vun der Gebuertenkontroll zousätzlech verstierkt, an zwar am Interesse vun enger positiver Wirtschaftsëntwëcklung, déi, no chineesescher Meenung, duerch engt ze séiert Wuessen vun der Populatioun a Fro gestallt gët.
Hei drënner ass en Tableau mat der Ëntwëcklung vun der chineesëscher Bevëlkerung vun 1950 bis 2050. D'Zuelen vun 2010 bis 2050 si geschat:
|
|
Dës Donneeën baséieren op folgender Quell: [1]
[Änneren] Gréisser Stied
Kuckt och: Lëscht vun de chinesesche Groussstied.
[Änneren] Uertschaften an Plazen, wou den Tourismus bléit
[Änneren] Geschicht
Haaptartikel: Geschicht vu China
Wéi de Zweete Weltkrich riwwer war, ass och de chineesësche Biergerkrich tëschent der Kommunistëscher Partei vu China an dem Kuomitang sengem Enn entgéint gang. Dat war duerop ze féieren, datt d'Kommunisten dunn dat ganzt Festland kontrolléiert hunn an dat de Kuomingtan zu Taiwan, wuer de Kuomingtan virdru geflücht war, Här a Meeschter ginn ass. Den 1. Oktober 1949 huet dunn de Mao Zedong d'Vollksrepublik China proclaméiert an e kommunistëschen Stat gegrënnt. D'chineesësch Onofhängegkeet war domat rëm hiergestallt mee vill Milliounen Mënschen sinn duerch dat Geschéihen ëmkom, wéi zum Beispill beim groussen Sprong no vier oder spéider bei der Kulturrevolutioun. Nom Doud vum Mao huet den Deng Xiaoping, dee méi pragmatedsch virgang ass, d'Heft an d'Hand geholl. D'Kommunistesch Partei ass zwar um Rudder bliew, mee d'Kontroll iwwert dat perséinlecht Liewen vu de Leit gouf manner staark. Um politëschen Plang huet dat sech manner bemierkbar gemeet, iewer d'Zentralverwaltungswirtschaft gouf Schratt fir Schratt gelockert an de Wee no enger sozialistescher Maartwirtschaft gesicht. Dat verhënnert nët, dat d'Noperen vu China an och déi westlech demokratesch Länner China weiderhin als autoritär Diktatur ugekucken.
[Änneren] Geographie
[Änneren] Klima
[Änneren] Politik
[Änneren] Economie
[Änneren] Kultur
[Änneren] Musek
- Déi chineesesches Musek ass stark gefillsbetount. An der traditioneller chineesescher Musek ginn ët puer Instrumenten, déi oft am Solo-Modus benotzt ginn. Duerzou gehéieren d'Bambus-Flute Dizi, d'Qin, déi enger Zitter gläicht an dErhu, e Srräichinstrument. Vill gët och op der Pipa, een anert Soloinstrument, gespillt. Zu dësem Grupp zielt och dSuona, déi duerch hieren haarden Toun opfällt an déi besonnesch um Land gespillt gët.
- Eng eegenarteg musekalesch Opféierung ass déi bekannt Pekingoper.Et ass eng Mëschung vu Gesank, Danz, Spill an Kamphandlungen an och mat stark betounten pantomimëschen Elementer duerchsat. D'Bühnenaustattung ass spärlech, mee d'Acteuren präsentéieren sech a farweprächtegen Kleeder.
- Lauschtert en Audioclip mat chineesescher Musek
[Änneren] Relioun
Daoisten (Taoisten), Buddhisten, Moslemen 1%-2%, Chrëschten 3%-4% (Schätzung:2002 ); Bemierkung: Offiziell ginn d'Chineesen als Atheisten bezeechent
[Änneren] Literatur zum Thema
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
[Änneren] Um Spaweck
Afghanistan - Armenien - Aserbaidschan - Bahrain - Bangladesch - Bhutan - Brunei - Taiwan - China - Georgien - Indien - Indonesien - Irak - Iran - Israel - Japan - Jemen - Jordanien - Kambodscha - Kasachstan - Katar - Kirgisien - Kuwait - Laos - Libanon - Malaysia - Malediven - Mongolei - Myanmar - Nepal - Nordkorea - Oman - Pakistan - Palästina - Philippinen - Russland - Saudi-Arabien - Singapur - Sri Lanka - Südkorea - Syrien - Tadschikistan - Thailand - Timor-Leste - Turkmenistan - Tierkei - Usbekistan - Vereenegt Arabesch Emirater - Vietnam - Zypern