Alfred Nobel
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Alfred Bernhard Nobel, * 21. Oktober 1833 zu Stockholm (Schweden), † 10. Dezember 1896 zu San Remo (Italien), war e schwedeschen Chemiker, Erfinder an Industriellen. Bis zu sengem Doud hat hien am ganzen 355 Patenten a sengem Besëtz.
Den Alfred Nobel huet als Jong vun engem Industriellen an Erfinder (ënner anerem d'Sperrholz), de gréissten Deel vu senger Jugend zu Sankt Péitersbuerg verbruecht, wou säi Papp fir d'Rüstungsindustrie geschafft huet. Nom Enn vum Krimkrich, dee Russland verluer huet, ass séngem Papp seng Firma zesummegebrach an d'Famill ass zréck a Schweden geplënnert.
A Schweden huet dem Alfred Nobel nom Dout vu sengem Papp dem säin Laboratoire iwerholl, an dem hien d'Initialzündung mat Zündkapselen an der Sprengstofftechnik erfonnt huet.
1867 huet hien aus dem héichempfindlichen a schwéier ze transportéierendem Nitroglyzerin duerch Zousatz vun saugfähiger Kiseläerd den Dynamit erfonnt.
Hien huet säi Verméigen enger Stëftung vermaach déi vun 1901 un all Joer Nobelpräisser fir besonnesch Leeschtungen an der Physik, der Chimie, der Medezin, der Literatur an am Dengscht vum Fridden verdeelt. Den Adjektiv "nobel" fir "houfreg" (dt.:vornehm) huet, entgéint deem wat munnechmol ugeholl gëtt, näischt mam Alfred Nobel ze dinn an ass net vun him ofgeleet.