Basilika Iechternach
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Basilika Iechternach | |
Uertschaft | Iechternach |
Par | Iechternach |
Numm | Hl. Willibrord |
Konsekratiounsjoer | 1953 |
Parverband | Iechternach |
Architekt(en) | Hubert Schumacher, Michel Heintz |
Reliéis Gebaier |
Am Joer 706 huet de Willibrord eng éischt Kierch zu Iechternach baue gelooss. Dës gouf 800 duerch méi eng grouss ersat déi awer 1016 vun engem Féier zerstéiert gouf. Déi drëtt gouf 1031 färdeg, dës gouf an der Franséischer Revolutioun an eng Faïencefabrik emfonktionnéiert. Duerch de Willibrordus-Bauveräin gouf se dunn vun 1862-1868 restauréiert a 1939 krut se den Titel vun enger peepstlecher Basilika. Am Zweete Weltkrich (1944) gouf se gesprengt a komplett zerstéiert. Nom Krich gouf se no Pläng vun den Architekten Hubert Schumacher a Michel Heintz nees opgebaut, nom Modell vun 1031, am romanesche Stil also.
[Änneren] Bannenann
D'Basilika huet 3 Schëffer. Bei de Sailen, déi Haapt- a Säiteschëffer vuneneen trennen, alternéieren ronn a véiereckeg Sailen (e sougenannte Stützenwechsel), wat de strenge Banneraum e bësse méi labber mécht . Am Chouer stinn 2 Altär: den ënneschten steet just iwwer dem Graf vum Willibrord an der Krypta a léisst och Luucht erof an d'Krypta. Den ierweschten weist e stengene Relief mat de Symboler vun den Evangelisten; en ass vum Auguste Trémont. De Kräizwee ass vum Albert Hames. D'Beichtstill sinn aus dem fréie Barock a stamen aus der Jesuitekierch, der heiteger Kathedral.
An der Willibrodssäitekapell steet e Fligelaltor vum Anton Stevens aus dem Joer 1609.
An der Sebastianskapell steet e Barockaltor aus dem Joer 1638 den déi Peschthëlleg Sebastian a Rochus weist.
D'Uergel ass aus der Uergelfabrik Klais vu Bonn.
[Änneren] Fënsteren
- D'Fënsteren am Chouer sinn vum Jacques Le Chevallier, si weisen
Patriarchen a Propheten | Christris de Kinnek | Apostelen |
Hl. Péitrus | Hl. Willibrord | Hl. Paulus |
- D'Fënsteren am Querschëff sinn vum François Gillen (vun Iechternach)
- no Süden: déi 7 Freden vu Maria
- no Norden: déi 7 Schmerzen vu Maria
- Mëttelschëff:
- no Norden: hëlleg Benediktiner, aus dem Liewen vum Willibrord vum F. Gillen
- no Süden: hëlleg Benediktiner vum Emile a Joseph Probst, genee wéi och d'Rosett mat den Déierekreeszeechen
- D'Fënsteren an de Säiteschëffer sinn vum Jean Braiullet, Théodore Hanssen a Gustav Zanter
- déi an der Säitekapell vum Paul Bony
- an déi um Duxsall vum Tony Hagen
[Änneren] Krypta
D'Krypta ass ursprénglech aus der karolingescher Zäit. Ënnert dem Liichtschacht vum Altor steet de merowingesche Steesarg mam Willibrord deen vun engem neogotesche Graf aus dem Joer 1906 ëmginn ass. Un de Maueren kann een nach Iwwerreschter vu Wandmolereien aus dem 11. Jh. gesinn, déi Zeenen aus dem Liewe vun der Maria weisen. D'Fënstere sinn vum Emile Probst. Dësweidere befannen sech nach 2 Särg mat Äbt aus der Fréizäit an eng Quell an der Krypta. Et kann en dervun ausgoen datt fréier an dëser Quell gedeeft gouf.
[Änneren] Literatur
- P. Spang, R. Staud: Sankt Willibrordusbasilika Echternach (= Schnell Kunstführer N°800)