Eisebunn
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Erklärung
D' Eisebunn ass e schinnegebonnenen Transportsystem dee sech zesummesetzt aus der Infrastruktur (haapsächlech d'Gleiser an d'Weichen) an den Zich, déi vu Lokomotive gezu ginn oder als Automotrice fueren.
Als Eisebunn gëtt gemengerhand och d'Gesellschaft, déi de Betrib bedreift, verstanen. D'Personal vun der Eisebunn gëtt "Eisebunner" genannt.
[Änneren] Grondsätzlech Charakteristiken
D’Eisebunn ënnerscheet sech vun aneren Transportmëttel duerch folgend Punkten:
[Änneren] Technik
- Duerch de Kontakt vu Stol op Stol (Rad / Schinn) entsteet eng Fortbewegung mat niddregem Reifwidderstand, wat awer laang Bremsweeër mat sech bréngt. Ausserdeem bedéngt dat och datt keng géi Steigungen kënne bewältegt ginn. Déi meescht Eisebunnsstrecken lafen dodurch am Fong vum Dall a benotzen opwänneg Bauwierker wéi Brécken an Tunnellen.
- D’Bewegung ass schinnegebonnen. Den Zuch kann a muss do fuere wou d’Schinne leien. E kann also selwer nëmme no vir oder no hanne fueren. E Gleiswiessel ass méiglech mat Hëllef vu Weichen. En Iwwerhuelen um selwechte Gleis ass onméiglech.
- D’Fueren am Convoi. D’Wagonen kënne net eleng circuléieren (wéi d’Autoën op der Strooss). Dovir gi se zu Zich zesummegesaat, déi vun enger Lokomotiv gezu ginn. Dat erlaabt eng grouss Transportkapazitéit bei klengem Bewegungswidderstand. Et bedéngt awer datt den Opbau an d’Attelagen (de Krop mat deem d’Wagonen unenee gestréckt ginn) vun de Wagonen bestëmmte minimal technesch Konditiounen erfëllen.
All dës Charakteristiken erfuederen e speziellen Betribssystem. Vir d’éischt mol e strikten Secherheets- a Signalisatiounssystem an dann nach e méiglechst präzisen Fahrplang. Doduerch ass et méiglech fir d’Energiekäschten anzegrenzen an en héige Secherheetsniveau ze garantéieren.
[Änneren] Economie
- "Transport en commun": D’Eisebunn ass per Definitioun e Massentransportmëttel a gëtt als solches vum Stat reglementéiert an ënnerstëtzt (Service public). Den Afloss op den Urbanissem ass nët ze ënnerschätzen an ass e wichtegen Aspekt vun der Landesplanung.
- "Monopolstellung": Wéinst den héigen Investitiounskäschten beim Bau vun Eisebunnsstrecken huet d’Eisebunn eng natierlech Monopolstellung an, am Krichsfall, strategesch militäresch Missiounen.
- "Integréierten Transport": déi staark géigesäiteg an technesch bedéngt Ufuerderungen tëscht der Infrastuktur an dem Zuchbetrib hun an Europa derzou gefouert datt gréisstendeels integréiert Eisebunnsentreprisen entstaane sinn. Dat wëllt soen datt dës Gesellschafte souwuel d’Gestioun vun hirem Streckenetz wéi och d’Exploitatioun vun den Zich bedriwwen hunn. Déi aktuell EU-Politik wëllt an Zukunft d’Exploitatioun vun den Zich opmaache fir all Konkurrent an d’Gestioun vun de Gleisanlagen vu getrennten Entreprisen maache loossen.
[Änneren] Geschicht
[Änneren] Allgemeng
D’Eisebunn gouf 1825 an England "gebuer" an zwar am Zesummenhank mat der industrieller Revolution. Déi éischt Streck um europäische Festland ass an der Regioun vun Saint-Etienne (Frankräich) tëscht 1827 an 1830 a Betrib gaang.
Déi gréisst Entwécklung huet d’Eisebunn an de Joeren 1848 bis 1914 erliewt, haaptsächlech an Europa an a Nordamerika. Nom Éischte Weltkrich huet se Konkurrenz kritt vun den Autoen an de Camionen. Nom Zweete Weltkrich koum nach d’Konkurrenz vun der Aviatioun derbäi.
D’Pëtrolskris vun 1973 huet der Eisebunn e neien Opschwonk bruet. ICE (InterCityExpress) an TGV (Train à Grande Vitesse) goufen entwéckelt an op d’Schinne gesat.
Zu Shanghaï (China) ass eng 43 km laang "Magnéitschwiewbunn" a Betrib geholl ginn. Och dat kinnt e seriöse Konkurrent fir d’Eisebunn ginn.
[Änneren] Zu Lëtzebuerg
Kuckt heizou den Artikel Geschicht vun der Eisebunn zu Lëtzebuerg.
[Änneren] Infrastruktur
- Gleis
- Schinn, Schwell
- Ballast
- Weich
- Signalisatioun
- Stroumversuergung
- Caténaire
- Gare
- Persounegare
- Giddergare
- Rangéiergare
- Kappgare
- Barrière
- Konschtbauten
- Bréck, Viaduc
- Tunnel
[Änneren] Zich
- Zuch, TGV
- Lokomotiv, Damplokomotiv, Diesellokomotiv, elektresch Lokomotiv
- Lokotrakter
- Automotrice
- Autorail
- elektresch Automotrice
- Persounewon
- Wagon
- Spezialzich
- Hëllefszuch oder Opgleiszuch
- Bauzuch, Bourreuse, Régaleuse
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
- Société Nationale des Chemins de Fer Luxembourgeois
- Lëscht vun de lëtzebuergeschen Eisebunnsstrecken
- Lëscht vun den CFL-Garen
- Geschicht vun der Eisebunn zu Lëtzebuerg