Iechternach
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel befaasst sech mat der Stad Iechternach. Fir de Kanton, kuckt w.e.g. Iechternach (Kanton).
|
||||
---|---|---|---|---|
An anere Sproochen | fr.: Echternach de: Echternach |
|||
Gemeng | Iechternach | |||
Buergermeeschter | Marc Diederich (CSV) | |||
Kanton | Iechternach | |||
Awunner | ||||
Fläch | 2.049 ha | |||
Awunner (Gemeng) | 4.936 (2004) | |||
Fläch (Gemeng) | ha | |||
Uertschaften - Gemengen - Stied |
D'Stad Iechternach (oder Eechternoach am Dialekt) läit am Oste vum Land an der Gemeng mam selweschte Numm. Zur Gemeng gehéire Lauterbuer an Iechternach. Zu Iechternach selwer wunnen 4936 Leit (Stand 2004).
Iechternach ass eng vun deenen klengste Stied am Land dofir awer eng vun deenen eelsten. Si huet e Lycée (De Lycée Classique d'Echternach), eng Primärschoul an eng Précoce. De Stadzentrum erstreckt sech vun der Maartplaz am historesche Kär duerch d'Halergaass, eng Akafsstrooss.
[Änneren] Geschicht
Schonn am 1. Joerhonnert no Christus hu Réimer et sech hei an hirer Zweetresidenz gutt goe gelooss. Dorop deit haut nach d'Réimervilla um Iechternacher Séi hin.
D'Grënnung vun der Stad Iechternach geet op d'Joer 698 no Christus zréck. Den hellege Willibrord, en englesche Missionnär, krut vum Irmina vun Oeren (bei Tréier) e Stéck Supp geschenkt, wou hie säi Klouschter kéint opriichten. D'Abtei Iechternach wor bekannt fir hire Scriptorium, an deem ënner anerem de Codex Aureus Epternacensis, an de Codex Aureus Escorialensis, zwou gëlle Bibelen (Evangeliaren), geschriwwen a gemoolt gi sinn. Deen ee Codex läit haut zu Nürnberg (zu Iechternach ass e Facsimile ze gesinn); deen aneren, wäi säi Numm et seet, am El Escorial-Klouschter, 60 Kilometer nordwestlech vu Madrid.
Duerch dat Klouschter gouf Iechternach séier zu enger wichteger Handels- an Handwierkergemeng, déi 1236 vum Ermesinde d'Stadrecht krut. 1596 gouf enges Nuechts den Abt Jean Bertels vun den Hollänner gefaange geholl a koum eréischt duerch e Léisegeld erëm fräi. An der Besatzungszäit duerch Truppe vun der Franséischer Revolutioun ass d'Abtei verkaaft ginn. Si gouf zu enger Parzeläinbrennerei ëmfonctionnéiert; d'Tierm vun der Basilika hunn als Schaarstecher gedingt. Spéider wor se eng Kasär, duerno nëmmen nach eng Ruin. Mee d'Iechternacher hu sech net hänken gelooss an hunn hir Basilika mat Hëllef vum Willibrordus-Bauveräin erëm obgebaut.
1886 huet d'Gemengeverwaltung d'Bridder Hubert an Henri Tudor chargéiert fir am Stiedchen eng elektresch Beliichtung mat Hëllef vun Tudor-Akkumulatoren opzebauen. Iechternach war domat net nëmmen déi éischt Uertschaft am Land mee och a ganz Europa, déi sech dësen, fir déi deemoleg Verhältnisser, Luxus erlaabt huet.
Mat der Eisebunn, dem Chareli, koum den Opschwonk erëm, Iechternach gouf lues a lues touristesch. Am Zweete Weltkrich hat Iechternach, well et direkt un der Grenz loung, an der Ardennenoffensiv staark ze leiden; grouss Deeler vun der Stad zerstéiert, dorënner och d'Basilika. D'Basilika, wéi d'Stad, gouf nom Krich erëm opgebaut.
[Änneren] Tourismus
Eent vun de Standbeen vun Iechternach ass den Tourismus. Iechternach läit am Sauerdall an dozou am Mëllerdall, direkt bei der Klenger Lëtzebuerger Schwäiz. Vill Trëppelweeër gi vun Iechternach aus an d'Bëscher ronderëm.
Zu Iechternach ginn et dräi iwwert d'Grenzen eraus bekannten Evenementer. Virbäi ass d'Sprangprëssessioun bei deer all Joer Päischtdënschdes bis zu 10.000 Pilger zu Éiere vum hellege Willibrord a Reien op d'Weis vun enger traditionneller Musek duerch Iechternach sprangen.
En zweet grousst Evenement ass den eLake Festival, bei deem haaptsächlech 15.000 Jonker dräi Deeg laang op Rock, Techno a Pop feieren.
Zënter 2004 gëtt zu Iechternach dat gréisste Ballonstreffen am Land ofgehalen. Donieft sinn all Joer international Sportveranstaltunge wéi de Marathon, den Triathlon an de Run For Fun mat vun der Partie.
[Änneren] Kuckeswäertes
[Änneren] Basilika
Am bekanntesten ass Iechternach fir seng Basilika, an deer an der Krypta déi stierflech Iwwerreschter vum hellege Willibrord leien.
[Änneren] Den Dënzelt
Sou heescht d'Iechternacher Stadhaus. Hei fënnt sech ënnen eng Plakett déi un de Stadbréif erënnert, deen Iechternach vun der Irmina krut.
[Änneren] D'Abtei
An der Abtei ass haut den Iechternacher Kolléisch, an ofgesi vun engem Musée iwwer de Scriptorium, nieft der Basilika, nëmmen de Schüler virbehalen. D'Abtei besteet aus fënnef Deeler, der Rotonde, dem Haaptgebai, der aler Primärschoul, engem Bausseflillek an der Orangerie. Si ass verbonne mat der Basilika.
[Änneren] Trooskneppchen
Uewen um Trooskneppche steet e Pavillion, vu wou aus een d'Vue iwwer Iechternach genéisse kann.
[Änneren] Den Iechternacher Séi
Dëse kënschtleche Séi ass op der Plaz, wou fréier d'Lëschenhaus war, dat Haus, an deem sech iwwer Joerhonnerten déi al Äbt zréckgezunn hunn an hire Liewensowend verbruecht hunn. Den Iechternacher Séi ass och d'Plaz vum Mobilux Trophy, dem eLake-Festival an dem Marathon.
[Änneren] D'Réimervilla
D'Grondmauere vun enger Réimervilla, goufe bei den Aarbechte fir de Séi fräigeluecht. Si wor den Zweetwunnsëtz vun engem räiche Réimer.
[Änneren] Literatur
- Echternach - Notre ville. Le livre d'or du centenaire. Echternach: Société d'embellissement et de Tourisme, 1977.
[Änneren] Medien
- CD: Oralabora, eng CD op deer déi ganz Geschicht an engem Mix vu Musek a Virliesung zesummegefaasst ass.
[Änneren] Interkommunal Syndikater
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
- Basilika Iechternach
- Péitrus a Paulus-Kierch Iechternach
- Iechternacher Séi
- Foussgängerbréck zu Iechternach
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
[Änneren] Um Spaweck
- Offiziell Säit vun der Stad
- Sauerdall
- Iechternach statistesch gesinn
- Willibrord.lu
- D'Réimervilla
- e-lake festival
- Intra Muros asbl - Vier d'Beräicherung vum historësche Kär vun Iechternach