Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Organisatioun vum Nordatlantik-Traité - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Organisatioun vum Nordatlantik-Traité

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Fändel vun der NATO
Vergréisseren
Fändel vun der NATO

Als NATO (North Atlantic Treaty Organisation, och: Organisatioun vum Nordatlantik-Traité, op franséisch l'Organisation du Traité de l'Atlantique Nord an op spuenesch Organización del Tratado del Atlántico Norte, ofgekierzt OTAN) gëtt d'Institutioun bezeechent, déi den Nordatlantikvertrag, e militärescht Bündnis vun europäeschen an nordamerikanesche Staaten, ëmsetzt.

De Sëtz vum Nordatlantikrot, dem Haaptorgan vun der NATO, ass säit 1967 zu Bréissel.

Inhaltsverzeechnes

[Änneren] Member-Staaten

Memberstaaten vun der NATO
Vergréisseren
Memberstaaten vun der NATO
Memberstaaten vun der NATO an Europa
Vergréisseren
Memberstaaten vun der NATO an Europa

Zu de Grënnungsmemberen, déi zënter 1949 der NATO ugehéieren, zielen d'Belsch, Dänemark, Frankräich, Island, Italien, Kanada, Lëtzebuerg, Holland, Norwegen, Portugal, d’ Vereenegt Staaten vun Amerika a Groussbritannien.

Am Joër 1952 sinn d'Tierkei a Griichenland der Organisatioun bäigetrueden an zënter 1955 ass d'Bundesrepublik Däitschland Member vun der NATO. Spuenien ass dem Bündnis 1982 bäigetrueden an 1990 huet d'Ausbreedung vum NATO-Vertrag ganz Däitschland mat abezunn.

Am Zuch vun der NATO-Osterweiderung sinn 1999 d'Tschechesch Republik, Polen, Ungarn an 2004 nach Estland, Lettland, Litauen, Bulgarien, Rumänien, d'Slowakei, a Slowenien NATO-Membere ginn.

Frankräich ass zënter 1966 net méi an d'Militärstrukture vun der NATO intégréiert. Genee esou ware Griichenland an der Zäit vun 1974 bis 1981 a Spuenien vun 1986 bis 1999 aus dëse Strukturen kuerzfristeg ausgescheed. E Sonnerfall ass Island, dat keng eegen Arméi huet a sech dofir awer zu medizinescher Hëllefleeschtung verflicht huet.


[Änneren] Inhalt vum Nordatlantik-Traité

Den eigentlechen Nordatlankik-Traité gesäit en Defensivbündnis ouni automatesch militäresch Bäistandsflicht vun de Memberen vir. Déi éischt Artikele vum Traité verflichten d'Memberen zur friddlecher Konfliktbäileeung a frëndschaftlecher Ausgestaltung vun internationale Relatiounen. Och d'Erhale vun der westlech-liberaler Gesellschaftsuerdnung mat politescher, ekonomescher, sozialer an kultureller Zesummenarbecht an Unerkennung vun demokratesche Prinzipien ass Bestanddeel dervun.

Fir de Fall vun engem bewaffneten Ugrëff op ee vun den NATO-Staaten verflicht den Traité déi aner Memberen zu der sougenanntener kollektiver Selbstverdeedegung.

Fir d'Ëmsetze vun den duerch den Traité virgeschriwene Mechanismen a Verpflichtungen ass d'Grënnung vun der Organisatioun vum Nordatlantik-Traité, aus dem Nordatlantikrot an den nogelagerten Stellen, virgesinn.

[Änneren] Opbau an Organer

Nato-Gipfel 2002.
Vergréisseren
Nato-Gipfel 2002.

D’NATO ass eng méistufeg an komplex Organisatioun, dei souwuel militäresch wéi och zivil Verwaltungsstrukturen opweist. All Entscheedungen ënnerhalb der Organisatioun gin nom Konsensprinzip getraff.

Den ieweschte Gremium vun der NATO ass den Nordatlantikrot mat Sëtz zu Bréissel, déi eenzeg Institutioun vun der NATO, déi explizit am Nordatlantik-Traité genannt gëtt. Dëse befaasst sech mat alle Beräicher vun der Büdnispolitik – mat Ausnahm vun der Verdeedegungsplanung an der Nuklearpolitik.

Den Nordatlantikrot kënnt wéinstens eemol pro Woch um Niveau vun den permanenten Vertrieder (Ambassadeuren) vun alle Member-Staaten zesummen, all halleft Joër um Niveau vun den Aussen- an Verdeedegungsministeren an all dräi Joer um Niveau vun de Staats- an Regierungsminister. Autoritéit an Entscheedungsbefugnisser sinn awer onofhängeg vum Niveau an de Rot huet ëmmer dee selweschte Stellewäert an déi selwescht Gültegkeet.

Leedend Exekutivorgan ass de Generalsekretär, dee vun de Regierunge vun de Member-Staaten ernannt gëtt. Hien ass President vum Nordatlantikrot a vun allen aneren héichrangege Comitéen, an verantwortlech fir d'Fërderung an d'Steiere vum Konsultatiouns- an Entscheedungsfindungsprozess am Bündnis. Aktuelle Generalsekretär ass zënter dem Januar 2004 den Hollänner Jaap de Hoop Scheffer.

Den U.S. Präsident Bush begréisst déi nei NATO-Memberstaaten.
Vergréisseren
Den U.S. Präsident Bush begréisst déi nei NATO-Memberstaaten.

Déi wichtegst Comiéë sinn de Verdeedegungsplanungscomié an d'Nuklear Planungsgrupp, déi all halleft Joer um Niveau vun de Verdeedegungsminister beienee kommen.

De Militärausschoss ass den ieweschten militäreschen Gremium vun der NATO. En ënnersteet dem Nordatlantikrot, dem Verdeedegungsplanungsausschoss souwéi der Nuklearer Planungsgrupp an beréid dës an Froen zur Militärpolitik an –strategie. En trëfft sech eemol pro Woch um Niveau vun den nationalen Militäreschen Vertrieder souwéi dräi mol d’Joer um Niveau vun den Etat-Major’en.

[Änneren] Aufgaben

Dei am Nordatlantik-Traité formuléiert Zieler hun sech am Laf vum séngem Bestoen nët geännert an den Traité u sech ass a sengem Wuertlaut zënter 1949 onverännert. Allerdéngs goufen d’Aufgabe vun der NATO u verännert sécherheetspolitesch Gegebenheeten ugepasst an ginn aktuell aneschters interprétéiert.

Während der Zäit vum Kalen Krich huet d’Haaptaufgab vun der NATO doran bestanen, d’Fräiheet an d’Sëcherheet vun den Member-Staaten duerch Ofschreckung, Oprüstung an stänneg Ofwierbereetschaft ze garantéieren.

D’Vereenegung vun Däitschland, den Zerfall vum Warschauer Pakt an vun der UdSSR souwéi d’Demokratiséierung vun den Ostblock-Länner waren d’Ausléiser vun enger grondleenden Ännerung vum sëcherheetspoliteschen Emfeld an Europa. D’Aufgaben vun der NATO goufen un déi nei Laag ugepasst an geméiss dem Nordatlantik-Traité sinn d’Ofschreckung an Verdeedegung zwar Haaptaufgaben bliwen, an dach sin se éischter an den Hannergrond geréckelt. Et gouf méi op Dialog an Zesummenaarbescht mat den ‘aalen Géigner’ gesat an verschidden Partnerschaftsprogrammer sin schliisslech op d’NATO-Osterweiderung erauskomm.

Um Washingtoner Gipfeltreffen den 24. April 1999 gouf dat derzäitegt strategescht Konzept gebëllegt. Et beschreiwt Zieler an Aufgaben, analyséiert d’secherheetspolitesch Laag an leed dovun strategesch Perspektiven an Aufgaben of. Duerch d’Bestoen an d’Stärkung vun der transatlantescher Bindung soll eng méiglechst eng transatlantesch Bindung d’Secherheet vun Europa an Nordamerika verknäppen. Mat der Oprechterhalung an Weiderentwécklung vun effektiven militäreschen Fähegkeeten gët d’Verdeedegungsbereetschaft vun den Member-Staaten sëchergestallt. Wichtegst Ännerung ass awer d’Feststellung, dass fir d’Konfliktverhidung an d’Krisenbewältegung och militäresch Operatiounen “baussent dem NATO-Gebitt” zur prophylaktëscher Geforenofwier méiglech si sollen (soug. „Out-of-Area-Asätz“). Des weideren behält sech d’NATO fir, och ouni Mandat vun der UNO an Kriisengebidder ze intervenéieren (soug. Out-of-United-Nations-Asätz“, kuckt Kosovo 1998). NATO-Agrëffer an international Konflikter, bei denen keen Member-Staat onmëttelbar als Konfliktpartei bedeelegt ass, gin iwert den uersprünglechen Verdeedegungsoptrag eraus an gin dohier och oft als „Out-of-defense-Asätz” bezeechent.

[Änneren] Geschicht an Entwécklung

[Änneren] Virgeschicht

Nom Enn vum 2. Weltkrich goufen schnell d’Géigensätz zwëschen den ehemolegen Alliéierten, der UdSSR op der enger an den westlechen Gewënnermuechten Groussbritannien an den USA, genee sou wéi Frankräich op där anerer Säit, offenkënneg. Säit dem Bréisseler Vertrag vum 17. März 1948 hun sech déi westeuropäesch Länner wéi Frankräich, Groussbritannien, Holland, Belsch an Lëtzebuerg zu engem Bündnis zwecks wirtschaftlecher, sozialer an kultureller Zesummenaarbescht souwéi zur kollektiver Selbstverdeedegung zesummen gedoen. Während dësem Bündnis nach , sou gouf mat der Berlinblockad an dem Prager Fréijoer d’Siicht op d’sowjetesch Expansioun gelenkt.

An der weideren Entwécklung koum et amplaaz zu enger eesäiteger Garantie vun den USA fir déi europäesch Verbündeter aus dem Zweeten Weltkrich zu engem wiesselsäitegen Ofkommen, dem Nordatlantik-Traité, deen den 4. Abrëll 1949 duerch d’Grënnungsmemberen ënnerschriwen gin ass an den 24. August dat selwescht Joër an Kraaft getrueden ass.

[Änneren] Entwécklung vun 1949 bis 1989

An den éischte Joeren steet d’Gemeinschaft ennert dem Androck vun der Berlin-Blockad an dem Korea-Krich; als Grondsaatz gëlt an dëser Zäit d’Ofwier vun engem Ugrëff duerch d’Rout Arméi méiglechst wäit am Osten.

Duerch d’Ennerzeechnung vn de Paräiser Traitéë am Joer 1954 gouf d’Bundesrepublik Däitschland zum Bäitrëtt agelueden an de 6. Mee 1955 Member an der NATO.

De 19. Mee 1955 gëtt wéint dem Bäitrëtt vun der BRD an d’NATO de Warschauer Traité gegrënnt.

Bei de Walen am Dezember 1965 gëtt a Frankräich de President Charles de Gaulle a séngem Amt bestätegt an huet mat enger Ännerung vu sénger Verdeedegungspolitik ugefaang. Mat der éischter franséischer Atomdétonatioun den 13. Februar 1960 ass d’Land an de Krees vun de Nuklearmuechte getrueden. Zënterhier war d’Selbstbewosstsin vun der "Grande Nation" stänneg gewuess, déi zum Deel demütegend Behandlung duerch d’Aliiéiert während dem Zweete Weltkrich erem an d’Arënnerung zeréckgeruff ginn. Esou huet den „de Gaulle“, deen dei undauernd Dominanz vun den USA an der NATO net akzeptéiere wollt, d’Ennerstellung vun den a Frankräich stationéierten Aliiéierten Truppen (US-Amerikaner a Kanadier) ënner franséischt Kommando verlaangt. Dëst huet d’US Regierung awer aus dem bekannten Prinzip ofgelehnt. Dowéint huet de franséische President de Februar 1966 den Ofzuch vun den alliiéierten Truppen an de NATO-Haaptquartéiere gefuedert, mat der Begrënnung, „Frankräich géif elo déi voll Ausübung vu senger Souveränitéit Ustriewen, déi duerch d’stationéiere vu friemen Sträitkräfte op séngem Buedem net garantéiert wär“, an huet gläichzäiteg de Réckzuch vu séngen Truppen aus der militärescher Intégratioun vun der NATO erklärt. 30.000 friem Zaldoten hu Frankräich misse verloossen, SHAPE gouf op Casteau an d’Belsch, EUCOM op Stuttgart an AFCENT op Brunssum an Holland verluecht. De 16. Oktober 1966 hunn d’Membere vum NATO-Rot op Drock vun den USA och eestëmmeg d’déplacement vun hierem ieweschten politeschen Organ op Bréissel decidéiert. Dëst huet den de Gaulle net gefuedert.

Bis 1966 gëtt d’Stratégie vun der massiver Vergeltung verfollegt; als Réaktioun op den Ofbau vum sowjeteschen Atomwaffenpotential gëlt d’Prämisse: Fir all ofgeschossen Sowjet-Rakéit äntwert d’NATO mat villfachen eegenen Atomrakéiten, déi op d’Sowjetunioun ofgeschoss gin.

Opgrond vum 1967 veröffentlechten Harmel-Bericht kënnt d’Strategie vun der ofgestuften Reaktioun (Flexible Response) zur Uwendung. Och fir d’Verréngerung vu nukléaren risiken gëlt net méi de Motto vun der massiver Vergeltung, mee d’NATO besënnt sech op hier konventionell Sträitkräften an déi nei entwéckelt taktesch Nuklearwaffen. An de Joren dono baut d’NATO en neit Selbstverständnis op: D’Triade vun konventionellen, taktesch-nuklearen an strategesch-nuklearen Potentialer an d’Motto Sëcherheet = Verdeedegung an Entspaanung, féiert zu neien Usätz tëscht NATO an Warschauer Pakt.

Den 1. August 1975 gouf d’KSZE-Schlussakt ënnerschriwen, déi en éischte Schrëtt zu partnerschaftlëcher an friddlëcher Zesummenaarbescht an Europa duerstellt. De NATO-Duebelbeschloss aus dem Joer 1979 ass bis haut ëmstridden, well d’Norüstung vu Mëttelstreckerakéiten an Europa an déi gläichzäiteg Verhandlungsoffer un d’UdSSR féieren net direkt zur erhoffter Entspaanung. Den Duebelbeschloss gouf vu Friddensaktivisten an ganz Europa während den Ouschtermärsch schaarf kritiséiert. Op dës erneit Wettrüstung den Zesummebroch vum Ostblock matveruersaacht huet oder op dës Länner och esou virum wirtschaftlechen Kollaps stoungen, ass bis haut ëmstridden.

[Änneren] Entwécklung vun 1990 bis 1999

Mat den friddlëchen „Volléksrevolutiounen” um Gebidd vun Warschauer Pakt, ass d’Haaptbedrohung fir d’NATO-Staaten entfall. An der dorop folgenden Iwergangszäit sin nei Ideen an Strukturen entstanen, wei zum Beispill d’Partnerschaft fir de Fridden. Mat dësem zu Bréissel 1994 ofgemaachten Programm huet d’NATO interesséierten mëttel- an osteuropäeschen Staaten Zesummenaarbescht an militäreschen an sëcherheetspoliteschen Froen an am Hinbléck op eng Bäitrëttsperspektiv op gemaach. Doraus ass bei engem Gipfeltreffen 1997 zu Madrid d’Aluedung zum NATO-Bäitrëtt vun Polen, Ungarn an der Tschescher Republik erfollegt.

1997 ass och zu Paräis d’Grondakt mat Russland vereinbart gin, déi en Enn vun der Géignerschaft vun NATO an Russland virgesäit. Intern gët beschloss, d’NATO vun enger militärescher zu enger méi politescher Organisatioun emzewandelen.

Zu den „neien Ideen“ zielt och déi 1992 vun der NATO vereinbart Bereedschaft zu den „Out-of-Area“-Asätz. No Ermächtegung duerch den UN-Sëcherheetsrot si vun elo un och Asätz baussent dem NATO-Territoire méiglech, zum Beispill an Jugoslawien oder Afghanistan.

Noutwenneg gët domat och den Embau vun der NATO – fir eng schnell Agrëffsfähegkeet an Kriisengebidder, méi grouss Flexibilitéit an d’Ofkommen vum bipolaren Bedrohungsdenken ass och eng Korrektur an den Féierungsniveau’en an den institutionellen Opbauten noutwenneg. Als Äntwert gëllt d’Grënnung vun enger Reaktiounstrupp, der NATO Response Force (NRF) mat Land-, Loft- an Séisträitkräften fir schnell Asätz

D’Folleg vun dësem Beschloss sin déi aktiv Krichsasätz vun der NATO mat den Loftugrëffer géint Jugoslawien während dem Kosovo-Krich.

[Änneren] Entwécklung zënter 1999

Konferenz vun den Verdeedegungsminister zu Nice, 2005
Vergréisseren
Konferenz vun den Verdeedegungsminister zu Nice, 2005

Der gestiegener Gefor duerch den internationalen Terrorismus zënter dem 11. September 2001 huet d’NATO nach wéineg entgéintzesetzen. Traditionell versteet sech d’Organisatioun als e Bündnis vu Staate géint d’Ugrëffer vun anere Staaten. Domat gëtt et schwéier dësen Terrorugrëff – dee vun wéinegen extremistesche Persounen ouni Krichserklärung vun engem ugräifende Land täteg ginn – anzeuerdnen. Obwuel d’Memberen am Ugrëff op den World Trade Center nach e bewaffneten Ugrëff gesinn, deen de Bündnisfall ausléist, sou kënnt et hinsiichtlech op déi ze zéiend Konséquenzen zu deelweis ënnerschidlech Aschätzungen.

Während d’USA an Groussbritannien vun de Vereenten Natiounen d’Ermächtegung fir en Ugrëff op den Irak fuederen, gëtt dëst dach vun den aneren, am UN-Secherheetsrot vertruedenen NATO-Memberstaaten (e.a. Frankräich an Däitschland) ofgelehnt.

Am Kader vun den Viirbereedungen vun den Irak-Invasiounspläng vun den USA kënnt et dann an der NATO zu enger schwéierer Kris: Bei der Fro, ob d’Tierkei präventiv Ofwiersystemer (däitsch Patriot-Loftofwierrakéiten) bereet gestallt solle ginn, datt et sech, am Fall vun engem Ugrëff op den Irak, géint eventuell Géigen-Ugrëffer verdeedege kann, hu Frankräich an d’Belsch e Veto ageluecht. Däitschland huet sech dem Veto spéider ugeschloss (dëst allerdéngs eréischt no Fristoflaf, reng formell gesinn ass dëse Veto dohier ongëlteg, politesch war et allerdéngs dofir net manner brisant). Dëst huet zu enger Verstärkung vun de virdru scho bestanenen transatlanteschen Verstëmmungen zwëschen dësen Länner an Russland op der enger Säit an den USA an Groussbritannien op der anerer Säit gefouert. Onkloer ass, wéi sech dëse Rëss duerch d’Bündnis op seng laangfristeg Perspektiv, als aus Siicht vun den USA relevant Militärbündnis auswierkt.

Duerch d’Osterweiderung ass d’Aluedung vun de Länner Estland, Lettland, Litauen, der Slowakei, Slowenien, Bulgarien an Rumänien erfollegt. Den 2. Abrëll 2004 sinn dës Staat der NATO bäigetrueden.

[Änneren] Lëtzebuerg an der NATO

[Änneren] Geschicht

No der Ofschafung vum obligatoreschen Militärdéngscht am Joer 1967, nodeems den “GTR” (Groupement tactique régimentaire, 1954-1959) an d’“Bataillon d’Artillerie” (1959-1967) an d’”8. US-Infanterie Divisioun” déi zu Baumholder stationéiert war, intégréiert ginn ass, ass doraus d’”1. NATO Infanterie-Batailloun” entstanen. Dëst Battailloun, dat vum CIM (Centre d’Instruction Militaire) opbruecht ginn ass, huet sech zesummengesaat aus, enger Kommando- an Service-Unitéit, zwou Infanterie Kompanien an enger Opklär Kompanie, d.h. am ganzen 366 Fräiwëlleger an Kader. Zënter 1968 ass dëst Battailloun en Deel vun der “ACE Mobile Force (LAND)” kuerz AMF(L) vun der NATO an huet am September 1969 fir d’éischt un engem Manöver an Dänemark deelgeholl.

D’AMF (L) war eng multinational, konventionell a mobil Sträitkraaft, déi direkt beim Optrieden vun bewaffneten Konfliktsymptomer an der bedrohter Régioun agesaat konnt gin. Dës Sträitkraaft huet dofir éischter eng, mat gezielt ofschreckender Wierkung, politesch Roll gespillt. Dës Roll kéint een als en “Show the Flag” bezeechnen. Am Joer 2002 huet d’AMF(L) sech opgeléist.

[Änneren] Aktuell

Militär-Transportfliger A400M
Vergréisseren
Militär-Transportfliger A400M

Zënter 1996 hëlt d’Lëtzebuerger Arméi un ënnerschidlechen Operatiounen vun der NATO deel, wéi SFOR, KFOR oder ISAF. Lëtzebuerg bedeelegt sëch och un multinationalen Programmer wéi den A400M (Airbus Militär-Transportfliger).

D’Lëtzebuerger Arméi gesäit vir, fir an absehbarer Zäit mat Sträitkräften un der Schnell-Réaktiouns Initiativ vun der NATO (NATO Response Force NRF) an den (Groupements tactiques) vun der Eurpäescher Unioun deelzehuelen.

D’NAMSA, en logisteschen Stëtzpunkt vun der NATO, besteet zënter 1958 zu Lëtzebuerg mat Sëtz zu Kapellen.

[Änneren] Literatur

  • Johannes Varwick / Wichard Woyke (Hg.), Die Zukunft der NATO. Transatlantische Sicherheit im Wandel. Opladen: Leske und Budrich 2000.
  • Johannes Varwick (Hg.), Die Beziehungen zwischen NATO und EU. Leverkusen: Budrich 2005.

[Änneren] Linken

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck

Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com