Présidence vum Conseil vun der Europäescher Unioun
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Présidence vum Conseil vun der Europäescher Unioun (och alt verkiirzt EU-Présidence oder EU-Rotsvirsëtz genannt) bezitt sech op d'Responsabilitéit, déi ee bestëmmte Memberstaat vun der Europäescher Unioun (EU) 6 Méint laang huet, an déi doranner besteet, sämtlech Zesummekënft vum Conseil vun der Europäescher Unioun z'organiséieren an ze presidéieren. Eng wichteg Aufgab ass awer och, bei deenen Zesummekënft Kompromësser auszeschaffen a virzeschloen, fir datt all kënnen d'accord sinn.
Et gëtt nët "de" President vum Conseil vun der Europäescher Unioun, mee et ass all Kéiers dee Fachminister aus dem Land, dat d'Présidence huet, dee fir de Sujet, ëm deen et geet, zoustänneg ass. Geet et z.B. em e Sujet aus dem Kulturberäich, deen am Juni 2005 am Conseil "Bildung, Jugend a Kultur" beschwat gëtt, ass et de Lëtzebuerger Kulturminister, deen d'Présidence huet.
Da gëtt et och nach den Europäesche Conseil (dacks "EU-Sommet" genannt), bei deem gewéinlech 4 Mol am Joer d'Staats- a Regierungscheffen (an hir Ausseministeren) zesummekommen. Och hei huet dat Land (oder villméi de Premierminister, respektiv de President vun deem Land), dat d'Présidence vum Conseil huet, d'Présidence.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Rotatioun
Fir datt kee Land sech vun engem anere benodeelegt soll fillen, wiesselt d'Présidence all 6 Méint no engem vum Conseil festgeluechte Rotatiounsschema. Well am Laf vun de Jore méi Memberstaaten derbäikomm sinn, dauert et och méi laang, bis ee bestëmmtent Land erëm eng Kéier d'Présidence huet. Well se duerch d'EU-Ausbreedung och ëmmer méi opwänneg gëtt, ginn et Iwwerleeungen, dee System ze änneren.
Joer | Memberstaat, deen d'Présidence huet | ||
---|---|---|---|
1958 | Éischt Hallschent | Belsch | |
Zweet Hallschent | Däitschland | ||
1959 | Éischt Hallschent | Frankräich | |
Zweet Hallschent | Italien | ||
1960 | Éischt Hallschent | Lëtzebuerg | |
Zweet Hallschent | Holland | ||
1961 | Éischt Hallschent | Belsch | |
Zweet Hallschent | Däitschland | ||
1962 | Éischt Hallschent | Frankräich | |
Zweet Hallschent | Italien | ||
1963 | Éischt Hallschent | Lëtzebuerg | |
Zweet Hallschent | Holland | ||
1964 | Éischt Hallschent | Belsch | |
Zweet Hallschent | Däitschland | ||
1965 | Éischt Hallschent | Frankräich | |
Zweet Hallschent | Italien | ||
1966 | Éischt Hallschent | Lëtzebuerg | |
Zweet Hallschent | Holland | ||
1967 | Éischt Hallschent | Belsch | |
Zweet Hallschent | Däitschland | ||
1968 | Éischt Hallschent | Frankräich | |
Zweet Hallschent | Italien | ||
1969 | Éischt Hallschent | Lëtzebuerg | |
Zweet Hallschent | Holland | ||
1970 | Éischt Hallschent | Belsch | |
Zweet Hallschent | Däitschland | ||
1971 | Éischt Hallschent | Frankräich | |
Zweet Hallschent | Italien | ||
1972 | Éischt Hallschent | Lëtzebuerg | |
Zweet Hallschent | Holland | ||
1973 | Éischt Hallschent | Belsch | |
Zweet Hallschent | Dänemark | ||
1974 | Éischt Hallschent | Däitschland | |
Zweet Hallschent | Frankräich | ||
1975 | Éischt Hallschent | Irland | |
Zweet Hallschent | Italien | ||
1976 | Éischt Hallschent | Lëtzebuerg | |
Zweet Hallschent | Holland | ||
1977 | Éischt Hallschent | Groussbritannien | |
Zweet Hallschent | Belsch | ||
1978 | Éischt Hallschent | Dänemark | |
Zweet Hallschent | Däitschland | ||
1979 | Éischt Hallschent | Frankräich | |
Zweet Hallschent | Irland | ||
1980 | Éischt Hallschent | Italien | |
Zweet Hallschent | Lëtzebuerg | ||
1981 | Éischt Hallschent | Holland | |
Zweet Hallschent | Groussbritannien | ||
1982 | Éischt Hallschent | Belsch | |
Zweet Hallschent | Dänemark | ||
1983 | Éischt Hallschent | Däitschland | |
Zweet Hallschent | Griicheland | ||
1984 | Éischt Hallschent | Frankräich | |
Zweet Hallschent | Irland | ||
1985 | Éischt Hallschent | Italien | |
Zweet Hallschent | Lëtzebuerg | ||
1986 | Éischt Hallschent | Holland | |
Zweet Hallschent | Groussbritannien | ||
1987 | Éischt Hallschent | Belsch | |
Zweet Hallschent | Dänemark | ||
1988 | Éischt Hallschent | Däitschland | |
Zweet Hallschent | Griicheland | ||
1989 | Éischt Hallschent | Spuenien | |
Zweet Hallschent | Frankräich | ||
1990 | Éischt Hallschent | Irland | |
Zweet Hallschent | Italien | ||
1991 | Éischt Hallschent | Lëtzebuerg | |
Zweet Hallschent | Holland | ||
1992 | Éischt Hallschent | Portugal | |
Zweet Hallschent | Groussbritannien | ||
1993 | Éischt Hallschent | Dänemark | |
Zweet Hallschent | Belsch | ||
1994 | Éischt Hallschent | Griicheland | |
Zweet Hallschent | Däitschland | ||
1995 | Éischt Hallschent | Frankräich | |
Zweet Hallschent | Spuenien | ||
1996 | Éischt Hallschent | Italien | |
Zweet Hallschent | Irland | ||
1997 | Éischt Hallschent | Holland | |
Zweet Hallschent | Lëtzebuerg | ||
1998 | Éischt Hallschent | Groussbritannien | |
Zweet Hallschent | Éisträich | ||
1999 | Éischt Hallschent | Däitschland | |
Zweet Hallschent | Finnland | ||
2000 | Éischt Hallschent | Portugal | |
Zweet Hallschent | Frankräich | ||
2001 | Éischt Hallschent | Schweden | |
Zweet Hallschent | Belsch | ||
2002 | Éischt Hallschent | Spuenien | |
Zweet Hallschent | Dänemark | ||
2003 | Éischt Hallschent | Griicheland | |
Zweet Hallschent | Italien | ||
2004 | Éischt Hallschent | Irland | |
Zweet Hallschent | Holland | ||
2005 | Éischt Hallschent | Lëtzebuerg [1] | |
Zweet Hallschent | Groussbritannien | ||
2006 | Éischt Hallschent | Éisträich | |
Zweet Hallschent | Finnland |
[Änneren] Vun 2007 un
Am Traité iwwert eng Europäesch Constitutioun ass virgesinn, dass de Conseilspresident vun de Conseilsmembere fir 2 1/2 Joer gewielt soll ginn, an déi Zäit kee nationaalt Mandat kinnt hunn. Well deen Traité Enn 2006 net iwwerall ratifizéiert ass, gouf en neie Rotatiounsprinzip festgeluecht:
D'Presidence gëtt vun 2007 un vun 3 Länner (e sougenannten Triplet) gedeelt, woubäi all Kéiers ee vun deene Memberlänner, déi 2004, resp. 2007 bäigetruede sinn, an engem Triplet dobäi ass. D'Iddi ass, dass esou de Programm op annerhallef Joer festgeluegt ka ginn (déi 3 mussen sech ofschwätzen) an net all 6 Méint wiesselt. Och wann d'Presidentschaft gedeelt ass, gëtt se all Semester engem vun den 3 Länner offiziell zougedeelt.
Triplet | Joer | Memberstaat, deen d'Présidence huet | |
---|---|---|---|
T1 | 2007 | Éischt Semester | Däitschland |
Zweet Semester | Portugal | ||
2008 | Éischt Semester | Slowenien | |
T2 | Zweet Semester | Frankräich | |
2009 | Éischt Semester | Tschechesch Republik | |
Zweet Semester | Schweden | ||
T3 | 2010 | Éischt Semester | Spuenien |
Zweet Semester | Belsch | ||
2011 | Éischt Semester | Ungarn | |
T4 | Zweet Semester | Polen | |
2012 | Éischt Semester | Dänemark | |
Zweet Semester | Zypern | ||
T5 | 2013 | Éischt Semester | Irland |
Zweet Semester | Litauen | ||
2014 | Éischt Semester | Griicheland | |
T6 | Zweet Semester | Italien | |
2015 | Éischt Semester | Lettland | |
Zweet Semester | Lëtzebuerg | ||
T7 | 2016 | Éischt Semester | Holland |
Zweet Semester | Slowakei | ||
2017 | Éischt Semester | Malta | |
T8 | Zweet Semester | Groussbritannien | |
2018 | Éischt Semester | Estland | |
Zweet Semester | Bulgarien | ||
T9 | 2019 | Éischt Semester | Éisträich |
Zweet Semester | Rumänien | ||
2020 | Éischt Semester | Finnland |
[Änneren] D'Lëtzebuerger Présidencen
Lëtzebuerg hat bis ëwell (2005 matgerechent) 11 Mol d'Présidence vum EU-Conseil. Dacks goung et dobäi ëm wichteg oder quokeleg Dossierën: 1966 z.B. koum et zum "Kompromëss vu Lëtzebuerg", deen der franséischer "Politik vum eidele Stull" en Enn gemaach huet. D'Présidencë vun 1976 a 1980 ware virun allem vu währungspoliteschen Theme markéiert: Déi éischt stoung ganz ënnert dem Androck vun der Währungskriis vun de Jore virdrunn, an déi zweet war geprägt vun der Margaret Thatcher hirem bekannten Ausruff "I want my money back!" ("Ech wëll méng Suen erëm!").
1985 koum et ënnert Lëtzebuerger Présidence zum Ausschaffe vum Eenheetlechen Europäeschen Akt, deen ë. a. d'Ofstëmme matt qualifizéierter Majoritéit am Conseil a méi Matbestëmmung fir d'Europäescht Parlament erméiglecht huet. D'Présidence vun 1991 stoung ënnert dem Androck vum Éischte Golfkrich an dem Éischte Jugoslawiëkrich, mee hei gouf och d'Aarbechtsgrondlag fir dat, wat dat Joer dropp zu Maastricht als Traité iwwert d'Europäesch Unioun sollt ënnerschriwwe ginn, ausgeschafft.
1997 stoung d'Bekämpfung vum Chômage am Mëttelpunkt; et koum zu der "koordonnéierter Strategie fir Aarbechtsplazen".
Bei der Présidence vun 2005 hunn d'Suen ërem eng wichteg Roll gespillt: Den Euro-Stabilitéitspakt ass reforméiert ginn, an et gouf laang iwwert de Kader vum EU-Budget fir d'Joeren 2007-2013 verhandelt, ouni datt et awer zu engem Accord kunnt kommen. Dësen ass am Dezember 2005 ënnert der britescher Présidence zu Stane komm.
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
- Conseil vun der Europäescher Unioun
- Europäesche Conseil
- Institutioune vun der Europäescher Unioun
- Memberstaate vun der Europäescher Unioun