Francisco de Goya
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Francisco de Goya (Francisco José de Goya y Lucientes) (* 30. Mäerz 1746 zu Fuendetodos, Aragón; † 16. Abrëll 1828 zu Bordeaux) war e spuenesche Moler a Graphiker.
[Änneren] Säi Liewen
1746 gouf de Goya als Jong vum José Goya a vum Engracia Lucientes zu Fuendetodos bei Saragossa gebuer.
De Goya huet fir d'éischt beim José Luzan zu Saragossa geléiert, duerno ass hien an Italien gangen an huet do während sénger Léierzäit d'Technik vun der Freskemolerei studéiert. 1771 ass hien erëm komm an huet sech zu Madrid installéiert.
1775 huet hie sech mam Josefa Bayeu bestued.
Ab 1776 huet de Goya fir den Anton Raphael Mengs Teppecher entworf an déi deemolge Palaise El Prado an El Escorial dekoréiert.
Gläichzäiteg war de Goya Porträtist vum spueneschen Haff an huet do beim Adel Karrière gemacht. Hie gouf Member, duerno Direkter vun der kinneklecher Akademie a 1786 Moler vum Kinnek.
1792 huet hie duerch eng schwéier Krankheet säi Gehéier verluer.
Spuenie stong vun 1808 bis 1814 ënnert napoleonescher Herrschaft. Aus Angscht viru politescher Verfolgung vun der restauréierter spuenescher Monarchie, geet de liberale Goya 1824 an den Exil a Frankräich.
De 16. Abrëll 1828 stierft hien zu Bordeaux.
[Änneren] Seng Wierker
- 1777 - Riña en el Mesón del Gallo
- 1777 - El paseo por Andalucía
- 1778 - La cometa
- 1786 - La nevada
- 1786 -1787 - Cazador junto a una fuente
- 1786 -1787 - La vendimia
- 1795 - La Duquesa de Alba y la dueña o La Duquesa de Alba y la "beata".
- 1799 - Los caprichos
- 1810 -1820 - Los desastres de la guerra
- 1814 - Los fusilamientos del tres de mayo
- 1814 - Dos de mayo de 1808, también llamado La carga de los mamelucos
- La maja desnuda
- La maja vestida
[Änneren] Um Spaweck
Commons: Francisco_de_Goya – Biller, Videoen oder Audiodateien |