Koran
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Koran (arabesch: Liesung) ass déi helleg Schrëft vun de Muslimen.
De Koran huet fir de Muslim eng net ze ënnerschätzend Bedeitung: Hee gëlt als dat direkt, onverfälscht an originalt Wuert vu Gott. Während am Chrëschtentum net d'Bibel, mee Jesus Christus d'Wuert vu Gott ass, ass et am Islam net de Mohammed, mee de Koran. Duerfir schwätze mer am Chrëschtentum vun Inkarnatioun (Gott ass Mënsch ginn), am Islam awer un Inlibratioun (Gott ass Buch ginn).
No traditionellem islamesche Verständnis ass de Koran deen Text, deen dem Mohammed vu 610 bis 632 vu Gott diktéiert ginn ass. Mëttlerweil ginn et awer och muslimesch Wëssenschaftler, déi, ähnlech wéi an der chrëschtlecher Theologie, eng historesch-kritesch Exegese vum Koran bedreiwen, an noweisen, datt och de Koran aus ganz ënnerschiddlechen Textzorte besteet an a verschiddenen Zäitsituatiounen entstanen ass.
De Koran besteet aus 114 Kapitelen (Sure genannt), woubäi opfält, datt déi viischt déi längst an déi hënnescht déi kierzt sinn. De Koran fänkt u mat engem Gebiet ("Die Eröffnende"). E gleewege Muslim liest de Koran just an der Originalsprooch, d.h. op Arabesch, well all Iwwersetzung schonn eng Interpretatioun, also eng Verfälschung ass.
A Koranschoule ginn d'muslimesch Kanner an de Koran agefouert.