Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions World Trade Center - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

World Trade Center

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

World Trade Center, NY
De World Trade Center
Basisdaten
Stad: New York
Verwendung: Bürohéichhaus
Bauzäit: 1966 bis 1973
Ouverture: 4. Abrëll 1973
Zerstéierung: 11. September 2001
Architekt: Minoru Yamasaki
Baustil: Modern
Technësch Daten
Héicht: Nordtuerm: 417 m
(mat Antenn 521 m)
Südtuerm: 415 m
Breet: 63,4 m
Déift: 63,4 m
Stäck: 110
Baustoff: Stool, Stoolbeton, Glas,
Bléck no uewen
Vergréisseren
Bléck no uewen

De World Trade Center [wɝːldˈtɹeɪdˌsɛntɚ] (lëtz.: Welthandelszentrum), oofgekierzt WTC, war en 1973 Gebaikomplex am Süde vum New Yorker Staddeel Manhattan. Déi markant Zwillengstierm waren zäitweis déi héichste Gebaier vun der Welt.

Si goufen den 11. September 2001 duerch en Terroruschlag zerstéiert. Dobäi sinn ongeféier 2.800 Mënschen ëm d’Liewe komm, déi am WTC waren, an anerer, déi an de béide Fligere soutzen, déi d’Attentäter an d’Zwillengstierm gesteiert hun an eng ganz Reih Pompjeeën. Alles an allem goufen circa 3.300 Doudeger gezielt.

Fir d’Uschléi ginn islamistesch Selbstmordattentäter, déi vum Terrornetzwierk Al-Qaida ausgebild a beoptragt goufen, verantwortlech gemeet. Den Uschlag huet zu weltwäitem Entsetzen an Trauer an zu wäitreechende geopolitesche Konsequenze gefouert, soudass als Folleg Ugrëffskricher an Afghanistan an am Irak duerch d’USA gefouert goufen.

[Änneren] Iwwersiicht

De WTC gouf vum amerikaneschen Architekt Minoru Yamasaki entworf an tëschend 1966 an 1973 gebaut. Den David Rockefeller war Chairman vun der Chase Manhattan Bank an huet d’Finanzéierung vun den Twin Towers ënnerstëtzt. D’Tierm goufen David an Nelson (Rockefeller) genannt. D’Entreprise Karl Koch Erecting Co. huet dës Tierm gebaut, déi bei hirer Fäerdegstellung 1973 déi héichste Gebaier vun der Welt waren, awer schonn am Joer 1974 vum Sears Tower iwwertraff goufen.

De WTC huet eigentlech aus siiwe Gebeier bestan, sou ass d’Faszinatioun vun de béiden Zwillengstierm ausgong. Et hunn ongeféier 50.000 Mënschen an dëse Gebaier geschafft, dobäi koumen nach déi deeglech 80.000 Visiteuren. D’Tierm haten souguer eng eege Postleitzuel.

[Änneren] Konstruktion

D’Konstruktioun vum World Trade Center huet aus Stoolstäipen an de Fassaden an am bannendsechten Erschléissungsberäich aus Gitterträger-Plafongë bestan. Als Noutausgäng waren onoofhängeg Trapenhäiser am bannendsechten Erschléissungsberäich.

De Gebäikomplex huet nieft de béiden Tierm nach aus fënnef weidere Gebaier bestan (WTC1 bis WTC7) souwéi enger ënnerierdescher Shopping-Passage, déi sëch aus Geschäfter a Restauranten zesummegesaat huet. E puer Metroslinnen an eng Linn vun der PATH op New Jersey waren am Sous-Sol ënnerbruecht.

De Nordtuerm war 417 Meter héich an hat um Daach eng Antenn vun engem Fernsehssender, déi d’Gesamthéicht vum Gebai op 521 Meter bruecht huet. De Südtuerm war 415 Meter héich an uewendrop war déi héichstgeleen Daachterrass vun der Welt. Béid Haiser hate Grondoofmiessunge vun 63,4 x 63,4 Meter (208 x 208 Fouss/Feet). Jidder Tuerm stoung op 21 Meter déiwe Fëllementer an hat eng verlounbar Bürofläch vun iwwer 400.000 m², déi sech op 110 Stäck verdeelt huet.

All Tuerm hat dräi Modulen, getrennt duerch zwou sougenannte Sky Lobbies am 44. an 78. Stack. Hei huet ee missen déi lokal Lifter huele fir de gewënschte Stack vum Modul ze erreechen. Duerchgehend sin d’Lifter nëmme vum Rez-de-Chaussée zu de Sky Lobbies an op d’Visiteurterrass vum Südtuerm (WTC2) bzw. dem Restaurant am Nordtuerm (WTC1) gefuer. Jidder Tuerm hat am ganzen 104 Lifter.

Op de Stäck 106 an 107 vum Nordtuerm war de Restaurant Windows on the World fir de Public zougängeg, vun dem ee bis op Queens, New Jersey, Brooklyn an den John F. Kennedy-Fluchhafen konnt gesinn (bei kloren Deeg war eng Siicht bis zu 80 km méiglech). Um 108. Stack hat eng Radiostatioun hire Studio. An de béide leschte Stäck (vu béiden Zwillingstierm) war de sougenannten "hat truss", eng Stoolträgerfachwierkkonstruktioun, fir de Wolkenkratzer ze stabiliséieren, déi den 11. September 2001 wesentlëch dozou bäigedro huet, dass de Nordtuerm trotz den zerstéierte Baussestäipen un der Nordfassade nach 102 Minutten no dem Opprall vum Fliger stoe blouf. Mat der Daachkonstruktioun goufen déi op d’Nordfassade wierkend Kräften op déi verbliwwe Stäiben ëmgeleed.

[Änneren] Terroruschléi

De Gebaikomplex war fir d’éischte kéier den 26. Februar 1993 Ziel vun engem Bommenuschlag vun islamisteschen Terroristen.

Deemools haten d’Terroristen e geléinte Ryder-Van um Niveau B2 vun der Déifgarage vum Nordtuerm am World Trade Center oofgestallt. An dësem waren ongeféier 700 kg vum Sprengstoff TNT, an eng ganz Reih Drockgasbehälterë mat Waasserstoff, déi d’Wucht bei der Explosioun nach verstärkt hun. D’Explosioun huet en 30 Meter grousst Lach a véier vun de sechs Sous-Solë gerappt.

Siiwe Stäck goufe besonnesch schwéier beschiedegt, sechs dovun ënnert dem Buedem. Dem Uschlag si sechs Mënschen zum Affer gefall, iwwer dausend goufe blesséiert. Doraus huet ee vun de gréisste Rettungsasätz an der Stad New York resultéiert, woubäi 45% vun de Pompjeeën am Déngscht op d’Plaz geruff goufen. Sechs islamistesch Terroristen goufe 1997 bzw. 1998 fir dëst Attentat schëlleg gesprach an all kéiers zu 240 Joer Prisong veruerteelt.

Den zweeten Terroruschlag gouf den 11. September 2001 vun islamisteschen Terroristen arabescher Oofstaamung ausgefouert.Dësen Daag goufe véier grouss Passagéierfligeren an den USA entfouert, dovun zwéi Boeing 767, déi vun den Entféierer an déi zwéin Tierm vum World Trade Center gesteiert goufen.

Bei den Terroruschléi vum 11. September 2001 gouf d’Konstruktioun nom Uschlag duerch déi enorm Hëtzt (schätzungsweis 1.200°C), veruersaacht duerch de Kerosin vun den ageschloene Fligeren a brennend Konschtstoffer an Ariichtungen, esou staark geschwächt, dass dat ganzt Gebai a sech selwer agestierzt ass. Well an de Stäck déi gebrannt hunn d'Eisekonstruktioune geschmollt sinn, hunn se néischt méi gedro an déi Stäck driwwer sinn op déi drënner gefall, déi dann och duerch d’Wucht vun dëser enormer Mass nët méi duergehal hunn. D’Tierm sin da quasi senkrecht a sech zesummegefall an hu bal 2.800 Mënschen ënnert sech begruewen. 343 New Yorker Pompjeeën hu bei dësem Asaz hiert Liewe gelooss.

Doriwwer eraus ass och deeselwechten Daag um fënnef Auer mëttes nach d'Gebäi WTC 7. dat dernieft stong zesummegefall.

New York Skyline / World Trade Center
New York Skyline an der Dämmerung ëm 1991
Vergréisseren
New York Skyline an der Dämmerung ëm 1991
30 Deeg weise Scheinwerfer an der Nuecht, wou de WTC stoung
Vergréisseren
30 Deeg weise Scheinwerfer an der Nuecht, wou de WTC stoung

Op der Plaz, wou de WTC stoung, gouf de 4. Juli 2004 de Grondstee fir de Freedom Tower geluecht. E soll fréihstens fir d’Joer 2010 fäerdeg ginn.

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck

THIS WEB:

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - be - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - closed_zh_tw - co - cr - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - haw - he - hi - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - ms - mt - mus - my - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - ru_sib - rw - sa - sc - scn - sco - sd - se - searchcom - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sq - sr - ss - st - su - sv - sw - ta - te - test - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tokipona - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu

Static Wikipedia 2008 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2007:

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - be - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - closed_zh_tw - co - cr - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - haw - he - hi - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - ms - mt - mus - my - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - ru_sib - rw - sa - sc - scn - sco - sd - se - searchcom - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sq - sr - ss - st - su - sv - sw - ta - te - test - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tokipona - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu

Static Wikipedia 2006: