Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions Jeanne d'Arc - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Jeanne d'Arc

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Jeanne d'Arc
Jehann Tarc
6. Januar 141230. Mee 1431
D'Jeanne d'Arc op der Kréinungsfeier vum Kinnek Charles VII., (gemoolt vum Dominique Ingres (1780-1867)
Vergréisseren
D'Jeanne d'Arc op der Kréinungsfeier vum Kinnek Charles VII., (gemoolt vum Dominique Ingres (1780-1867)
Detailer
Beatifikatioun 1909
Kanonisatioun 16. Mee 1920
Ënnert dem Poopst Benedikt IV.
Gedenkdag 30. Mee

D'Jeanne d'Arc, gebuer de 6. Januar 1412 , gestuerwen den 30. Mee 1431, och bekannt als Pucelle de Lorraine, ass eng Symbolfigur aus der franséischer Geschicht. D'Jeanne d'Arc gouf zu Domrémy wärend dem Honnertjärege Krich gebuer. Et war immens fromm an ass all Samschdes zu Bermont, bei Greux an d'Kierch gaang fir ze bieden. Et huet déi franséisch Truppe géint den engleschen Eruewerer ugefouert. Mee als Ketzeri verklot, gouf dem Jeanne d'Arc de Prozess gemeet an et gouf op engem Holzkoup zu Rouen verbrannt.

D'Äntwerten, déi et wärend sengem Prozess ginn huet, wou d'Minutten nach konservéiert sinn, weisen eng jonk Fra voller Mutt an Éierlechkeet, wat eng Erkläerung ass, wéi hatt d'Truppe konnt fir sech gewannen.

Inhaltsverzeechnes

[Änneren] Kontext: Den Honnertjärege Krich

Wärend engem Konflikt tëschent Frankräich an England, deen als Honnertjärege Krich an d'Geschicht agaangen ass, hat d'franséisch Chevalerie eng schwéier Néierlag an der Schluecht vun Azincourt am Joer 1415 géint d'Bouschütze vum Henry V. erlidden. D'Englänner haten de Bou perfektionnéiert, a waren exzellent Bouschützen. Si waren och méi disziplinéiert wéi d'Fransousen, wat si militäresch méi staark gemaach huet, quitt dass si an der Ënnerzuel waren.

Eng grouss Partie vum franséischen Territoire, den Norde bis zu der Loire, war vun en Englänner okkupéiert.

Frankräich gouf zu dëser Zäit vum Charles VI. regéiert, de Geckegen. Hien hat e Jong, den Dauphin Charles, Trounierwen deem seng Legitimitéit wéinst den angeblechen Affäre vu senger Mamm Isabeau vu Bayern kontestéiert gouf. De Charles VI. hat an engem Ufall vu Wahnsinn, wat ëfters virkomm ass, säi Jong entierwt, an de franséischen Troun den Englänner iwwerlooss.

Ausserdeem gouf et eng Rivalitéit tëschent dem Jean sans Peur, Herzog vun der Bourgogne, an dem Dauphin Charles, dee vun der Famill Armagnac ënnerstëtzt gouf.

Bei enger Entrevue op der Bréck vu Montereau den 10. September 1419 sollte sech den Dauphin an de Jean I. nees verdroen. Mee onglécklecherweis gouf de Jean I. vun engem Mann vum Dauphin, wahrscheinlech dem Tanguy Duchâtel, erstach. De Jong vum Jean I., de Philippe III. - de Gudden, huet sech den Englänner ugeschloss, genau sou wéi déi mächteg Paräisser Universitéit.

D'Englänner hunn dës Affär benotzt, fir de Fransousen den Traité vun Troyes opzezwéngen, dee vun der Isabeau vu Bayern, Kinnigin vu Frankräich a Regente an dem Henry V. 1420 ënnerschriwwe gouf. Laut dem Traité sollt den Henry mat der Catherine vu Valois, Duechter vum Charles VI., bestued ginn; nom Doud vum Charles sollt d'franséisch Kroun un hir Nofolger goen, an esou déi zwee Kinnekräicher vereenegen.

Dësen Traité, deen dem Dauphin seng Ierwrechter geholl huet, gouf vum franséischen Adel net unerkannt. Nom Doud vum Charles VI. am Joer 1422 huet Frankräich de facto kee Kinnek dee sacréiert ass, an de franséischen Troun gouf vum mannerjäregen Henry VI. revendikéiert.

[Änneren] Säi Liewen

[Änneren] Vun Domrémy op Chinon (1428 - Februar 1429)

Am Alter vun 13 Joer behaapt d'Jeanne, himmlesch Stëmmen ze héieren, an zwar déi vun den Hellege Catherine a Marguerite a vum Erzengel Michel déi zu himm soen, et soll fromm sinn, a Frankräich vun den Englänner befreien, an domadder dem Dauphin op den Troun hëllefen. No villen Zweifele mecht et sech am Alter vun nëmme 16 Joer op de Wee. Am Nopeschduerf freet hatt fir kënnen an d'Arméi vum Dauphin opgeholl ze ginn. Seng Demande gëtt zweemol rejetéiert.

Jules Bastien-Lepage, Jeanne d'Arc, 1879
Vergréisseren
Jules Bastien-Lepage, Jeanne d'Arc, 1879

Ee Joer méi spéit kënnt hatt nacheemol zeréck an de Robert vu Baudricourt, Kapitän vu Vaucouleurs, akkzeptéiert, him eng Eskort ze ginn, an domadder d'Vollek roueg ze stellen. D'Jeanne hat sech an der Stad schonn en Numm gemaach, ënner anerem wéi et de kranken Herzog vu Loutrenge besiche war.

A Männersaache gekleed (wat et bis zu sengem Doud maache wäert), kënnt hatt inkognito duerch de bourgignoneschen Territoire bis op Chinon, wou hatt endlech dem Dauphin begéine kann, nodeems de Baudricourt dësem e Bréif geschéckt hat. D'Anekdot erzielt dass hatt kapabel war den Dauphin Charles ze erkennen, deen sech einfach gekleed an der Mëtt vu senge Kurtisanen opgehalen huet. D'Jeanne gëtt am Tuerm vu Coudray ënnerbruecht, de selwechten Tuerm wou de Groussmeeschter vum Templeruerde Jacques de Molay agespaart war. D'Jeanne annoncéiert kloer seng Aufgaben : d'Befreiung vun Orléans a sengem Herzog, d'Kréinung vum Kinnek zu Reims an d'Befreiung vu Paräis. Nodeems hatt vun ekklesiasteschen Autoritéiten zu Poitiers befrot gouf, a Matroune feststellen, dass hatt nach Jongfra ass, gëtt de Charles säin Accord fir e Befreiungsplang vun Orléans, wat vun den Englänner belagert ass.

[Änneren] Jeanne, Krichschef (Abrëll 1429 - Mee 1430)

D'Jeanne kritt eng Rüstung an e wäisst Banner mam Zeeche vun der Lilie, op déi hatt "Jesus Maria" schreiwt, wat och d'Devis vun de Bettleruerden ass. Um Wee vu Blois op Orléans geheit d'Jeanne d'Prostituéiert vun der Rettungsarméi eraus, oder bréngt si dozou, sech ze bestueden. Seng ekklesiastesch Truppe gi fir. Den 29. Abrëll 1429 kënnt hatt zu Orléans un, bréngt Verstäerkung a begéint dem Herzog vun Orléans. Hatt gëtt mat Enthousiasmus vun der Bevëlkerung begréisst, dee d'Krichskapitäne sinn do méi reservéiert. Mat sengem Glawen a sengem Enthousiasmus geléngt et dem Jeanne, de franséischen Zaldoten neie Mutt ze maachen, an d'Englänner si gezwongen hir Belagerung vun der Stad an der Nuecht vum 7. op den 8. Mee 1429 opzehiewen.

No dëser Victoire, déi all Joer zu Orléans op dësen zwee Deeg gefeiert gëtt, kritt hatt de Bäinumm Pucelle d’Orléans. Nodeems den Dall vun der Loire duerch eng Victoire zu Patay den 18. Juni 1429 (Schluecht un deeër d'Jeanne net deelgeholl huet) geraumt ginn ass, iwwerzeegt hatt den Dauphin fir sech zu Reims kréinen ze loossen.

Fir op Reims ze kommen, mussen d'Truppen duerch Stied déi ënnert der Herrschaft vun der Bourgogne stinn, an déi kee Grond gesinn, hir Dieren opzemaachen, an déi och kee militäresch zwénge kann. Laut dem Dunois huet de Bluff zu Troyes zu der Soumissioun vun der Stad gefouert, souwéi och vu Châlon a vu Reims. Domadder ass de Wee sécher.

De 17. Juli 1429 gëtt de Kinnek Charles VII. an der Präsenz vum Jeanne d'Arc vum Regnault de Chartres gekréint. Den Herzog vun der Bourgogne, als Pair vu Frankräich, ass net mat derbäi. D'Jeanne schreiwt him nach de selwechten Dag e Bréif, fir hien ëm Fridden ze froen.

Dësen Deel vu sengem Liewen ass meeschtens den epeschen Deel vun der Geschicht vum Jeanne d'Arc: d'Evenementer si voller Anekdoten, wou d'Zäitgenosse kleng Wonner gesinn hunn, an déi immens zu der Legend an der offizieller Geschicht vum Jeanne d'Arc bäigedroen hunn. D'mirakuléis Decouverte vum Schwert vum « Charles Martel » ënnert dem Altoer vu Sainte-Catherine-de-Fierbois ass nëmmen ee Beispill.

Duerch déi ganz Victoiren animéiert, probéiert d'Jeanne d'Arc de Kinnek z'iwwerzeegen, Paräis vun de Bourguignonsen zeréck ze erueweren, mee hien hesitéiert. D'Jeanne probéiert awer eng Attack op Paräis, mee et ass en Desaster, an de Kinnek verbidd all nei Intervention. D'Suen an d'Liewensmëttel ware knapp, an am Conseil vum Kinnek waren se sech net alleguer eeneg. De Réckzuch op d'Loire gouf forcéiert, an d'Arméi opgeléist.

D'Jeanne lauschtert awer net op de Kinnek an zitt mat senger eegener Trupp weider duerch d'Land. Hatt representéiert net méi de Kinnek an näischt ënnerscheed hatt vun aneren onoofhängege Militärcheffen. Seng Truppe kämpfe géint lokal Kapitänen ouni grousse Succès. Dem Jeanne gëtt nogeluegt, am Schlass vum Trémouille zu Sully-sur-Loire ze bleiwen. Mee d'Jeanne kënnt séier aus sengem gëllene Prisong fir Compiègne ze hëllefen, wat vun de Bourguignonse belagert gëtt. Schlussendlech gëtt hatt virun den Diere vu Compiègne den 23. Mee 1430 festgeholl. Hatt huet zweemol probéiert ze flüchten, mee ouni Succès. Hatt huet sech esouguer selwer schwéier blesséiert, wéi et aus der Fënster sprange wollt. Hatt gëtt vun den Englänner fir 10 000 Pond opkaf, an dem Bëschof vu Beauvais, dem Pierre Cauchon, iwwerginn, dee mat den Englänner alliéiert ass.

[Änneren] De Prozess an d'Veruerteelung (9. Januar 1431 - 30. Mee 1431)

Tour Jeanne d'Arc zu Rouen
Vergréisseren
Tour Jeanne d'Arc zu Rouen

D'Jeanne gëtt der Ketzerei beschëllegt, an zu Rouen verhéiert. Hatt gëtt am Schlass vum Philippe Auguste agespaart, vun deem hautzudags nëmmen nach een Tuerm steet, deen den Numm Tour Jeanne d’Arc krut. De Prozess huet den 21. Februar 1431 ugefaangen. Obschonns hatt ënner kierlech Juridictioun fällt, bleiwt hatt an engem englesche Prisong, wat géint d'kanounescht Recht ass. Och wa säin Openthalt am Prisong alles anescht wéi agreabel war, sou gouf et awer net der Tortur ënnerzunn.

« Sur l’amour ou la haine que Dieu porte aux Anglais, je n’en sais rien, mais je suis convaincue qu’ils seront boutés hors de France, exceptés ceux qui mourront sur cette terre. » Jeanne d’Arc bei sengem Prozess (de 15. Mäerz 1431)

D'Enquêteuren, ugefouert vum Bëschof vu Beauvais, Mgr. Cauchon, kënne keng valabel Uklo zu Stane bréngen: d'Jeanne schéngt e gudde Chrëscht ze sinn, iwwerzeegt vu senger Missioun a verschidde vun den übleche Ketzer déi an engem Klima vu Rebellioun géint d'Kierch an dëse schwéieren Zäite liewen. D'Geriicht beschëllegt hat dofir nëmmen, Maanskleeder unzedoen, seng Elteren ouni hir Erlaabnis verlooss ze hunn, a sech éischter der Veruerteelung vu Gott wéi déi vun der Kierch op der Äerd z'ënnerwerfen. D'Riichter befannen och, dass d'Stëmmen, op déi sech d'Jeanne konstant berifft, vun dämoneschem Uersprong sinn. D'Universitéit vu Paräis, Partisan vun de Bourguignonsen, deelt hier Meenung mat: d'Jeanne ass schëlleg schismatesch ze sinn, apostatesch, eng Liggenerin, eng Hellseherin, verdächteg eng Ketzerin ze sinn, veriert am Glawen, blasphemesch vis-à-vis vu Gott an den Hellegen. D'Jeanne ass an Appell beim Poopst gaangen, mee dëst gouf vun de Riichter ignoréiert.

Paul Delaroche, Interrogation de Jeanne d'Arc
Vergréisseren
Paul Delaroche, Interrogation de Jeanne d'Arc

De 24. Mee inszenéieren d'Riichter eng Verbrennung op engem Holzkoup fir dem Jeanne Angscht ze maachen, an hatt ze zwéngen, seng Feeler anzegesinn. D'Jeanne soll du mëndlech (also net noweisbar) zougesot hunn, nodeems d'Geriicht him versprach hat, dass hat an en ekklesiastesche Prisong ging kommen. Hatt soll mam Zeeche vum Kräiz ënnerschriwwen hunn (obschonns et säin Numm schreiwe konnt), dass et seng Feeler agesäit, a sech der Autoritéit vun der Kierch ënnerwerft. Hatt gëtt zeréck an den englesche Prisong bruecht, a well et sech bedru fillt, huet et zwee Deeg méi spéit alles widerruff, an huet nees Männerkleeder un (an obskure Konditioune well d'Fro déi sech stellt ass, wéi et am Prisong un dës Kleeder soll komm sinn).

Als Relaps (also nees a seng al Feeler verfall) deklaréiert, gëtt d'Jeanne vum Geriicht zu der Verbrennung um Holzkoup veruerteelt.

Den 30. Mee 1431 gouf d'Jeanne d'Arc lieweg op der Place du Vieux-Marché zu Rouen verbrannt. Bevir hatt gestuerwen ass, huet et nach dräimol « Jésus » geruff. Seng Äsche goufen an der Seine verstreet. Et gëtt awer Reliquie vu Schanken, déi am Musée zu Chinon leien, an déi zur Zäit ënnersicht ginn.

[Änneren] De Rehabilitatiounsprozess (1455 - 1456)

Wéi de Charles VII. Rouen nees anhëllt, kënnt et zu engem zweete Prozess op d'Demande vum Jeanne senger Mamm an no engem Dekret vum Poopst Kallixt III., deen am Joer 1456 déi éischt Veruerteelung wéinst « corruption, dol, calomnie, fraude et malice » widerrifft. Nodeems d'Depositioune vu villen Zäitgenosse vum Jeanne enregistréiert goufen, seet dëst neit Uerteel dass d'Jugementer aus dem éischte Prozess « nuls, non avenus, sans valeur ni effet » wieren, a rehabilitéiert d'Jeanne a seng Famill. Et gëtt och eng « apposition [d’une] croix honnête pour la perpétuelle mémoire de la défunte » op der Plaz wou d'Jeanne gestuerwen ass, festgehalen. E groussen Deel vun de Riichter aus dem éischte Prozess, dorënner de Bëschof Cauchon, sinn an der Tëschenzäit verstuerwen.

Kuckt och op Wikisource d'Sentence de réhabilitation de Jehanne la Pucelle (7. Juli 1456).

[Änneren] D'Jeanne a seng Zäit

[Änneren] D'Jeanne a seng Zäitgenossen

D'Jeanne d'Arc war zu Liefzäiten immens populär, de Wee bis op Reims mam Kinnek huet et och am Ausland bekannt gemaach. Hatt krut Bréiwer zu theologesche Froen aus allen Ecke vum Land. Et gouf oft méi op seng Meenung ginn, wéi um Poopst seng. D'Jeanne hat och Relatioune mat de Bettleruerden. Hatt war ee vun de ville Priedeger vun dëser Epoch, déi behaapt hunn, si wären direkt vu Gott geschéckt ginn. Och wa säin Haaptprojet d'Kréinung vum Charles VII. an domadder d'Restauratioun vum franséischen Troun ass, sou hëllt hatt awer och un theologeschen Debatten deel. D'Interessekonflikter ronderëm hat gi wäit iwwert d'politesch Rivalitéit tëschent Frankräich an England eraus.

Sou ass hatt vun der Universitéit vu Paräis, « remplie des créatures du roi d'Angleterre » net gäere gesinn, am Géigesaz zu den Theologe vu Poitiers, dem Erzbëschof vun Embrun, de Bëscheef vu Poitiers, de Bëscheef vu Maguelonne, dem Jean Gerson, dem Inquisitor vun Toulouse oder och nach dem Jean Dupuy, deen nëmmen « la restitution du roi à son royaume et l'expulsion ou l'écrasement très juste d'ennemis très obstinés » gesinn huet. Dës Männer vun der Kierch hunn d'Jeanne ënnerstëtzt.

Fir d'eminent reliéis Autoritéit déi deemools d'Sorbonne war, huet d'reliéist Behuele vum Jeanne d'Eruewerung vum Kinnekräich bei wäitem iwwerschratt, an d'Dokteren an Theologie hunn an him eng Gefor géint hir Autoritéit gesinn, besonnesch duerch d'Ënnerstëtzung déi hatt duerch d'Géigner vun der Universitéit krut.

Och um Haff hat d'Jeanne net nëmme Frënn. De Parti vum La Trémouille (zu deem de Gilles de Rais gehéiert huet), huet sech regelméisseg an Oppositioun géint d'Initiative vum Jeanne gesat.

[Änneren] D'Roll vum Jeanne d'Arc am Honnertjärege Krich

D'Jeanne d'Arc huet weder alleng d'final Phas vum Krich beaflosst, deen 1453 op en Enn geet, nach war et onwichteg fir d'taktesch a strategesch Roll vu senger Campagne. Den Dunois schwetzt vun enger begabter Persoun mat engem gesonde Mënscheverstand, déi kapabel war, d'Artillerie op de wichtege Punkten opzestellen. Och wa verschidde Schluechte sech duerch kuriéis Anekdote geléist hunn, war hat e charismatesche Chef.

Op geopoliteschem Plang war Frankräich 1429 net esou schlecht drun, wéi een et oft liest. Si haten zwar d'Territoire nërdlech vun der Loire verluer, mee haten awer méi Ressourcen, human a materiell, zur Verfügung wéi hiren englesche Géigner, e Land mat véier mol manner Awunner wéi Frankräich. D'Strategie vum Charles V. déi op Zäit gespillt huet, a Schluechten evtitéiert, mee dofir eenzel Stied belagert huet, huet d'Limite vun der englescher Invasioun gewisen.

Virun der Interventioun vum Jeanne d'Arc haten d'Englänner awer e wichtege psychologesche Virdeel: hir Truppen haten de Ruff net geschloë kënnen ze ginn, den traité vun Troyes deen de Dauphin Charles vum Troun ausgeschloss huet, d'Resignatioun vun der Bevëlkerung an d'Allianz mat der Bourgogne. An dëser Tendenz huet d'Iwwerleenheet a punkto Zuele fir d'Fransouse keng grouss Roll gespillt. D'Englänner waren dynamesch, d'Fransouse phlegmatesch. D'Jeanne huet ouni Zweifel zu der Verbesserung vun der Moral vun de franséischen Truppe bäigedro, an hinnen neie Mutt ginn. Hatt huet de Kinnek op säin Troun gesat, an d'Englänner geschlo. De Charles VII. hat duerno d'Initiativ, fir mat der Bourgogne ze verhandelen, eng wichteg Etapp fir Paräis nees zeréck ze eroberen. D'Jeanne selwer war net frou mat de Bourguignons, si waren net wäit vu sengem Duerf vun Domrémy ewech, an et koum secher méi wéi eng Kéier zu Iwwergrëffer op d'Landbevëlkerung.

[Änneren] Historiographie

[Änneren] De Problem vun de Sourcen

Déi zwou Haaptsource fir d'Geschicht vum Jeanne d'Arc si säi Prozess vun 1431 an d'Rehabilitatioun vu 1455-56. Als juristesch Akten hunn si de Virdeel, trei Transkriptioune vun den originalen Depositioune vun den Zeien ze sinn. Mee et sinn net déi eenzeg Sourcen, et goufen och Chroniken zu Liefzäite vum Jeanne geschriwwen, wéi zum Beispill d'«Geste des nobles Francois », d'« Chronique de la Pucelle », d'« Chronique » vum Perceval de Cagny, oder och nach de « Journal du siège d’Orléans et du voyage de Reims ». Ausserdem muss een dobäi nach d'Rapporte vun den Diplomaten an aneren Informanten zielen.

De Jules Quicherat war deen éischten, deen all dës Texter tëschent 1841 an 1849 gesammelt, an a 5 Volummen erausbruecht huet. Tëschent dem 15. an dem 19. Joerhonnert hate sech schonn eng Onmass vu Schrëftsteller, Politiker a Reliéise mam Jeanne beschäftegt. Et muss een dofir virsichteg sinn, d'Manupilatioun vu Sourcen ass net onbekannt, an déi wéinegst Wierker goufen zu der Zäit vum Jeanne d'Arc geschriwwen, an d'Interpretatioune sinn oft aus der Vue an der Zäit vum Auteur, an hunn net onbedéngt eppes mat der Realitéit am 15. Joerhonnert ze dinn.

D'Prozesser si juristesch Akten. Déi zwee Prozesser wore politesch beaflosst, an d'Zeie konnten nëmmen op d'Froen entwerten, déi hinne gestallt goufen, an net aner Detailler bäidroen. De Prozess vun 1431 gouf ausserdem op Latäin néiergeschriwwen, obschonns d'Interrogatoiren op franséisch waren.

De Philippe Contamine huet am Laf vu senge Recherchen eng Onmass vu Schrëfte vun 1429 festgestallt, wat e « formidable retentissement au niveau international » markéiert. Hie seet ausserdem, dass d'Jeanne d'Arc zimlech séier e kontroverse Sujet vu sengen Zäitgenosse war. Vun Ufank u koum et zu Legenden zu senger Persoun (« des légendes coururent à son sujet, concernant son enfance, ses prophéties, sa mission, les miracles ou les prodiges dont elle était l’auteur. Au commencement était le mythe »).

Sou ass also keen Dokument virun enger Deformatioun duerch d'Imaginatioun vun der Bevëlkerung - ausser d'Minutte vum Prozess - sécher. Beim Rehabilitatiounsprozess erzielen d'Zeien d'Evenementer eréischt 26 Joer méi spéit, wat och eng grouss Roll spillt.

[Änneren] Verschidden Thesen

No der Thes vun der Anthropologin Margaret Murray, Spezialistin fir Hexeprozesser a speziell fir de Fall vum Jeanne d'Arc, war d'Jeanne eng vun dësen ausgewielten Affer wéi de William Rufus oder den Thomas Becket. Mam Ënnerscheed dass d'Jeanne op eng gewëssen Art a Weis eng Mystifikatioun vun der Geschicht war. Laut der Mme Murray gouf eng onbekannte Fra am Jeanne senger Plaz verbrannt, an alles gouf aus politesche Grënn inszenéiert. D'Jeanne d'Arc wäer Member vun engem Kult vum Diane gewierscht, oder vun aneren antike Rite vun der Fruuchtbarkeet, an huet misse mat der Missioun, déi him opgedroë gouf averstane sinn. Nodeems hatt befrot a veruerteelt gi wäer, wäer et vun der historescher Bildfläch verschwonnen, hätt e gewësse Sieur des Harmoises, oder Armoises, bestued, an e biergerlecht Liewe gefouert.

Laut dëser Theorie wäer d'Jeanne also keen "einfacht Meedche vum Land" gewiercht, Analphabetin wat Stëmmen héiert während et op seng Schof oppasst. Seng Famill wäer eng Händlerfamill gewiercht, denen et net schlecht gaangen ass, an hätt eng normal Educatioun wéi all d'Meedercher vu senger Zäit gehat.

Dës Hypothes gëtt awer vun heitegen Historiker verworf an als Fantasie ofgestempelt.

[Änneren] Unerkennung vum Jeanne d'Arc

[Änneren] E Relaps

Virum 19. Joerhonnert gouf d'Bild vum Jeanne d'Arc an der Literatur zerrappt. Eenzeg d'Notiz vum Edmont Richier bréngt en historesche Volet an d'Spill, deen awer voller Ongenauegkeeten ass. De Voltaire erzielt nëmmen an anerhalwem Vers vu senger Henriade, Gesank VII eppes guddes iwwert d'Jeanne (« ... Et vous, brave amazone, La honte des Anglais, et le soutien du trône. ») fir et an den nächsten 20.000 Versen ze entéieren. Och de Corneille an de Racine hu wéineg favorabel iwwert d'Jeanne erzielt.

[Änneren] D'Pucelle déi Frankräich gerett huet

Zënter dem 19. Joerhonnert goufen d'Merite vum Jeanne d'Arc zu politeschen Zwecker benotzt, ouni op historesch Detailler opzepassen. 1817 gouf d'Jeanne d'Arc vum Philippe-Alexandre Le Brun de Charmettes a sengem Buch Histoire de Jeanne d’Arc, surnommée la Pucelle d’Orléans, tirée de ses propres déclarations, de cent quarante-quatre dépositions de témoins oculaires, et des manuscrits de la bibliothèque du roi de la tour de Londres rehabilitéiert.


  Kuckt och den Artikel Mythos Jeanne d'Arcd'Artikelen [[{{{2}}}]] an [[{{{3}}}]]d'Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] an [[{{{6}}}]]d'Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] an [[{{{10}}}]]. 

[Änneren] D'Jeanne d'Arc als Inspiratioun

  Kuckt och den Artikel Wierker inspiréiert duerch d'Jeanne d'Arcd'Artikelen [[{{{2}}}]] an [[{{{3}}}]]d'Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] an [[{{{6}}}]]d'Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] an [[{{{10}}}]]. 

[Änneren] Literatur zum Thema

  • Pierre Tisset, Procès de condamnation de Jeanne d'Arc, C. Klincksieck, Paräis, 1960-1971, 3 Vol.
  • Colette Beaune. Jeanne d’Arc. Perrin, Paräis, 2004. (ISBN 2-262-01705-0)
  • Pierre Moinot, Jeanne d'Arc. Die Macht und die Unschuld. Societäts-Verlag, Frankfurt/M. 1989. (ISBN 3-7973-0472-2)
  • Herbert Nette, Jeanne d’Arc in Selbstzeugnissen und Bilddokumenten. Rowohlt, Reinbek 2002. (ISBN 3-499-50253-4)
  • Ruth Schirmer-Imhoff (Ersg.), Der Prozeß Jeanne d’Arc. Akten und Protokolle 1431–1456. Dtv, München 2001. (ISBN 3-423-30202-X)
  • Heinz Thomas, Jeanne d’Arc. Jungfrau und Tochter Gottes. Fest, Berlin 2000- (ISBN 3-8286-0065-4)


  Kuckt och den Artikel Bibliographie fir d'Jeanne d'Arcd'Artikelen [[{{{2}}}]] an [[{{{3}}}]]d'Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] an [[{{{6}}}]]d'Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] an [[{{{10}}}]]. 

[Änneren] Linken

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck

Commons: Jeanne d'Arc – Biller, Videoen oder Audiodateien

Static Wikipedia (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2006 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu

Static Wikipedia February 2008 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu