Internationalt Eenheetesystem
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'SI-Eenheetesystem (SI ass déi int. Ofk. fir Système International d'Unités - "Internationalt Eenheetesystem") verkierpert dat modernt metrescht System an ass dat am wäitste verbreeten Eenheetesystem fir physikalesch Eenheten.
D'SI-Eenheetesystem ass opgrond vun de Fuederunge vu Wëssenschaft a Fuerschung entstanen, mee et ass mëttlerweil och dat predominant Eenheetesystem vun Economie an Handel ginn. A ville Staaten, wéi z.B. och zu Lëtzebuerg, ass de Gebrauch vum SI-Eenheetesystem am administrativen oder geschäftleche Schrëftverkéier gesetzlech virgeschriwwen.
[Änneren] Déi 7 Basiseenheeten
D'Definitioune vun de Basiseenheeten a -gréisste vum SI sinn net endgülteg, mee evoluéiere mam fortschrëttleche Stand vun der Miesstechnik. Am SI entspriechen déi siwe Basisgréissten de siwe Basiseenheeten. Fir kënnen d'Basiseenheete bei verschiddene Gréissteskalen ze gebrauchen, hëlt ee bestëmmte Virsilben ewéi "Kilo-" oder "Milli-".
Gréisst | Formelzeechen | Numm | Eenheetenzeechen | Definitioun |
---|---|---|---|---|
Längt | l | Meter | m | Längt vun der Distaz, déi d'Luucht am Vakuum an enger 1/299 792 458 Sekonn zeréckleeft |
Mass | m | Kilogramm | kg | Eenheet vun der Mass; ëntsprécht der Mass vum Internationale Kilogrammprototyps2) |
Zäit | t | Sekonn | s | dat 9 192 631 770facht vun der Periodendauer vun der Stralung, déi dem Iwwergank tëschent deenen zweeHyperfeinstrukturniveauë vum Gruodzoustand vun Atome vum Nuklid 133Cs entsprécht. |
Stroumstäerkt | I | Ampere | A | Stäerkt vun engem konstante Stroum, deen duerch zwee parallel, gruedlinneg, onendlech laang an am Vakuum ee Meter vuneneen ewech plazéiert Leeder fléisst, tëschent dëse Leedere pro Meter Längt déi Kraaft vun 2 · 10 −7 Newton ervirrifft. |
Thermodynamesch Temperatur | T | Kelvin | K | den 273,16-ten Deel vun der thermodynamescher Temperatur vum Tripelpunkt vum Waasser1) |
Quantitéit vu der Matière | n | Mol | mol | d'Quantitéit vun der Matière vun engem System, deen aus genee souvill Eenzeldeelercher besteet, wéi Atomen an 0,012 Kilogramm vum Kuelestoffnuklid 12C enthale sinn. |
Liichtstäerkt | IV | Candela | cd | Liichtstäerkt an enger bestëmmter Directioun vun enger Stralungsquell, déi monochromatesch Stralung vun der Frequenz 540 · 1012 Hertz ausstraalt an deer hir Stralstäerkt an dëser Richtung (1/683) Watt duerch Steradiant bedréit |
1) Déi aktuell Definitioun kënnt vun der Internationaler Temperaturskala aus dem Joer 1990 (ITS-90) hir. Tëschent den Zuelewäerter vun der thermodynamescher Temperatur T an der Celsiustemperatur besteet den Zesummenhang: 2) Zur Zäit gëtt un enger neier Definitioun vun der Masseneenheet geschafft, déi op der Atommass an net méi op engem Prototyp baséiere soll (kuckt heizou den Artikel Kilogramm). |