Eisebunnsstreck Lëtzebuerg - Iechternach
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Chareli (och alt: Charly) war eng Schmuelspur-Eisebunnslinn déi vun der Stad Lëtzebuerg op Iechternach gaangen ass.
Den Numm Chareli gouf afgeleet vum Virnumm vum deemolegen zoustännegen Generaldirekter fir ëffentlech Aarbechten, dem Charles Rischard.
Si war 45,80 Kilometer laang.
Den éischten Zuch ass den 20. Abrëll 1904 gefuer, an de leschten den 13. Juni 1954.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Geschichtleches
De 17. Juni 1897 stëmmt d'Chamber bal eestëmmeg fir de Bau vun der Eisebunnslinn Lëtzebuerg-Iechternach. Nëmmen de Michel Welter (Sozialist) stëmmt dergéint. Him war den Devis vun 3.334.000 Frang ze héich. An dobäi wousst de Welter nach net, datt d'Käschte vun der Streck op 5.920.000 Frang sollte klammen. En anert Argument, dat de Welter virgedroen huet, war d'Distanz. D'Zuchstreck war 45,80 Kilometer laang, mam Auto waren et der 33,30.
Och de Michel Rodange huet sech a sengem Renert Gedanken iwwer de Fortschrëtt gemaach:
- E plangt déi schéinste Stroossen
- Duerch d'Duerf geet d'Eisebunn
- All Dierfche kritt seng Haltplaz
- An zwou, déi schonns eng hunn
De 5. Abrëll 1904 kann de "Veräin vun de Lëtzebuerger Ingenieuren" no enger éischter Faart zefridde feststellen, datt "die Bahn alle an sie gestellten Anforderungen genüge, mehr als genüge". Bei der Neier Bréck, déi deeselwechten Dag ageweit gëtt, hält de Staatsminister Eyschen ënner bloem Himmel eng Ried, duerno de Bëschof a e puer Ministeren. Et sinn dat net déi eenzeg Riede fir deen Dag. No Kanouneschëss gëtt d'Vollek aus de Wagonen erauskommandéiert an d'Dignitairen huele Plaz. Et geet de Rollengergronn erof, iwwer Dummeldeng, Sennengerbierg, Jonglënster, Konsdref an zu Bech duerch den Tunnel. Iwwerall stinn Éirejofferen a Buergermeeschtere prett. Déi eng, fir Rieden ze halen, déi aner fir den Éirewäin erauszeschëdden.
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
- Geschicht vun der Eisebunn zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de lëtzebuergeschen Eisebunnsstrecken
- De Benni
- De Jangli