Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Meter - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Meter

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

De Meter (v. griich.: μέτρον/métron = Mooss, -miesser) ass d'SI-Basisunitéit vun der Längt. D'Eenheetenzeeche vum Meter ass m an d' Formelzeeche vun der Längt ass l.

Inhaltsverzeechnes

[Änneren] Aktuell Definitioun

De Meter ass definéiert als déi Distanz, déi d'Luucht am Vakuum an enger Zäit vun 1/299.792.458 Sekonn zeréckleet.

[Änneren] Al Definitiounen

Am 17. Joerhonnert gouf et déi éischt Iwwerleeungen, eng universell Längteneeenheet ze definéieren, déi onofhängeg vun engem Kierperdeel (Iel, Fouss) vun deem Herrscher wier, dee grad un der Muecht war. Den Abbé Jean Picard huet zum Beispill 1668 proposéiert, d'Längt vun engem Pendel ze huelen, deem seng hallef Period 1 Sekonn wier. De Begrëff Meter gouf fir d'éischt vum Tito Livio Burattini am Joer 1675 gebraucht.

 Ee vun de wéinegen erhalenen ëffentleche Meteren, déi 1795 opgehaange goufen, zu Paräis an der Rue Vaugirard
Vergréisseren
Ee vun de wéinegen erhalenen ëffentleche Meteren, déi 1795 opgehaange goufen, zu Paräis an der Rue Vaugirard

Am Joer 1793 gouf de Meter dunn als de 40-milliounsten Deel vun der Längt vum Äerdmeridian, op deem Paräis läit, deemno op den zingmilliounsten Deel vun der Distanz vum Pol bis zum Äquator, festgeluecht. Am Joer 1795 gouf e Prototyp vun dësem Meter a Messeng, 1799 als Urmeter a Platin gegoss. Fir d'Längt vum Urmeter ze definéieren, hunn de Jean-Baptiste Joseph Delambre an de Pierre Méchain tëscht 1792 a 1799 de Meridianbou tëschent Dunkerque a Barcelona vermooss. Spéider ass erausfonnt ginn, datt se sech liicht vermooss haten, de Meter deemno ëm 0,2 mm ze kuerz gerode war.

Per Gesetz gouf de Meter a Frankräich 1795 duerchgesat. Dofir goufen op ëffentleche Plazen a Stee gravéiert Linne vun engem Meter Längt opgehaang, fir datt d'Leit kinnten nomoossen a kontrolléieren, wéi grouss dat da wier.

Internationale Meterprototyp, Standardbarren aus Platin-Iridium. Dëse war de Standard bis 1960 (NIST).
Internationale Meterprototyp, Standardbarren aus Platin-Iridium. Dëse war de Standard bis 1960 (NIST).

1889 gouf vum an der Tëschenzäit gegrënntene Bureau International des Poids et Mesures en neie Standard agefouert. Dofir gouf en Internationale Meterprototyp fabrizéiert, e Staf, dee queesch gekuckt an x-Form war, aus enger Platin-Iridium-Legéierung an de Proportiounen 90:10. Ee Meter gouf festgeluecht als Distanz tëschent 2 Strécher op deem Staf, bei enger Temperatur vun 0 °C. Vill Staaten op der Welt krute Kopien heivunner.

Vun 1960 bis 1983 war ee Meter dat 1.650.763,73-facht vun der Wellelängt vun der Stralung am Vakuum, déi vun Atome vum Krypton-86 Nuklid beim Iwwergank vum Zoustand 5d5 zum Zoustand 2p10 ausgestraalt gëtt.

Well d'Zäit ëmmer méi prezis gemooss konnt ginn, ass d'Definitioun vum Meter un dës gebonne ginn: Zënter 1983 gëtt en als déi Distanz definéiert, déi d'Luucht am Vakuum an enger Zäit vun 1/299.792.458 Sekonn zeréckleet.

[Änneren] Moosseenheeten, déi vum Meter ofgeleet si ginn

  • Ee Kilometer, ofgekierzt km, entsprécht 1.000 Meter: 1 km = 103m.
  • Een Zentimeter, ofgekierzt cm, entsprécht dem Honnertstel vun engem Meter: 1 cm = 10-2 m oder 0,01 m.
  • Ee Millimeter, ofgekierzt mm, entsprécht dem Dausendstel vun engem Meter: 1 mm = 10-3 m oder 0,001 m.
  • Ee Mikrometer (viraals och Mikron oder My, nom griichesche Buchstaf µ), ofgekierzt µm, entsprécht dem Milliounstel vun engem Meter: 1 µm = 10-6 m = 0,000 001 m. Oder 1 µm = 10-3 mm, also een dausendstel Millimeter.
  • Een Nanometer, ofgekierzt nm, entsprécht dem Milliardstel vun engem Meter: 1 nm = 10-9 m. Oder 1 nm = 10-6 mm, also ee milliounstel Millimeter.
  • Een Ångström (Eenheetenzeechen: Å), ass den zéng-milliardstel Deel vun engem Meter 1 Å = 10-10 m.
  • Ee Pikometer, ofgekierzt pm, entsprécht dem Billiounstel vun engem Meter: 1  pm = 10-12 m.
  • Ee Femtometer (Eenheetenzeechen: fm), ass de billiardstel Deel vun engem Meter an ee Billiuonstel vun engem Millimeter 1 fm = 10-15 m.

[Änneren] Kuckt och

Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com