Pohjola
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Pohjola ass eng Plaz an der finnescher Mythologie, déi sech op Pohja, den Norden, bezitt an och op d'Land vun de Sami am finnesche Nationalepos Kalevala.
An der Realitéit besteet Pohjola aus Deeler vu Lappland an dem ale Kainuu. Pohjola kann awer och als reng mythologesch Plaz verstane ginn, als nërdlecht Land, dat fir ëmmer an der Keelt läit, an zugläich och nach d'Source vun allem Béisen ass. Krankheeten an de Frascht komme vun dësem Pohjola. Pohjola ass de Géigner vu Väinölä, dem Land vun de Kalevala.
An der Mythologie ass d'Louhi, eng mächteg béis Hex d'Herrscherin vu Pohjola. De Schmadd Seppo Ilmarinen kreéiert op hire Wonsch hin d'Sampo, als Bezuelen dofir datt hien der Louhi hirt Meedche bestueden däerf. D'Sampo ass, ähnlech wéi d'griichesch Cornucopia, eppes ewéi e Becher dee ni eidel gëtt. Mee och aner Figuren aus der Kalevala wollten sech mat den Duechtere vum Louhi bestueden. Ënnert hinne ass den Aventurier Lemminkäinen an de Weisen Väinämöinen. D'Louhi verlaangt och vun hinne gewësse Wonner, sou zum Beispill d'Ëmbrénge vum Schwan vun Tuonela. Dës Hochzäiten hunn traditionnell mat ordentleche Feieren an de groussen Hale vu Pohjola opgehalen.
D'Fondatioune vun der Sail déi d'Welt dréit waren, no der finnescher Mythologie, iergendwou iwwer dem nërdlechen Horizont zu Pohjola. Déi ganz Geschichte ronderëm d'Louhi, de Krich ëm d'Sampo an d'Brieche vun der Sail déi d'Welt dréit sinn de Stoff, aus deem d'Kalevala besteet.
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
- Finnesch Mythologie
- Kalevala