Société Nationale des Chemins de Fer Luxembourgeois
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D' Société Nationale des Chemins de Fer Luxembourgeois (ofgekierzt CFL) ass déi national lëtzebuergesch Eisebunnsgesellschaft.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Geschicht
(Fir d'Virgänger-Gesellschaften, kuckt w.e.gl. den Artikel Geschicht vun der Eisebunn zu Lëtzebuerg).
D'CFL gouf den 14. Mee 1946 gegrënnt.
De Verwaltungsrot war aus 21 Memberen zesummegesat: 11 vu Lëtzebuerg a je 5 aus Frankräich an aus der Belsch.
Am Oktober 1949 huet den deemolegen Transportminister Victor Bodson d'CFL ugestalt fir eng Etude iwwer d'Elektrifikatioun vum lëtzebuergesche Réseau ze maachen. Dës Etude ass de 5. Abrëll 1950 virgeluegt ginn.
De 29. September 1956 ass d'Elektrifikatioun offiziell vun der Grand-Duchesse Charlotte ageweit ginn. Deemools sinn d'Zich vu belschen a franséische Lokomotiven gezu ginn.
Als Ausgläich vun de Käschten, déi beim Bau vun der Muselkanaliséierung entstane waren, huet de franséische Stat dem Lëtzebuerger Stat 20 elektrisch Lokomotiven geschenkt, déi dunn 1958 un d'CFL weidervekaaft goufen.
[Änneren] D'CFL haut
2003 huet d'Moderniséirung vum Fuerpark ugefaang. Et goufe 6 nei Lokomotive geleast.
2004 goufen 20 weiderer vum selwechten Typ bei der Firma Bombardier zu Kassel an Däitschland bestallt. Bei der bestallter Maschinn handelt et sech ëm eng Schwëstermaschinn vun der däitscher Baurei 185.1. Dës Lokomotive goufe bei der CFL als Baurei 4000 (4001-4020) agereit. Si hunn eng Leeschtung vun 5600 kW, dat sinn ongeféier 7600 PS. Bei der selwechter Firma goufen och nach 62 nei duebelstäckeg Voituren an 18 Steierween bestallt. Dat ganzt wor bis September 2005 ausgeliwwert. Dës Zuchgarnituren hunn déi deelweis iwwer 40 Joer al Persounenzich ersat. Weider goufen nach 12 nei Automotricë bei der franséischer Firma Alstom bestallt. Déi al Diesellokomotive vun der Baurei 1800, wat gutt an virun allem zouverlässeg Maschinne sinn, ginn elo no an no all enger grousser Revisioun eenerzunn an da weiderhin am Gidderzuchverkéier angesat.
Vun 2006 u kënnt och den TGV aus Frankräich plangméisseg op Lëtzebuerg an 2007 waarscheinlech den däitschen ICE.
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
[Änneren] Um Spaweck
- Offiziell Websäit vun der CFL
- Association Luxembourgeoise des Amis des Chemins de fer a.s.b.l.
- Groupement des amis du rail a.s.b.l.
An nächster Zäit wäerten déi al Rangéierdiesele vun de Baureien 800/850/900 no an no duerch méi modern Maschinnen ersat ginn. Dëst huet mat der Liwwerung vun deenen neien(geléinte) Maschinnen och schonns ugefaangen. Et sin dëst d'Maschinnen 1501 an 1502 (MAK G1206) an 1101-1106 (Mak G1000BB). Außerdeem koumen nach e puer kleng Lokotraktere vun verschiddenen Hiersteller dobäi. Dës Maschinnen sinn um neisten technesche Stand(ënner anerem hu se en ëmweltschounende Rouschtpartikelfilter am Auspuff), si hunn eng Funkfernsteierung, d.h. den Rangéierer kann nieft dem Zuch stoen, fir ze manövréiren.
Déi al Streckendiesellokomotive vun der Baurei 1800 wäerten den Eisebunnsfrënn nach e puer Joer erhale bleiwen. Am Moment ass nach keng Ofléisung fir dës onverwüstlech Maschinnen a Siicht.
Außerdeem ass et firgesinn dass eng Lok vun der Baureih 800(wahrscheinlech d'804) vum Sites et Monuments als Muséesmaschinn der Nowelt erhale bleiwt(dës Loken sinn ëmmerhin déi dengschteelst diesel-elektresch Lokomotiven an Europa) D'Restauratioun vun der Elok 3608 ass amgaangen. Si wäert nees an den Ausliwwerungszoustand vun 1958 zeréckversat ginn, d.h. bloe Lack a gegossen Nummereschëlter. Och den Westwon 208/218 ass an der Restauratioun. Dës Aarbechte ginn vun der OMB Neustrelitz an Däitschland duerchgefouert. An nächster Zukunft wäerten och dës Gefierer zum betriebsfäegen Muséesmaterial gehéieren.