Tunnel
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
En Tunnel ass e kënschtleche Passage deen duerch e Bierg, ënnert engem Waasserlaf oder soss engem Hënnernes, erduercht féiert.
Et kann e Verkéierswee si fir Zich Autoen, Schëffer oder Foussgänger. En Tunnel kann och ugeluecht gi fir Kanalistiounen oder Leitungen .
Bei Verkéiersweeër kënnen Tunnellen eespureg oder méispureg sinn. De Bau vun Tunnellen ass relativ deier an et gëtt dobäi och grouss Ufuerderungen un d’Wësse vun den Ingenieure gestallt.
Tunnellen an de Bierger ginn am Prinzip am traditionellen Tunnelverfahre gebaut a meeschtens gëtt op den zwou Säite gläichzäiteg ugefaange mat gruewen.. Am flache Land oder do wou et aus landschaftlechen Aspecten wichteg ass datt en Tunnel gebaut gëtt amplaz eng grouss oppen Tranchée ze hunn, ginn Tunnelen oft an oppener Bauweis gebaut, dat heescht de Buedem an Gestengs ginn all ewechgeraumt, da gëtt en Tunnel, meeschtens am Béton armé gebaut, an duerno gëtt en erëm zougedeckt. Bei kuerze Längte schwätzt en dann och vun enger Unterführung.
[Änneren] Wou kënnt de Numm hier?
D’ Wuert Tunnel ass an England entstanen a kënnt vum franséische Wuert tonelle. Duerno huet et de Wee erëm iwwer den Ärmelkanal als tunnel op de Kontinent zréckfonnt.