Davis Cup
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Davis Cup ass dee wichtegsten Tournoi fir Nationalequippen am Häeren-Tennis. Den Tournoi ass 1899 an der Harvard Universitéit an Amerika entstan. De Pokal gouf deemools vum Dwight Filley Davis gestallt. Den Davis Cup gëtt all Joer tëscht méi wéi honnert Natiounen, a verschiddene Gruppen a Ronnen, ausgedroen. D' International Tennis Federatioun (I.T.F.) ass fir den Davis Cup zoustänneg. All Ronn tëscht zwou Equippe gëtt a véier Eenzelen an an engem Dubbel an dräi Deeg gespillt. Een ähnlechen Tournoi gëtt et och bei de Fraen, ënnert dem Numm Fed Cup souwéi am Mixed (Dubbel mat enger Spillerin an engem Spiller pro Equipe) ënnert dem Numm Hopman Cup
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Spillklassen am Davis Cup
Am Davis Cup gëtt et am ganze 5 Spillklassen; déi héchst Klass ass de Weltgrupp, an deem déi 16 bescht Natiounen vun der Welt spillen. Duerno kommen d'Europa/Afrika-Zon 1, d'Amerika-Zon 1 an d'Asien/Ozeanien-Zon 1. Nom selwechte Prinzip geet dat weider bis an déi 4. Divisioun vum jeweilege Kontinent/vun der jeweileger Regioun. Lëtzebuerg spillt zënter 2004 an der Europa/Afrika-Zon 1, also an der zweethéchster Klass, a konnt an deene leschten 2 Joer mat deelweis beandrockende Leeschtungen den Ofstieg verhënneren.
[Änneren] D'Finalisten
- 2005 - Kroatien - Slowakei 3-2
- 2004 - Spuenien - USA 3-2
- 2003 - Australien - Spuenien 3-1
- 2002 - Russland - Frankräich 3-2
- 2001 - Frankräich - Australien 3-2
- 2000 - Spuenien - Australien 3-1
- 1999 - Australien - Frankräich 3-2
- 1998 - Schweden - Italien 4-1
- 1997 - Schweden - USA 5-0
- 1996 - Frankräich - Schweden 3-2
- 1995 - USA - Russland 3-2
- 1994 - Schweden - Russland 4-1
- 1993 - Däitschland - Australien 4-1
- 1992 - USA - Schwäiz - 3-1
- 1991 - Frankräich - USA 3-1
- 1990 - USA - Australien 3-2
- 1989 - Däitschland - Schweden 3-2
- 1988 - Däitschland - Schweden 4-1
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
- Fed Cup
- Hopman Cup