2004
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
20. Joerhonnert | 21. Joerhonnert | 22. Joerhonnert
1999 | 2000 | 2001 | 2002 | 2003 | 2004 | 2005 | 2006 | 2007 | 2008 | 2009
Dës Säit befaasst sech mam Joer 2004.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Evenementer
[Änneren] Europa
- 6. Februar: 43 Doudeger bei engem Attentat am Metro vu Moskau.
- 11. Mäerz: Bommenattentater a Garen zu Madrid: bal 200 Doudeger an iwwer 1500 Blesséierter.
- 14. Mäerz : De Wladimir Putin gëtt als russesche President erëmgewielt.
- 15. Mäerz: Dem José Luís Rodríguez Zapatero seng Partei PSOE gewënnt d'Parlamentswalen a Spuenien.
- 29. Mäerz: An Irland gëtt d'Fëmmen an de Pubë verbueden.
- 25. Abrëll: E Referendum op Zypern iwwert eng Vereenegung vun der gespléckter Insel geet negativ aus: de griichesche Süden ass majoritär dergéint.
- 1. Mee: d'Europäesch Unioun vergréissert sech ëm 10 nei Länner.
- 23. Mee : Den Horst Köhler gëtt zum däitsche Bundespresident gewielt.
- 13. Juni: Bei de Wahle fir d'Europäescht Parlament an de 25 EU-Memberstaaten, geet d'Gauche als Gewënner erfir.
- 18. Juni : Zu Roum eenegen d'EU-Staats- a Regierungscheffen sech iwwert den Traité iwwert eng Constitutioun fir Europa.
- 30. Juli : Gasexplosioun zu Ghislenghien an der Belsch: 21 Doudeger, 120 Blesséierter.
- 3. September: Dramatesch Befreiungsaktioun zu Beslan a Südrussland. Dräi Deeg laang haten tschetschenesch Terroristen iwwer 1.300 Leit, déi meescht vun hinne Kanner, als Geiselen an enger Schoul gefaange gehalen. Ronn 340 Affer sinn ze bekloen.
- 21. November: Kontroverséiert Presidentschaftswahlen an der Ukraine.
- 22. November: D'Europäesch Commissioun mam President José Manuel Barroso hëllt hir Aarbecht op.
- 30. November: D'portugisesch Regierung vum Pedro Santana Lopes demissionéiert.
- 16. Dezember: D'EU-Staats- a Regierungscheffen decidéieren, vum 3. Oktober 2005 u Bäitrëttsverhandlunge mat der Tierkei ze féieren.
[Änneren] Lëtzebuerg
- 11. Februar: Fir d'éischte Kéier zu Lëtzebuerg (an och an der EU) ginn och Zaldoten aus anere EU-Memberstaate als nei Arméi-Rekrute vereedegt.
- 13. Mee: D'Pressegesetz vun 1869 gëtt reforméiert.
- 13. Juni: Chamberwahlen zu Lëtzebuerg: CSV 24 Sëtzer (+5), LSAP 14 (+1), DP 10 (-5), déi Gréng 7 (+2), ADR 5 (-2), Déi Lénk/KPL 0 (-1), FPL 0 (-).
- 31. Juli: D'Regierung Juncker-Asselborn, eng CSV-LSAP-Koalitiounsregierung, gëtt vereedegt.
- 27. September: De portugisesche Staatspresident Jorge Sampaio ass op Staatsvisite.
- 19. November: D'Verfaassung gëtt geännert.
[Änneren] Afrika
- 24. Februar : 517 Doudeger bei engem Erdbiewen a Marokko.
[Änneren] Amerika
- 28. Juni : Wahle fir d'Nationalparlament a Kanada. D'Liberal Partei gëtt erëmgewielt, mee huet net d'Majoritéit.
- August/September: Véier Mol hannerënee riichten Hurricanen an der Karibik an am Südoste vun den USA grouss Schied un, dausende Mënsche kommen (virun allem op Haiti) ëm d'Liewen.
[Änneren] USA
- 2. Mäerz : Den John Kerry gëtt demokratesche Kandidat fir d'Presidentschaftswahlen.
- 2. November : De George W. Bush gëtt als President vun de Vereenegte Staaten erëmgewielt mat 51 zu 49% vun de Stëmmen géint den John Kerry.
[Änneren] Südamerika
- 1. August : Feier an engem Akafszentrum zu Asunción a Paraguay, iwwer 400 Doudeger.
- 31. Oktober: Den Tabaré Vázquez gëtt zum President vun Uruguay gewielt.
- 31. Dezember: Bei engem Feier an enger Discothéik zu Buenos Aires stierwen 180 Leit.
[Änneren] Asien
- 4. Januar : De Mikhail Saakashvili gewënnt d'Presidentschaftswahlen a Georgien.
- 26. Dezember : Iwwer 285.000 Doudeger bei engem Äerdbiewen am Indeschen Ozean mat enger Stäerkt vu 9.0 op der Richterskala. Déi meescht Affer sin duerch d'Tsunamiën em d'Liewe komm, déi d'Biewe provozéiert hat.
[Änneren] Ozeanien & Pazifik
[Änneren] Arabesch Welt
- 20. Februar: Déi Konservativ gewannen d'Parlamentswalen am Iran.
- 28. Abrëll: Biller aus dem Prisong vun Abu Ghraib gi publizéiert, op deenen irakesch Gefaangener vun US-amerikanesche Giichtercher mësshandelt ginn.
- Uechter d'Joer: Bommenattentater am Irak maachen honnerte vun Affer.
[Änneren] Konscht & Kultur
- 28. Mee: D'Kulturzentrum vun der Neimënster-Abtei gëtt ageweit.
[Änneren] Literatur
- Servais-Präis: Claudine Muno fir Frigo.
[Änneren] Kino
- Lord of the Rings - The Return of the Emperor vum Peter Jackson kritt den Oscar fir de beschte Film;
- Fahrenheit 9/11 vum Michael Moore gewënnt d'Gëlle Palm zu Cannes;
- Les invasions barbares vum Denys Arcand kritt den César fir de beschte Film.
[Änneren] Lëtzebuerg
- La Revanche vum Andy Bausch.
- Heim ins Reich vum Claude Lahr.
- Der neunte Tag vum Volker Schlöndorff.
[Änneren] Wëssenschaft & Technik
- 23. Januar: D'europäesch Sonde Mars Express bréngt de Bewäis, datt et um Mars Waasser gëtt.
- 6. Mee: Lëtzebuerg gëtt Member vun der Europäescher Weltraumagence (ESA).
- 14. Dezember: De Viaduc de Millau, déi héchste Bréck vun der Welt, gëtt ageweit.
[Änneren] Sport
- De Lance Armstrong gewënnt den Tour de France fir d'sechste Kéier.
- Griicheland gewënnt d'Foussball-Europameeschterschaft.
- Olympesch Spiller zu Athen.
[Änneren] Gebuer
[Änneren] Gestuerwen
- 6. Januar: Nicolas Mosar, lëtzebuergesche Politiker
- 7. Januar: Ingrid Thulin, schwedesch Schauspillerin
- 23. Januar: Helmut Newton, däitsche Fotograf
- 29. Januar: O.W. Fischer, éisträichesche Schauspiller
- 2. Februar: Hikitsuchi Michio, japaneschen Aikido-Meeschter.
- 14. Februar: Marco Pantani, italienesche Vëlosportler.
- 19. Februar: Josy Mersch, lëtzebuergesche Vëlosportler.
- 4. Mäerz: Claude Nougaro, franséische Sänger
- 20. Mäerz: Juliane van Oranje-Nassau, hollännesch Kinnigin vun 1948-1980
- 28. Mäerz: Robert Merle, franséischen Auteur
- 28. Mäerz: Peter Ustinov, britesche Schauspiller, Auteur a Regisseur
- 30. Abrëll: Boris Pergamenschikov, russeschen Cellist (* 1948)
- 2. Juni: Nicolaï Ghiaurov, bulgaresche Bass-Sänger (* 1929)
- 4. Juni: Nino Manfredi, italienesche Schauspiller
- 5. Juni: Ronald Reagan, US-amerikanesche President a Schauspiller
- 5. Juni: Iona Brown, englesch Violonistin an Dirigentin (* 1941)
- 6. Juni: Charles Marie Ternes, docteur en philosophie et lettres, Professer am Lycée Robert-Schuman
- 7. Juni: Roger Matton, kanadesche Komponist (* 1929)
- 10. Juni, Ray Charles, US-amerikaneschen Jazz-Museker
- 24. Juni: Marc Zanussi, lëtzebuergesche Politiker
- 1. Juli: Marlon Brando, Filmschauspiller a Regisseur
- 1. Juli: Paul Beghin, lëtzbuergesche Politiker a Jurist
- 8. Juli: Jean Lefebvre, franséische Schauspiller
- 13. Juli: Carlos Kleiber, éisteräicheschen Dirigent (* 1930)
- 18. Juli: Inge Meysel, däitsch Schauspillerin
- 22. Juli: Serge Reggiani, italienesch-franséische Schauspiller a Sänger
- 3. August: Henri Cartier-Bresson, franséische Fotograf
- 8. August: Fay Wray, US-amerikanesch Schauspillerin
- 17. August: Gérard Souzay, franséische Bariton-Sänger (* 1918 als Gérard Marcel Tisserand)
- 18. August: Elmer Bernstein, US-amerikanesche Komponist an Dirigent (* 1922)
- 29. August: Hans Vonk, hollänneschen Dirigent (* 1941)
- 3. September: André Dumortier, belsche Pianist, (* 1910)
- 22. September: Nico Weber, lëtzebuergesche Sproochwëssenschaftler.
- 28. September: Christl Cranz, däitsch Alpineschileeferin.
- 29. September: Heinz Wallberg, däitschen Trompettist, Violonist an Dirigent (* 1923)
- 1. Oktober: Richard Avedon, US-amerikanesche Fotograf
- 3. Oktober: Janet Leigh, US-amerikanesch Schauspillerin
- 4. Oktober: Gordon Cooper, US-amerikaneschen Astronaut
- 10. Oktober: Christopher Reeve, US-amerikanesche Schauspiller
- 21. Oktober:
- Jean Dondelinger, lëtzebuergeschen Diplomat a Politiker
- Jean-Pierre Georg, lëtzebuergesche Sculpteur
- 1. November: Aly Bintz, lëtzebuergesche Schauspiller a Sänger
- 11. November: Jassir Arafat, palästinensesche Politiker
- 1. Dezember: Fathi Arafat, palästinensesche Politiker
- 2. Dezember: Émile Probst, lëtzebuergesche Kënschtler
- 15. Dezember: Sidonie Goossens, brittesch Harfspillerin
- 28. Dezember: Susan Sontag, US-amerikanesch Schrëftstellerin (* 1933)