Autobunn A13 (Lëtzebuerg)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
A13 - Collectrice du Sud, Saarautobunn | ||
Zeechen | N° | Verdeeler |
Biff | ||
1 | Péiteng | |
2 | Suessem | |
3 | Déifferdeng | |
Tunnel Aessen | ||
Tunnel Éilereng | ||
4 | Éilereng | |
A4 Kräiz Lankelz | ||
5 | Lalleng | |
A4 Verdeeler Esch | ||
6 | Schëffleng | |
7 | Keel | |
8 | Bireng | |
A3 Kräiz Beetebuerg | ||
9 | Helleng | |
Tunnel Fréiseng | ||
10 | Fréiseng | |
11 | Altwis | |
Viadukt vun Altwis | ||
Tunnel Munneref | ||
12 | Munneref | |
Tunnel Markusbierg | ||
13 | Schengen | |
Däitsch Grenz A8 |
Déi lëtzebuergesch Autobunn A13 (westlech vum Diddelénger Kräiz Collectrice du Sud, ëstlech dervun Saarautobunn genannt) fängt zu Käerjeng op der Biff un. (fréier Biffurcatioun vun de Nationalstrossen N° 5 an N° 51). Si ass 42,58 km laang. De westlechen Deel war 1994 fäerdechgesallt ginn, den ëstlechen eréischt 2004.
Si leeft dann duerch de Minettsbaseng laanscht Suessem, Éilereng, an Esch-Uelzecht.
Tëschent der Ausfaart Lankelz bis op d'Afzweigung fir op Diddeleng leeft si een Deel iwwer d'A4 op enger Längt vun ongeféier 2 km.
Vun hei dréint se an den Uelzechtdall a geet op der Héicht vu Schëffleng an Näerzeng iwwer dee Floss. Duerno leeft se duerch eng Parti vun der Keeler Gemeng weider ope Diddeleng a Beetebuerg.
Nodeems se iwwer d'Kräiz vu Beetebuerg ewech ass, gëtt se duerch e Bypass kuerz ënnerbrach: Zënter Joeren verhënnert eng Geriichtsaffär, an deeër d'Enteegenung vum Terrain iwwer deen se sollt goen contestéiert gëtt, dass d'Autobunn op e puer Honnert Meter fäerdech gebaut ka ginn.
Dono dréint se an den Dall vun der Gander deem se noleeft bis op Munneref. Op deem Deel ass se op den Terraine vun den Uetschaften Helleng, Fréiseng, Uespelt an Altwis.
Si leeft weider laanscht Elveng, a Biermereng wou se duerch den Tunnel vum Markusbierg geet fir an de Museldall ze kommen.
Iwwer d'Musel geet se mam Viadukt vu Schengen iwwer d'Grenz fir op déi däitsch A8 ze kommen.
Autobunnen zu Lëtzebuerg | ||