Mëttelmier
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Europäescht Mëttelmier (meescht nëmme Mëttelmier genannt) ass e Mier tëscht Europa, Afrika an Asien, huet en eegent Klima an ass geprägt vun enger besonnescher Flora a Fauna.
[Änneren] Geographie
D'Europäescht Mëttelmier ass am Westen duerch d'Strooss vu Gibraltar mam Atlantik verbonnen, am Nordosten iwwert d'Dardanellen, d'Marmaramier an de Bosporus mam Schwaarze Mier an am Südosten iwwert de Suezkanal mam Roude Mier.
Zu dësem groussflächege Mëttelmier, dat zu den ozeaneschen Niewemierer zielt, gehéieren, nieft e sëlleche klengen Inselen, grouss a kleng Inselgruppen, souwéi déi grouss Inselen Korsika, Sardinien, Sizilien, Kreta, Rhodos an Zypern. Vu Norde stéisst d'Apenninnen-Hallëfinsel mat Italien an d'Mier an trennt esou dat eigentlecht Mëttelmier vun der Adria.
[Änneren] Daten
D'Europäescht Mëttelmier bedeckt ongeféier eng Fläch vun 2,5 Mio km². Seng Déift läit bei maximal 5.267 m.