Traité iwwert d'Europäesch Unioun
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Traité iwwert d'Europäesch Unioun (och bekannt als Vertrag vu Maastricht) gouf de 7. Februar 1992 zu Maastricht ënnerschriwwen. Et ass de Grëndungsakt vun der Europäescher Unioun, deen op dräi Sailen rout an den Ausgangspunkt duerstellt:
- fir d'Schafung vun enger gemeinsamer Aussen- an Sécherheetspolitik,
- fir d'Verstäerkung vun der Zesummenaarbecht um Niveau vun der Police an der Justiz,
- a schlussendlech fir d'Schafung vun enger Europäescher Wirtschafts- a Währungsunioun, EWWU
Am Vertrag vu Maastricht sinn och Convergenzcritèrë festgeluecht ginn. Dat sinn d'Critèren, déi vu de Länner vun der Euro-Zon mussen agehal ginn, fir d'Stabilitéit vun der Europäescher Währung, dem Euro, ze garantéieren.
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
- Europäesch Traitéen