1998
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
1993 | 1994 | 1995 | 1996 | 1997 | 1998 | 1999 | 2000 | 2001 | 2002 | 2003
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1998.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Evenementer
[Änneren] Europa
- 20. Januar: De Václav Havel gëtt als President vun der Tschechescher Republik erëmgewielt.
- 28. Februar: Ufank vun den Ausernanersetzungen am Kosovo, bei deenen et 2.000 Doudeger ginn, 250.000 Leit si viru serbesche Milizen a Police an Albanien fortgelaf (bis Mäerz).
- 1. Mee : Den Europäesche Conseil leet déi 11 Länner fest, déi dem Euro 1999 bäitriede sollen an nomminéiert de Wim Duisenberg zum President vun der Europäescher Zentralbank.
- 1. Juni: D'Europäesch Zentralbank hëllt hir Funktiounen op.
- 13. Juni: Frankräich féiert d'35-Stonne-Woch an.
- 27. September : Dem däitsche Kanzler Helmut Kohl seng Partei, d'CDU (35%) verléiert bei de Wale fir de Bundestag; d'SPD kritt mam Gerhard Schröder als Spëtzekandidat, 41%.
- 9. Oktober : Dem Romano Prodi seng Regierung demissionéiert.
- 27. Oktober: De Gerhard Schröder gët däitsche Kanzler.
[Änneren] Lëzebuerg
[Änneren] Afrika
- 12. Mee : Ufank vun engem Grenzkrich tëscht Äthiopien an Erythrea.
- 7. August : Attentater géint uS-amerikanesch Ariichtungen am Kenya an an Tanzania.
- 6. Dezember : Den Omar Bongo gëtt als President vum Gabon erëmgewielt.
[Änneren] Amerika
[Änneren] USA
- 11. September: De Rapport iwwert d'Affär Monica Lewinski gëtt am Internet verbreet.
- 8. Oktober: Eng Impeachment-Prozedur gëtt géint den amerikanesche President Bill Clinton, am Kader vun der Lewinski-Affär, ageleet.
- 3. Novemeber : Legislaivwalen an de Vereenegte Staaten.
[Änneren] Südamerika
[Änneren] Asien
- 4. Mäerz : D'nationalistesch Hindu-Partei gewënnt d'Walen an Indien.
- 17. Mäerz: De Zhu Rongji gëtt amplaz vum Li Peng chinesesche Premierminister.
- 23. Mäerz: De Boris Jeltsin ernennt de Sergej Kirienko zum russesche Premierminster amplaz vum Viktor Tschernomyrdin.
- 21. Mee: Den indonesesche President Suharto demissionnéiert, e gëtt ersat duerch de Jusuf Habibie.
- 13. Juli: Demissioun vum japanesche Premierminister Ryutaro Hashimoto.
- 5. September : De Kim Jong-il gëtt ieweschte Leader vun der Republik Nordkorea.
- 11. September: Den Ewgeni Primakow gëtt Premierminister a Russland.
[Änneren] Ozeanien & Pazifik
[Änneren] Arabesch Welt
[Änneren] Konscht & Kultur
[Änneren] Molerei
[Änneren] Literatur
[Änneren] Musek
[Änneren] Wëssenschaft & Technik
[Änneren] Economie
- 7. Mee: D'Fusioun tëscht Daimler-Benz a Chrysler gëtt bekannt ginn.
- 5. Juni: Volkswagen iwwerhëllt Rolls-Royce.
- 23. Dezember : Fusioun vu Matra (Frankräich), GEC (Vereenegt Kinnekräich), DASA/Daimler-Chrysler Aerospace (Däitschland) a Finmeccanica (Italien).
- Dezember: Fusioun vun Exxon a Mobil.
[Änneren] Sport
- 12. Juli: D'Nationaléquipe aus Frankräich gewënnt mat 3:0 géint déi aus Brasilien d'Final vun der Foussball-Weltmeeschterschaft zu Paräis.
[Änneren] Gebuer
[Änneren] Gestuerwen
- 5. Januar: Junior Wells, US-amerikanesche Blues-Museker (Mondharmonika) (* 1934)
- 8. Februar: Halldór Laxness, islännesche Schrëftsteller (* 1902)
- 28. Februar: Elsy Jacobs, lëtzebuergesch Cyclistin a méimoleg Stroosse-Weltmeeschtesch.
- 15. Abrëll: Pol Pot, kambodschanesche Politiker, "Brudder Nr. 1" vun de Roude Khmer (* 1928)
- 21. Abrëll: Jean-François Lyotard, franséische Philosoph a Literaturtheoretiker.
- 23. Abrëll: Konstantinos Karamanlis, griichesche Politiker (* 1907)
- 14. Mee: Frank Sinatra, US-amerikanesche Schauspiller, Sänger an Entertainer (* 1915)
- 23. Juni: Maureen O'Sullivan, Schauspillerin.
- 22. Juli: Antonio Saura, spuenesche Moler (* 1930)
- 6. September: Akira Kurosawa, japanesche Regisseur (* 1910)
- 26. September: Betty Carter, US-amerikanesch Jazz-Sängerin.
- 26. September: Henri Rinnen, lëtzebuergesche Sprooch- a Vigelfuerscher.
- 30. September: Emile Krieps, lëtzebuergesche Schoulmeeschter, Resistenzler, Berufsoffizéier a Politiker.
- 12. Oktober: Bernhard Minetti, däitsche Schauspiller (* 1905)
- 8. November: Jean Marais, franséische Schauspiller.
- 17. November: Ida Faber-Hoesdorff, lëtzebuergesch Molerin.
- 19. November: Alan J. Pakula, US-amerikanesche Filmregisseur (* 1928)
- 14. Dezember: Vittorio Cottafavi, italienesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.