Konsdref
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
||||
---|---|---|---|---|
An anere Sproochen | fr.: Consdorf de: Consdorf |
|||
Gemeng | Konsdref | |||
Buergermeeschter | Gilbert Schmit | |||
Kanton | Iechternach | |||
Awunner | ||||
Fläch | ha | |||
Awunner (Gemeng) | 1.748 | |||
Fläch (Gemeng) | 2572 ha | |||
Uertschaften - Gemengen - Stied |
Konsdref ass eng vun den 116 Lëtzebuerger Gemengen.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Uertschaften an der Gemeng
- Alrodeschhaff
- Créispent de: fr: Crispent)
- Kolwent (fr: Colbette)
- Konsdref (de: Consdorf)
- Marscherwald (de: Marscherwald)
- Präitler (de: Breidweiler)
- Scheedgen (de: Scheidgen)
- Wuelper
[Änneren] Geographie
Konsdref läit op ca. 350 m, am Oste vum Lëtzebuerger Land, am Kanton Iechternach, am Zentrum vun der Klenger Lëtzebuerger Schwäiz. D'Gemeng ass ëmzéngelt vu Bäerdref am Norden, Bech a Jonglënster am Süden, Hiefenech a Waldbëlleg am Westen an Iechternach am Osten.
[Änneren] Geschicht
Prähistoresch a réimesch Découvertë loossen drop schléissen, datt Konsdref an engem ale Sidlungsgebitt läit. Konsdref gëtt a verschiddenen Dokumenter aus dem éischte Jordausend schonn ernimmt: 816 als "Cunolphi Villa", 953 als "Conolfi Villa". Am Mëttelalter fanne mer d'Bezeechung "Costurf". D'Uertschaft huet zum eelste Besëtz vun der Tréierer Abtei Oeren gehéiert an ass bis zur Franséischer Revolutioun Zentrum vun der Oerener Grondherrschaft an deser Géigend. D'Existenz vun enger Parkierch zu Konsdrëf ass réischt 1229 nozeweisen, mee Historiker datéieren den Ursprong vun der Par Konsdref ëm d'Joer 700.
[Änneren] Kuckeswäertes
Kuckenswäert ass ënner anerem d'Parkierch aus dem 18. Joerhonnert mat hirem goteschen Tuerm aus dem 12./13. Joerhonnert an dem Altor mat der Bartholomäus-Staue. Konsdref läit an der Klenger Lëtzebuerger Schwäiz, bitt eng ganz Rei vu flotte Promenaden duerch d'Bëscher, mat villen Aussiichtspunkten (op de Sauerdall an de Mëllerdall) an zitt dofir virun allem am Juli/August eng ganz Rëtsch vun Touristen un. D'Géigend zeechent sech besonnesch duerch aussergewéinlech Fielsformatiounen aus, duerch déi d'Spadséierweeër deelweis derduerch féieren (z.B. d'"Kuelscheier" oder d'"Goldfralay").
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
[Änneren] Um Spaweck
- Offiziell Säit vun der Gemeng Konsdref
- Syvicol-Websäit
- Parverband Konsdrëf
- Konsdrëffer Primärschoul
- Syndicat d'Initiative et de Tourisme
- D'Gare vu Konsdref um www.rail.lu
Bäerdref | Bech | Beefort | Iechternach | Konsdref | Mompech | Rouspert | Waldbëlleg