Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De 7. Mee ass den 127. Dag (128. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
- 1714: D'éisträichesch Truppen iwwerhuelen d'Festung Lëtzebuerg.
- 1875: Japan tauscht mat Russland Territoiren: De Süden vun der Insel Sachalin geet u Japan, Russland kritt déi 18 Kurilen-Inselen an d'Plaz.
- 1945: De Generaloberst Alfred Jodl, Chef vum Etat-major vun der Wehrmacht, ënnerschreift d'Kapitulatioun ouni Konditiounen vun Däitschland (effektiv den 8. Mai, 23:01 Auer).
- 1954: D'Franséisch Truppe verléieren d'Schluecht vun Dien Bien Phu, Ufank vum Enn vum Indochinakrich.
- 1993: Den Ezer Weizmann gëtt Staatspresident vun Israel.
- 1995: De Jacques Chirac gëtt zum Staatspresident vu Frankräich gewielt.
- 1833: Johannes Brahms, däitsche Komponist.
- 1840: Pjotr Iljitsch Tschaikowski, russesche Komponist.
- 1889: Lou Koster, lëtzebuergesch Komponistin a Pianistin.
- 1892: Josip Broz Tito, jugoslawesche Partisane-Chef a spéidere Staatspresident.
- 1901: Gary Cooper, amerikanesche Schauspiller.
- 1919: Eva Perón (Evita), argentinesch Politikerin.
- 1923: Anne Baxter, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 1939: Ruud Lubbers, hollännesche Politiker, Ministerpresident.
- 1956: Jan Peter Balkenende, hollännesche Politiker, Ministerpresident.
- 973: Otto I., de Groussen, ostfränkesche Kinnek an éischte Keeser vum Hellege Réimesche Räich (HRR).
- 1617: David Fabricius, Theolog, Astronom a Kartograf.
- 1825: Antonio Salieri, Komponist an Dirigent.
- 1840: Caspar David Friedrich, däitsche Moler.
- 1879: Charles De Coster, belsche Schrëftsteller.
- 1932: Paul Doumer, President vun der franséischer Republik.
- 2000: Douglas Fairbanks Jr., US-amerikanesche Schauspiller.