1995
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
1990 | 1991 | 1992 | 1993 | 1994 | 1995 | 1996 | 1997 | 1998 | 1999 | 2000
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1995.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Evenementer
[Änneren] Europa
- 1. Januar: Éisträich, Schweden a Finnland trieden der EU bäi.
- 10. März: De Konstantinos Stefanopoulos gëtt Staatspresident a Griicheland.
- 26. Mäerz: D'Schengener Ofkommes trëtt a Kraaft.
- 7. Mee: De Jacques Chirac gëtt Staatspresident vu Frankräich.
- 25. Juli: 7 Doudeger zu Paräis bei enger Bommenattack am Metro.
- 11. Juli: Massaker vu Srebrenica.
- 24. August: Georgien gëtt sech eng nei (demokratesch) Verfassung.
- 19. November: Den Aleksander Kwasniewski gëtt Staatspresident a Polen.
- 13. Dezember: Ratifizéierung vun der Douanes-Unioun tëscht der EU an der Tierkei.
- 14. Dezember: Daytoner Friddensofkommes fir Bosnien an Herzegowina.
- 15. Dezember / 16. Dezember: D'Staats- a Regierungscheffe vun der EU eenegen sech op den Euro als gemeinsam Währung. Den 1. Januar 1999 gëtt als Datum fir en anzeféiere festgeluecht.
[Änneren] Afrika
[Änneren] Amerika
[Änneren] USA
- 19. Abrëll: Bei engem Bommenattentat zu Oklahoma City kommen 168 Mënschen ëm d'Liewen.
[Änneren] Südamerika
- De Fernando Henrique Cardoso gëtt Staatspresident a Brasilien.
[Änneren] Asien
- 17. Januar: Äerdbiewe vun enger Stäerkt vu 7,2 bei Kobe, a Japan; iwwer 5.500 Mënsche stierwen, iwwer 400.000 ginn der blesséiert. Héich Materialschied.
- 20. Mäerz: D'japanesch Aum-Sekt mécht eng Attack mam gëftege Gas Sarin op d'Tokioer Metro.
[Änneren] Ozeanien & Pazifik
[Änneren] Noen Osten an Arabesch Welt
- 4. November: Den israelesche Premier Yitzhak Rabin gëtt vun engem extrem-rietse Fanatiker zu Jerusalem no enger Manifestatioun fir de Fridden erschoss.
[Änneren] Konscht & Kultur
[Änneren] Kino
- César fir de beschte Film: Les Roseaux Sauvages vum André Techiné.
- Oscar fir de beschte Film: Braveheart vum Mel Gibson.
- Gëlle Palm vu Cannes: Underground vum Emir Kusturica.
[Änneren] Molerei
[Änneren] Literatur
[Änneren] Musek
[Änneren] Soss
- Lëtzebuerg ass Europäesch Kulturhaaptstad.
[Änneren] Wëssenschaft & Technik
[Änneren] Economie
- 1. Januar: D'Welthandelsorganisatioun fänkt hir Aktivitéiten matt 77 Memberstaaten un.
[Änneren] Gebuer
[Änneren] Gestuerwen
- Jean Tardieu, franséische Schrëftsteller.
- 18. Januar: Roger Gilson, lëtzebuergesche Vëlosportler (*1947).
- 31. Januar: George Abbott, US-amerikanesche Regisseur a Schauspiller (* 1887).
- 2. Februar: André Frossard, franséische Journalist an Essayist.
- 2. Februar: Donald Pleasance, US-amerikanesche Schauspiller.
- 4. Februar: Patricia Highsmith, US-amerikanesch Schrëftstellerin (* 1921).
- 2. Abrëll: Hannes Alfvén, schwedesche Physiker a Nobelpräisdréier.
- 25. Abrëll: Ginger Rogers, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 2. Mee: Albert Bousser, lëtzebuergeschen Eisebunner, Gewerkschaftler a Politiker.
- 24. Mee: Harold Wilson, brittesche Politiker a Regierungschef (* 1916).
- 12. Juni: Arturo Benedetti Michelangeli, italiéinesche Pianist (* 1920).
- 14. Juni: Rory Gallagher, iresche Gitarrist (* 1948).
- 15. Juni: John Vincent Atanasoff, US-amerikanesche Physiker a Computer-Pionéier.
- 20. Juni: Émile Michel Cioran, rumänesch-franséischen Zssayist a Kulturkritiker(* 1911).
- 29. Juni: Sicco Mansholt, hollännesche Politiker (* 1908).
- 29. Juni: Lana Turner, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 5. Juli: Christian Calmes, lëtzebuergeschen Diplomat, Historiker an Economist. (*1913)
- 3. August: Ida Lupino, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 28. August: Michael Ende, däitsche Schrëftsteller (* 1929).
- 17. September: Friedrich Schütter, däitsche Schauspiller a Synchronspriecher.
- 4. November: Yitzhak Rabin, israelesche Ministerpresident (* 1922).
- 23. November: Louis Malle, franséische Regisseur (* 1932).
- 18. Dezember: Konrad Zuse, Ingenieur, Erfinder vum éischte Computer (* 1910).
- 25. Dezember:Emmanuel Lévinas, jiddesche franséische Philosoph.
- 25. Dezember: Dean Martin, US-amerikaneschen Entertainer (* 1917).